Automateschen Asyl fir Homosexueller zu Lëtzebuerg!

Déi éicht Kummer vum Verwaltungsgeriicht huet den 23. Oktober 2013 en Uerteel geschwaat, dat entraînéiert, sollt et net nach gekippt ginn, dat homosexuell Persounen aus Länner déi homosexuell Handlunge verbidden, zu Lëtzebuerg quasi automatesch mussen Asyl kréien. Am konkrete Fall goung et em e wahrscheinlech algeresche Staatsbierger (ouni Pabeieren).

Dësst Uerteel ass fir mech net nozevollzéien an et kann dramatesch Konsequenzen fir d’Entwécklung vun der Asylsituatioun hei am Land hunn. Wen dësst Uerteel ganz liest – an et „lount“ sech fir den Effort ze maachen – ka sech nëmme wonneren. E Mann den den Territoire vun der EU an Italien betrueden huet an ouni Pabeieren hei zu Lëtzebuerg ass, kritt hei politeschen Asyl ouni  sech – wéi d’Regierung et a mengen An korrekt festgestallt huet – an enger perséinlecher Verfolgungssituatioun oder an enger Gefor ze befannen. 

http://www.fichier-pdf.fr/2013/10/29/jugement-du-ta-du-23-10-2013/

Ech iwwerloossen et de Juristen d’Argumenter vum Tribunal juristesch ze préiwen. Ech halen se perséinlech fir vollkommen iwwerzunn. Politesch soen ech awer kloer an däitlech, datt sou Uerteeler vill ze vill wäit ginn.   

An do huet d’Chamber natierlech hir Verantwortung. Dat Gesetz op dat sech hei bezu gëtt gouf de 15. Mee 2013 an der Chamber gestëmmt. Ech wor vun dene 60 Deputéierten den eenzegen den dat Gesetz net mat gestëmmt huet, ebe just wëll ech sou Entwécklunge gefaart hunn. Dat Gesetz berifft sech op de „genre“ (Gender) an a ganz vagen Termen op eng „appartenance à un certain groupe social“. Sou ideologesch an onpräzis Formuléierungen si fir mech net akzeptabel.  De massive Mëssbrauch vum Asylrecht ass virprogramméiert.

Den Artikel 32 vum Gesetz vum 5. Mee 2006 gouf duerch dësst Gesetz vum 19. Juni 2013 sou modifizéiert:   

«Les aspects liés au genre, y compris l’identité de genre, aux fins de la reconnaissance de l’appartenance à un certain groupe social ou de l’identification d’une caractéristique d’un tel groupe sont dûment pris en considération.»

 http://www.chd.lu/wps/portal/public/RoleEtendu?action=doDocpaDetails&backto=/wps/portal/public&id=6507#

Ech woe net mir virzestellen zu wéi enge Situatiounen sou eng Legislatioun mat sou enger Jurisprudenz vun engem Verwaltungsgeriicht ka féieren. A wann déi zukünfteg Lénksregierung sech kann duerchsetzen, kréien déi do Asylanten och nach d’Walrecht fir d’Chamber.

Aktualiséierung (7.11.13):

 http://www.tageblatt.lu/nachrichten/europa/story/Recht-auf-Asyl-31420530

 

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

9 Kommentare zu Automateschen Asyl fir Homosexueller zu Lëtzebuerg!

  1. Claude Biver sagt:

    Homosexueller ginn an Algerien verfollegt. Op Homosexualitéit steet Prisong (2 Méint+) an/oder Geldstroof vun 500-2000 Dinar. Genau sou wéi a Russland wou souguer systematesch Juegd op Homosexueller gemeet gëtt. Asyl fir sou Leit ass also méi wéi nëmmen gerechtfäerdegt a wann Dir dogéint sidd, dann ënnerstëtzt dir d’Hetzt op Homosexueller an deene Länner weider.

    • fkartheiser sagt:

      Här Biver,

      ech bedaueren den Toun vun Aerem Kommentar. Dir schengt dat russescht Gesetz iwwregens schlecht ze kennen. Dir iert Iech, wann Dir mengt ech geng eng Hetz op Homosexueller ënnerstëtzen. Ech deelen awer d’Argumentatioun vun der Regierung an dem hei zitéierte Prozess. Ausserdem sinn ech der Meenung, datt Grënn fir Asyl ze kréien musse präzis am Gesetz stoen. Begrëffer wéi „Gender“, déi d’Wouerecht vun der mënschlecher Geschlechtlechkeet duerch eng ideologesch a linguistesch Dekonstruktioun wëlle verleegnen, gehéiere net an e Gesetz.

      Ech sinn ausdrécklech géint en allgeméngt a net weider qualifizéiert Recht op Asyl fir homosexuell Persounen. Déi Argumenatioun vun der Regierung zugonschten vun enger Eenzelfallpréifung ass a mengen An vill méi adäquat.

      Mat beschte Gréiss,

      Fernand Kartheiser

      • Claude Biver sagt:

        Bësse Lektür fir ze gesinn dass een net nëmmen d’Gesetz mä och d’Ëmstänn a Russland muss kucken:

        http://www.sueddeutsche.de/politik/homosexuelle-in-russland-wenn-der-stadtbummel-zur-propaganda-wird-1.1750154

        http://www.welt.de/print/wams/politik/article118894367/Gewaltwelle-gegen-Schwule-in-Russland.html

        Dat sinn nëmmen zwee vu villen Artikelen déi déi aktuell Situatioun a Russland rëmspigelen. Wann Leit, déi offen zu hirer sexueller Orientéierung stinn, sech net méi kënnen op d’Strooss trauen, well se verfollegt an/oder zerschlo ginn, da gëtt de Rechtsstat sengem Rôle net méi gerecht. Wa sou Leit ëm hiert Liewen flüchte mussen, leeft eng schif.
        Dass Lëtzebuerg, e fräit Land, sou Leit dann ophëlt an hinnen Asyl gëtt, well se am Heemechtsland net sécher sinn, schéngt mer evident.

        • Marcus Miden sagt:

          Natirlech, Letzebuerg huet jo d’Kapaziteit fir potentiell Milliounen Leit opzehuelen.

          Asylromantik ass schein an gudd mais muss och iegendwann den Kalkuel gemach gin, op et iwerhapt meiglech ass den Konsequenzen Rechnung ze droen.

          Ofgesin dovun, wei well dir engem Wirtschaftsfluechtling beweisen dass hien net Homosexuell ass? Als eng Persoun dei schon mat der Immigratioun geschaft huet, kann ech iech just soen dass Immigratiounstouristen extrem Kreativ sinn.
          An gidd domad dovun aus, dass jidereen sech als Homosexuellen deklareiert.

          Wei well dir domad emgoen?

  2. Här Kartheiser,

    Et handelt sech ebe grad net ëm en „allgemengt a net weider qualifizéiert Recht op Asyl fir homosexuell Persounen“ (woubäi ech mech froen, wou do de Problem géing leien). Wéi de Claude Biver richteg festgestallt huet, ginn Persounen aus der LGBTQ+-Communautéit a Länner wéi Algerien a Russland systematesch verfollegt an diskriminéiert. Ech well iech als Beispill just en kuerze BBC-Beitrag aus Russland weisen: http://www.youtube.com/watch?v=Ja34YJ1jKz8

    D’Recht op Asyl ass en Mënscherecht. An Flüchtling ass all Persoun, déi „aus der begründeten Furcht vor Verfolgung wegen ihrer Rasse, Religion, Nationalität, Zugehörigkeit zu einer bestimmten sozialen Gruppe oder wegen ihrer politischen Überzeugung sich außerhalb des Landes befindet, dessen Staatsangehörigkeit sie besitzt, und den Schutz dieses Landes nicht in Anspruch nehmen kann oder wegen dieser Befürchtungen nicht in Anspruch nehmen will.“ (Art. 1 Genfer Flüchtlingskonventioun)

    Dofir misst et a mengen Aen selbstverständlech sinn, dass Lëtzebuerg Leit, déi an ähnleche Geforesituatioune liewe muss, ophellt an hinne Schutz bitt.

    • fkartheiser sagt:

      Här Sehovic,

      ech mengen, datt et ganz wichteg ass sou privat a kriminell Initiativen wéi déi vun de „Vigilanten“ aus dem Reportage aanecht ze bewäerten wéi déi offiziell russesch Legislatioun. Homosexualitéit ass a Russland net verbueden, mee just „homosexuell Propaganda“ wa si Mannerjähreger kann erreechen.

      Ech mengen, datt et Russland, genee sou wéi ons, fräisteet Gesetzer fir de Jugendschutz unzehuelen, och wann dat, aus verständleche Grënn, an dësem Fall denen Homosexuellen net gefällt. All Gesellschaft, och déi russesch, kann iwwer hir Waertvirstellungen selwer Decisiounen huelen. Och dat ass en Ausdrock vun Toleranz fir dat Recht unzëerkennen. Ech gesinn an dem Gesetz kee Verstouss géint international unerkannte Mënscherechter, well jo dat individuellt Recht op eng homosexuell Orientéierung net a Fro gestallt gëtt.

      Wann Dir awer der Meenung sitt, datt dat de Fall ass, da nennt mir wann-ech-gelift déi Dispositiounen déi hei verletzt gi wären. Ech léieren ëmmer gär eppes dobäi!

      Mat beschte Gréiss,

      Fernand Kartheiser

      • Claude Biver sagt:

        Här Kartheiser,

        Ass et fir Ierch dann okay, dass a Russland déi Leit sou verfollegt ginn? Mussen an ären An Leit per Gesetz diskriminéiert ginn, ier se Asyl kënnen ufroen, well d’Alldagsrealitéit geet Iech jo net duer, wéi et schéngt?
        Wann der dës Froen mat „JO“ äntwert, wisou soll dann een aus Algerien keen Asyl kréien? Do ginn se jo duerch d’Gesetz diskriminéiert?

        Ech mengen dass Dir einfach kee richtegt Argument hudd, mä einfach nëmmen iwwerhapt keng AsylbewerberInnen hei am Land wëllt, egal ob déi verfollegt ginn oder net. Da sot dat!

        Gëschter huet zu St.Petersburg iwwregens en LGBTQ+ Aktivist en An verluer bei engem Ugrëff verluer: http://www.queer.de/detail.php?article_id=20359
        Ech weess net, wéi vill Beweiser een nach liwwere muss..

        • fkartheiser sagt:

          Här Biver,

          Fir mech ass et net an der Rei wa Leit verfollegt ginn, woubäi awer dat Gesetz iwwer homosexuell Propaganda keng Verfolgung ass. Am internationalen, ëffentleche Recht ass déi Méiglechkeet fir Asyl ze kréien selbstverständlech u Conditioune gebonne. http://www.bpb.de/nachschlagen/lexika/recht-a-z/21849/asylrecht

          Ech denken, datt och hei zu Lëtzebuerg e selbstverständlech Recht op Asyl, a Conformitéit mam internationalen, ëffentleche Recht, muss bestoen.

          Mat beschte Gréiss,

          Fernand Kartheiser

  3. Claude sagt:

    Här Biver, Äer Commentare sin am allgemengen am Toun an am Contenu dernieft! Wat mech och immens stéiert ass, datt Dir den Här Kartheiser iwwerhaapt net kennt, an et ass allerhand, vun Iech an aneren, fir him iirgendeppes ze ënnerstellen, wéi hei elo d’Ënnerstëtzung vun der Hetz op Homosexueller, an dat just, well Dir net amstand sidd, fir sachlech ze iwwerleeën an ze argumentéieren!

Schreibe einen Kommentar zu Marcus Miden Antworten abbrechen

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert