Bréissel: huet den Här Asselborn sech an der Dir geiert?

Déi ganz international elektronesch an geschriwwen Press huet gëschter an haut doriwwer geschriwwen, datt d’Hizbullah endlech och an der EU op d’Lëscht vun den terroristeschen Organisatiounen gesat gouf.  Konkret ass awer just nëmmen hiren „militäreschen Aarm“, also hir Märderband, betraff. 

http://www.lemonde.fr/international/article/2013/07/22/l-ue-place-l-aile-militaire-du-hezbollah-sur-la-liste-des-organisations-terroristes_3451024_3210.html

De Monde schreift, eng Rei vu Ministeren hätten sech „réticent“ gewisen. An wen kann dat wuel gewiescht sinn? Kann ieren och de lëtzebuerger Vertrieder do mat geméngt sinn? „Déi konservativ Säit“ mengt nët, well de Jean Asselborn war ganz offensichtlech op enger anerer Reunioun!

De Communiqué vum lëtzebuergeschen Bausseministère iwwer d’Ministechreunioun vum 22. Juli 2013 zu Bréissel seet nämlech keen eenzegt Wuert iwwer d’Decisioun iwwer den Hizbullah!

http://www.mae.lu/Site-MAE/Actualites/Jean-Asselborn-au-Conseil-Affaires-etrangeres-a-Bruxelles-le-lundi-22-juillet-2013

Den Här Asselborn hat sech also bestëmmt an der Dir geiert! E Mann, den wéi hien keng Geleeënheet verpasst fir seng „Sympathie“ fir Israel ze weisen, hätt jo bestëmmt de Kampf géint den Terrorismus oppen ënnerstëtzt an dat och haart an däitlech gesot!

An der lëtzebuerger Press gëtt den Här Asselborn sou zitéiert (LW, 23.07.13):

Laut Aussenminister Jean Asselborn wurde dabei abgewogen zwischen dem Bestreben, die Stabilität im Libanon, wo die Hisbollah in der Regierung vertreten ist, zu erhalten, und der Tatsache, dass die EU Terroranschläge auf ihrem Boden nicht dulden kann. Er halte den nun getroffenen Entscheid für klug, erklärte Asselborn„.

Soll dat also heeschen, datt nom Här Asselborn d’EU der Hisbollah hir Terroraktiounen déi net op hirem Territoire sinn, mee zum Beispill an Israel sollt toleréieren? 

Hoffentlech huet Lëtzebuerg geschwënn en aneren Bausseminister! An zwar een mat enger klorer Haltung zum Terrorismus!

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

2 Kommentare zu Bréissel: huet den Här Asselborn sech an der Dir geiert?

  1. Mike sagt:

    Sorry, awer „Bausseminister“ (héichdäitsch: „Draußenminister“) as genee esou een neolëtzebuergeschen Kabes, ewéi „Spaweck“ (héichdäitsch: „Spinnenweben“); richteg dogéint as „Ausseminister“ (= een Minister fir den Kontakt mat dem Ausland) an „Internet“ ( = een internationalt Netzwierk)!

  2. Joseph sagt:

    Sorry, mee “baussen”=”dehors; à l’extérieur”=”außen”, an net nëmmen “draußen”! Esou gët et z.B. op luxdico iwwersat, grad ewéi z.B. “Baussespigel” fir “Außenspiegel” oder natiirlech ganz einfach “baussen” fir “außen”. “Ausseminister” ass Kabes an nach méi d’”Explicatioun”, datt dat vum Kontakt mam Ausland komme soll! Äerer Logik no ass den “Außenspiegel” (op lëtzebuergesch Baussespigel) da sécher e Spigel, fir an d’Nopeschlänner an nach méi wäit ze gesin oder fir de Kontakt mat anere Länner?? 🙂 Wou Der nëmmen op esou eppes kommt…?! Idem fir Äere “Spinnenweben”, e Wuert, dat et am Duden emol guer net gët! An also och KEEN Houdäitsch ass (grad ewéi “Draußenminister”!)!! Den Duden schreift als 1. Synonym wat?? Ma “Netz”!!! (Et gët “Spinnengewebe” a “Spinnwebe”, grad esou Synonymer fir “Netz”=Spaweck!)
    Dir hutt bestëmmt och esou eng “Explicatioun” fir de Banneminister, Dir “Spezialist” vun der Lëtzebuerger Sprooch!…

Schreibe einen Kommentar zu Joseph Antworten abbrechen

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert