Klarmachen zum Kentern: d’Piraten kruute 0,76% an Eisterräich

Well net jiddereen sou e begeeschterten Eisterräich-Fan ass wéi ech (ëmmerhin hunn ech véier Joer an dem wonnerschéine Land gelieft), verfollegt och vläicht net jiddereen déi éisterräichesch Walen mat där selwechter Passioun.

Awer trotzdem: no dene beandrockende 2,2 % an Däitschland, lo 0,76% an Eisterräich: Bravo, Piraten!! Aere Slogan ass vun haut un net méi „Klarmachen zum Aendern“, mee „Klarmachen zum Kentern“.

Wie wëll gesinn, wéi originell déi lëtzebuergesch Pirate wierklech sinn, brauch iwwregens nëmmen d’Spaweckssäiten vun denen däitschen oder vun denen éisterräichesche Piraten ze kucken. Do steet praktesch dee selwechte Programm an do sinn och bal déi selwecht Plakater.

https://www.piratenpartei.at/

http://www.piratenpartei.de/

Jiddefalls kann ee feststellen, datt mir vun dene 9 Parteien hei am Land dräi  Copy/paste-Parteien hunn déi praktesch identesch Programmer wéi hir auslännesch Mammeparteien hunn: d’Piraten, déi Gréng an déi Lénk. Bei der CSV an der LSAP gëtt et och grouss Aehnlechkeeten mat hiren auslännesche Schwësterparteien duerch déi europäesch Parteiezësummeschlëss. D’Kommunisten kommen an de Musée an d’PID an d’Muppets-Show.  Déi Blo si schwéier mat iergendengem ze vergläichen well si kee Programm a kee Profil hunn. Et bleift d’ADR als authentesch, lëtzebuergesch Partei!

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

2 Kommentare zu Klarmachen zum Kentern: d’Piraten kruute 0,76% an Eisterräich

  1. Erik Zeimet sagt:

    😉 Villverspriechen fir d’ADR as jo och, datt souwuel an Däitschland mat der AfD, ewéi och an Éisterräich mat der FPÖ, déi euroskeptesch („éierlech“), wertorientéiert („sozial“) an patriotesch („lëtzebuergesch“) Alternativ aus der fräiheetlech-demokratescher Mëtt staark zougeluecht huet!

Schreibe einen Kommentar zu Erik Zeimet Antworten abbrechen

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert