D’WOXX géint, déi Konservativ fir d’Fräiheet

Déi lénk-gréng Zäitschrëft WOXX huet haut, dem 31. Januar 2014, ënner dem Titel „La bête brune se réveille“ ën Artikel publizéiert, den alt nees weist, datt déi politesch Lénk méi um Polemiséieren an um Polariséieren interesséiert ass wéi un der politescher Diskussioun.

Op déi Internet- a facebooksäiten rondrëm d’Lëtzebuergescht, déi an dene leschten Deeg sou vill kommentéiert goufen, well ech am Abléck net weider agoen. Just awer ee Wuert iwwer déi Manéier vun där lénker Zäitschrëft fir Leit ze diffaméieren déi aanescht denken wéi si.   

Ech wiere mech decidéiert géint déi Banaliséierung vum Nationalsozialismus déi d’Konsequenz vun där vill ze vill séierer Diffaméierung vu politeschen Opponenten als „bête brune“ bedeit. Wann herno jiddereen den hei am Land riets vun där mëtt-lénker CSV steet, als „brong“ bezeechent gëtt, sou weist déi Tendenz op enorm Defizienzen bei der politescher Analys, jo, der politescher Bildung hin. Mir verléieren hei am Land ëmmer méi dee klenge Rescht  vun där leider schonn ganz limitéierter Diskussiouns- an Differenzéierungskultur déi mir nach haten.  Wann hannert sou Artikelen ausser Onwëssen an Onverméien ieren och nach eng Absicht stëcht, dann kënnt eng grouss Gefor fir eis Demokratie aus dem lénken Eck.  

Jiddereen den patriotesch, chrëschtlech, konservativ oder soss op eng Manéier denkt déi dem „politesch korrekten“ Eenheetsschema vun dene Lénken net an de Krom passt, gëtt wëll als „Rietsradikale“ bezeechent, als „bête brune“ déi muss bekämpft ginn. Eng Diskussioun ass net méi erwënscht, just nach den verbale Krich. 

An dem WOXX-Artikel ginn dann och Leit déi géint d’Homosexuelle-„Bestietnis“ sinn,  global als „homophob“ duergestallt, obschonns et eng Abberzuel vun éichtklassegen Argumenter géint déi gesellschaftlech Entwécklung gëtt déi näicht mat enger „Angscht virun Homosexuellen“ (Homophobie) oder ieren enger anti-homosexueller Astellung ze dinn hunn.  Mä och hei gëllt: léiwer diffaméieren wéi diskutéieren, léiwer discreditéieren wéi discernéieren.   

Ech ginn de Sonndeg op d’Kinnekswis net nëmmen well ech aus ville gudde Grënn géint d’Homosexuelle-„Bestietnis“ sinn, mä och well ech nach fir d’Fräiheet hei am Land well astoen: d’Fräiheet fir därfen aanecht ze denken, d’Fräiheet fir därfen fir chrëschtlech Prinzipien anzestoen,  d’Fräiheet fir eng lieweg a pluralistesch Demokratie ze verdeedegen.

Et det mer leed, WOXX, ech loosse mech net vun diffaméierende Kommentaren vu mengen Iwwerzeegungen ofbréngen.

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

20 Kommentare zu D’WOXX géint, déi Konservativ fir d’Fräiheet

  1. Ronald Kwiatkowski sagt:

    Ech mierken un, dass den Auteur vum Woxx-Artikel net all „Aneschtdenkenden“ als Rassist ofstempelt. E schwätzt vun enger Säit (an dorops bezitt sech evidenterweis den Titel „bête brune“, net op Iech), déi sech ganz réel duerch faschistoïd a friemefeindlech Posts a Commentaire bemierkbar gemaach huet, op engem Niveau dee keen Zweiwel un der Béiswëllegkeet léisst.
    Zur Homophobesaach: den Auteur schätzt an engem inklusive Sënn, net an engem exklusiven. Äeren Awand ass domat nichteg.

    Schliesslech nach eng perséinlech Saach: et gett mir schlecht, wann ech äeen exklusive Usproch op d’Wuert „Famill“ feststellen.

    D’Wuert kënnt aus dem Latäineschen a bedeit, an Ofwiesenheet vun all Sexus:
    „Häusgemeinschaft“.

    Mat frëndleche Gréiss,
    Ronald Kwiatkowski

    • fkartheiser sagt:

      Gudden Owend, Här Kwiatkowski!

      Villmools Merci fir Aere Kommentar. Wann ronn een Drëttel vun engem Artikel den d’Iwwerschrëft „La bête brune se réveille“ sech mat dem (kathoulesche) Widderstand géint d’Homosexuelle-„Bestietnis“ beschäftegt, da schéngt et mir politesch méi wéi legitim ze sinn unzehuelen, datt den Auteur, op d’mannst ënner anerem, wollt d’Katholiken an d’Noperschaft vun de Nationalsozialiste réckelen. An anescht wéi d’Auteuren vun dene Spaweckssäiten déi de WOXX-Journalist anscheinend sou vill stéieren, ginn ech och – als eenzegen – an dem Artikel mat Numm genannt – wéi gesot ënner der Iwwerschrëft: „La bête brune se réveille“. Aer Kasuistik an Eieren, mä a mengen An ass eng vun denen politeschen Intentiounen vun dem Artikel ganz kloer d’Diffamatioun vun de Katholiken.

      A wann eng Famill eng Hausgemeinschaft si soll – wat meng Kenntnis vum laténgesche Stamm vun dem Wuert allerdéngs net komplett rëmspigelt – da misst de PACS den Homosexuellen jo eigentlech duergoen. Mä et geet hei ganz kloer ëm d’Gläichstellung mat denen heterosexuelle Koppelen am Bezuch op Kanner. An Dir kennt meng Aentwert op déi Fuerderung: si ass e kloren NEEN.

      Mat frëndleche Gréiss,

      Fernand Kartheiser

      • Ronald Kwiatkowski sagt:

        Gudden Owend, Här Kartheiser,

        sou ganz kann ech dat net gëlle loossen, ëmmerhin hat och déi historesch bête brune den Homosexuellen och d’Gläichstellung verwiert. Den Effet ass sécherlech anescht, de Prinzip ass awer gläich, an zwar: ongläich.

        A wéi der ganz richteg bemierkt, et geet em d’Kanner. Net em irenteppes anescht. Dass e Kand net zwangsleefeg eng Mam an e Papp bräuch, dat seet Iech d’Realitéit. Trotzdem dréinen d’Kanner net méi duerch wéi an „intakten“ (reste à prouver) M/F-Hausgemeinschaften.

        Ech hun nach net een mënschewierdegt Argument héieren, wat den Homosexuellen d’Kapazitéiten an d’Autoritéit vun der Kannererzéihung ofschwätzt. Net eent. Nach ni.

        Mat frëndleche Gréiss,
        Ronald Kwiatkowski

  2. Jacques Guddebour sagt:

    Erklärt mer nach eng Kéier, wéi een fir Fräiheet a Pluralismus antrett, andeem ee Saache verbitt? Et hellt jo awer keen Iech eppes ewech, wann Lenkser sech bestueden dierfen. An wann se Kanner adoptéiren, da jo souwisou nemmen däer aus net-kathoulesche Verhältnisser. Déi streng kathoulesch wuesse jo alleguerten bei Mamm a Papp op, sou wéi vu Roum gewollt…

  3. Marie Schanck sagt:

    Wat mech bei der Gläichstellung vun Homosexuellen mat heterosexuellen Koppelen
    am Bezuch op d’Adoptioun vun Kanner beonrouegt ass des Ausso vum Volker Beck:
    „Allein eine Mobilisierung der Schwulenbewegung für die rechtlich gesehen im Gegensatz zur Pädosexualität völlig unproblematische Gleichstellung von Homo- und Heterosexualität durch die Streichung des § 175 StGB und für die Rechte der Homosexuellen wird das Zementieren eines sexualrepressiven Klimas verhindern können – eine Voraussetzung, um eines Tages den Kampf für die zumindest teilweise Entkriminalisierung der Pädosexualität aufnehmen zu können.“ Der pädosexuelle Komplex“ (Joachim S. Hohmann (Hrsg.), Verlag Foerster, Berlin, 1988, ISBN 3-922257-66-6)

  4. Luc Caregari sagt:

    Léiwen Haer Kartheiser,

    Souvill et mech och ëmmer freet wann eis kleng schmock Wochenzeitung Beuechtung fënnt, fannen ech awer dass ech op desen Blogeintrag – a mengem Numm aleng, vu datt ech den Auteur vun déier Brève do sinn – réagéieren well.

    1) « Woxx geint Fraiheet » ? – wann ech richteg verstaanen hunn, sidd dier et deen Homosexuellen Mënschen well verbidden sech ze bestueden an Kanner ze kréien, bzw. ze adoptéieren. Ech sin au contraire fir d’Fraiheet vun jiddferengem, och aerer. Mais dann musst der och meng akzeptéieren : an di besteet doranner, dass ech aer Positoun als homophob ugesinn.
    2) Zur « bête brune » : Daer wesst ganz genau, waat op deenen Saiten leeft. Do gëtt den Patriotismus an Léift zu der Sprooch als Feigenblättchen mëssbraucht vir dem Rassismus fréien Laaf ze loossen. Daat huet naischt méi mat Patriotismus ze dinn, an ass en beléiwtent Argumentatiounsmuster vun der Extrême-Droite. De Patriotismus gett vorgeschoben vir « Meenungen » vir ze brengen, di u sech naischt aaneschters wi Hetz geint Aanerer sinn. An ier daer mier « Onwëssen » ennerstellt, empfehlen ech ierch dem Lucien Blau seng « Histoire de l’extrême-droite au Grand-Duché du Luxembourg » ze liesen – do ass e ganz intéressant Kapitel dran, daat beschreiwt wéi di Rietsextreem Bewegungen noom 2. Weltkrich sech am « Kampf » vir eis Sprooch nees zesummenfonnt hun. Et ass also bei waitem naischt Neies, wann d’Verdeedegung vum Lëtzebuergeschen mat brongem Gedankengutt kollidéiert. An ech sinn es midd, dass eis Sprooch, di ech och ganz gaeren hunn, emmer nées mëssbraucht gett vir sou e Gedankengutt ze validéieren. Et gin sécher och Lait di dat Lëtzebuergescht verdeedegen ouni Rassisten ze sinn – zu deenen ech mech och zielen – mais et ginn och vill daer aanerer.
    3) Jo, daer sidd homophob. Point à la ligne. Ween Homosexuellen well d’Bestiednis verbidden kann net aaneschters genannt gin. Well d’Fro ass di heiten : Waat geet et ierch eigentlech un ? Dier sidd net homosexuell an hudd eng Famill (huelen ech mol un) – also firwaat aaneren Lait eppes verbidden waat ierch och zougestaan gett ? Am groussen Ganzen verhällt et sech d’selwescht mat der Euthanasie an mat der Oofdréiwung : daat sin Saachen di souwisou geschéien. Et gett emmer oofgedriwwen an euthanaséiert. An e schlauen Gesetzgeber hëllt daat zur Kenntnis an schaaft en legalen Rahmen an deem daat geschéien kann. Sou gett et keng Grozon. An keen Mënsch ass gezwongen Euthanasie fir sech an Usproch ze huelen, keng Fra ass gezwongen oofzedreiwen an keen Homosexuellen gett gezwongen oofzedréiwen. Et geet nëmmen drëms eppes méiglech ze maachen waat et souwisou gett. Wann eng Homokoppel sech well bestueden geet se eben an d’Belsch daat maachen, an wann se well adoptéieren mecht se et eben och iwert d’Belsch oder en aanert Land. Also firwaat d’Aen zoumaachen ? Et kennt jo keen zu schued wann daat erlaabt gëtt. An et ass och net verbueden di Méiglechkeeten bewosst net an Usproch ze huelen.
    4) An eng läscht Saach : Katholizismus mat Faschismus an Verbindung ze brengen ass falsch ? Aha… froot mol a Spuenien no, an liest mol e puer Geschichtbicher.
    Voilà, ech giff lo soen, bis moar Haer Kartheiser, mais wi ech matkritt hunn, huet Mme Polfer aer kleng Veranstaltung net autoriséiert.
    Haerzlechst,
    Luc Caregari

    • fkartheiser sagt:

      Gudden Owend, Här Caregari!

      Dir hutt de Courage Iech als Auteur ze „outen“ – Kompliment. Aer Zeilen maache mir awer Suergen – net wéinst dem wat Dir iwwer mech schreift well ech si jo u Kritik gewinnt – mä Aer Manéier fir ze denken. Eis ënnerscheed eppes Grondsätzleches: Dir interesséiert Iech menger Meenung no net genuch fir dee Schwaachen. Dir denkt Iech net an d’Situatioun vun de Kanner an homosexuelle Koppelen eran, net an d’Méiglechkeet vun engem Mëssbrauch vun der Euthanasie, net an d’Dramatik vun der Ofdreiwung. Dat kënnt Iech wahrscheinlech alles melodramatesch oder iwwerdriwwe vir, mä fir mech ass et den etheschen Optrag vum Politiker un éichter Plaatz un dee Schwaachen ze denken.
      Aer Argumentatioun betruechten ech als verkierzt. Et gëtt z.B. vill an éichtklasseg Literatur zu der Thematik vun homosexuellen Bestietnisser an de Kannerrechter an dem Kontext an ech mengen Dir sollt déi liesen fir méi e komplett Bild ze kréien. Ech recommandéieren Iech z.B. dem Här Alain Thorn säi Buch „L’intrusion honoparentale“.
      Ech muss Iech awer entäuschen, ech sinn net „homophob“ mä ech verdeedegen konsequent d’Rechter vun de Kanner. Dat ass eppes ganz aanecht wéi e „Recht op e Kand“ dat kee Mënsch huet oder däerf hunn, och keen Heterosexuellen.
      „Homophobie“ ass iwwregens och en zimlech nebulöse Begrëff den politesch staark gebraucht a virun allem mëssbraucht gëtt. Well gëlle Wësseschaftler schonn als „homophob“ wann si iwwer d’Uersaachen vun der Homosexualitéit wëlle fuerschen. Iwwwerall gëtt et well Denkverbueter an Tabuen an sou Zäitschrëften wéi WOXX droen leider dozou bäi. Mat dem Virworf vun der „Homophobie“ wëllt Dir Kritik ënnerbannen an Aer politesch Géigner veronsëcheren – mä dat fonctionnéiert bei mir net. Ech halen op sou Saachen wéi Denk-, Meenungs- a Riedfräiheet.
      An wat déi spuenesch Geschicht ugeet: wat halt Dir dann vun de Massenexekutiounen vu kathoulesche Priesteren an den 30er Joeren?

      Haerzlechst,

      Fernand Kartheiser

  5. Ronald Kwiatkowski sagt:

    An nach eng kéier gudden Owend,

    d’Madame Schank wollt ech d’aller éischt emol froen: wat huet eng Ausso vum Volker Beck aus dem Joer 1988 mat der Homo-Adoptioun 2013 zu Lëtzebuerg ze din? Maacht dir en Ënnerscheed tëscht Pädophilen an Homosexuellen, Madame Schank? Mat all Respekt, wësst Dir vu wat Dir schwätzt?

    Här Kartheiser, ech wëll Iech versëcheren, dass ech d’Diskussioun wëll um argumentativen Niveau halen. Och ech hat mir awer an aller Oppenheet iwwerluecht mat zwee bis siwenzéng flotte Bannersprëch opzedäuchen an Iech an de selekt(iv)e Familien gewaltlos de Bass ze halen. Sou wéi meng gutt Erzéihung a mäi Gewëssen et fuerderen, béides muss jo gläichzäiteg goen.

    Nët dass et mer drëms gaange wier, äer Grondrechter ze verletzen, ma well ech et verheerend fannen, wa Messagen an d’Ëffentlechkeet kommen, déi entweder carrément falsch sin oder déi ech, bei beschten Wëssen, fir falsch oder moossgiewlech falsch halen. Net ethesch falsch, net moralesch falsch. Wëssenschaftlech falsch, juristesch falsch.

    An der Definitioun vum Homosexuellen läit just eng Eegenart. Eng eenzeg. Déi huet mam Pitti ze din, a fir genderneutral ze sin, mat der Mumu. Wann also deen eenzegen Ënnerscheed mam Pitti a mat der Mumu ze din huet, dann ass et zwéngend dass all Argument, dat probéiert doräus eng Diskriminéierung (am Sënn vum Wuert) ze konstruéieren, sech op de Pitti an d’Mumu bezitt. Da seet de Pitti an d’Mumu eis, wéi mir d’Gesetzer schreiwen. Mat mengen Excusen fir déi emschreiwend Wuertwiel, mengt dir net, mir sollten esou Geschichten aus der Riechtssprechung eräusloossen?

    Et ass jo net esou wéi wa mir keng Heimkanner hätten. Heim, dat ass ëmmer flott, ech ka mech un e puer Kollegen erënneren. Déi hätten sech vum E.T. adoptéiere geloss. A wee wees wou esou en Alien iwwerall mat sengem Liichteféngerchen sou dru geet.

    Nennt et homophob, homosuspiciéis oder homonetdaccord. Ech loossen Iech äert Recht vun der Meenung. Firwat verwiert dir dräi Mënschen d’Recht op Mënschewierd? D’Urecht op platonesch, elterlech Léiwt, Harmonie an subsequent Gléck? Wéinst dem Pitti? Der Mumu? Echt?

    Mat fréndleche Gréiss,
    Ronny Kwiatkowski

  6. Martine sagt:

    – LC: Wee géint d’Bestiednes vun Homosexuellen ass, ass NET automatesch homophob! Soss ass z.B. och jidfereen, dee Kanner keent kréien, mee keng wëllt, géint Kanner! Mierkt Der, wéi primitiv datt Der „räsonnéiert“? Een, deen esou eng Ausso iwwert e Mënsch mécht, deen en net emol perséinlech kennt, d.h. richteg kennt, ass complett intolerant v-à-v vun anere Meenungen, an näischt anescht! Äer Intoleranz kritt Dir och net verstoppt duerch Verdréinen an an aner Wieder apaken! Mat Fräiheet huet Äer Diffamatioun iwwerhaapt näischt ze doen, mee vun Droit hutt Dir Äerem ganze Geschreifs no souwisou keng Ahnung. An am Géiesaz zu Iech kennen ech den Här Kartheiser perséinlech a weess, datt hien NET homophob ass!
    – „Am groussen Ganzen verhällt et sech d’selwescht mat der Euthanasie an mat der Oofdréiwung : daat sin Saachen di souwisou geschéien. Et gett emmer oofgedriwwen an euthanaséiert. An e schlauen Gesetzgeber hëllt daat zur Kenntnis an schaaft en legalen Rahmen an deem daat geschéien kann. Sou gett et keng Grozon. “ Méi onsachlech an onjuristesch geet et net! Da kann ee grad esou soen: Abréch, Kierperverletzungen, Doudschléi, etc. „sin Saachen di souwisou geschéien“, also: e legale Cader schafen „an an deem daat geschéien kann“, etc.. Mierkt Der och hei, wéi primitiv datt Äere „Räsonnement“ ass? An dat nennt Dir e „schlaue Gesetzgeber“?? Méi DOMM geet et net…!!
    – Ech sin es midd, datt de Patriotismus ëmmer nes mëssbraucht gët vu lénks fir e géint d’Patrioten ze gebrauchen! Hei am Land gin et kaum Rietsextremer (gutt, datt déi och hei kee Fouss op de Buedem kréien), mee vill Patrioten, déi es midd sin, als Rassisten diffaméiert ze gin!! KEE Mënsch huet d’Recht dozou! Gitt Iech emol endlech domat, dat ass complett schwaach an aarmséileg!!!
    – Dir kommt mat elauter Saachen aus der Vergaangenheet. Also sin an Äerer Logik déi Wäiss Rassisten, déi Däitsch Nazien, etc., well dat jo bei villen esou an der Vergaangenheet wor!? Den RK, dee freet, wat „eng Ausso vum Volker Beck aus dem Joer 1988 mat der Homo-Adoptioun 2013 zu Lëtzebuerg ze din“ huet, wëllt dogéint vun der Vergaangenheet näischt wëssen, well se do eben net an de Krom passt! Also: probéiert emol dat eenzeg Richtegt: sachlech, correct (juristesch a wëssenschaftlech) a fair discutéieren an argumentéieren! Dovun ass an Äere Commentaren iwwerhaapt näischt ze fannen!
    An dofir bewiirkt Der mat Äerem Geschreifs bei intelligente Leit just Kapprëselen!

    • Ronald Kwiatkowski sagt:

      Madame Martine, dir dierft mech net erun zéihen fir d’Geschicht ze niéieren. Ech denken dass d’Geschicht e wichtege Fundus ass fir d’Géigewaart op kreativ Art a Weis friddlech ze gestalten, wann net dee wichtegsten. Mä net alles wat en Dabo an der Weltgeschicht emol gesot huet, ass och wouer. Ween d’Geschicht begräift, dee wees dass sech déi „lénk Entluedung“ an de 70er an den 80er sech schlëmm Faux-Pas’e geleescht huet. Keen ass haut nach RAF-Sympathisant, an och d’Pedodiskussioun vun de Lénken ass Schnéi vu gëschter.

      Eng aner Saach, déi ech emol gewosst wëll wëssen: Kannererzéihung, Pädophilie an Analverkéier sin dräi verschidde Saachen. Et gëtt tëscht deene Begrëffer kee kausalen Zesummenhang. Dat ass Intellekt, Madame Martine. Sou fonktionéiert dat.

      An dat fuedemschäinegt Argument „e Kand brauch exklusiv eng Mam an e Papp, well et soss krank gëtt oder e Soziopath oder soss d’Männecher gesäit, oder Gott hëllef eis schwul gëtt“, dat ass onsënneg. Kuckt emol ronderem Iech. Fréier haten d’Eltre fënnef Kanner. Haut hun d’Kanner fënnef Elteren. Zielt mir, wat kann eng Fra exklusiv engem Kand bréngen, wat e Mann net kann, an emgedréint. Am Joer 2013. Net 1392.

      Also, ech benotze weder Begrëffer wéi „homophob“ oder „rassistesch“ (wat jo och eng ganz aner Diskussioun ass). Awer ech behaapten: den Här Kartheiser (an déi divers „gesond Familien“) ass intolerant géinteniwwer den Homosexuellen. Ech behaapten esou guer, dass en dem Gléck vu ville Kanner am Wee steet. En ass demno intolerant géinteniwwer Kanner, déi nécessiteux sin. Nécessiteux no Léiwt a kompetenter Féirung. Déi se kéinte kréien. Déi dir hinne verwiere wëllt.

      Mat frëndleche Gréiss,
      Ronny Kwiatkowski

      • fkartheiser sagt:

        Här Kwiatkowski,

        Naturgeméiss läit meng Sympathie bei der Argumentatioun vun der Madame Martine, déi mech wäit méi iwwerzeegt wéi Aer. Ech wollt Iech awer soen, datt ech net mengen, datt homosexuell Mënschen Kanner net mat Léift kéinte behandelen oder kompetent erzéien. Ech sinn awer géint eng PMA fir homosexuelle Mënschen Kanner ze ginn an och géint eng Leihmutterschaft. Ech denken dat Kanner e bisexuéiert Elternhaus brauchen fir sech kënnen optimal ze entwéckelen, datt kee Mënsch e Recht op e Kand huet well Kanner keng Wuere sinn an dat d’PMA an d’GPA fir homosexuell Koppelen eng Hellewull vu schwiiregsten ethesche Froen opwierfen déi d’Rechter vum Kand direkt beréieren.
        Meng Iwwerleeungen sinn also e bëscchen méi komplex a méi komplett wéi Dir dat mengt.
        Mat beschte Gréiss,
        Fernand Kartheiser

  7. Martine sagt:

    Alles, wat Dir, RK, elo schreift, confirméiert absolut, wat ech virdru geschriwwen hun! Dir kënnt net objectiv argumentéieren, hutt och keng Argumenter, mee Dir verdréint, sidd intolerant, beleedegend a graïft perséinlech un. Méi gët et wiirklech net dozou ze soen!

  8. moma sagt:

    Ech kann ët nët mei heieren. Ech liewen seit elo geschwen 23 Joer als Fra mat enger Fra zesummen. Hunn een Jong ann zwee Enkelkanner. An mir sinn Famill an ennerstzen eis geigenseiteg. Ech kann dat falscht Argument do net mei heieren dir Famill ze schützen. Wann all Famill esou gut no hieren Kanner an Enkelkanner geif kucken wei mir…dann wir vill manner Misére op deser Welt.

    Dir ruft op zu Haas,oxh wann doe dat net wellt agestoen. Sorry.
    dat erennert mech stark un Juddenzeit. Ech hun gemengt Menschheet hat geleiert.

  9. Ronald Kwiatkowski sagt:

    Bei all Respekt, Madame Martine, ech bezweiwelen dass dir wësst wat en Argument ass a wat logesch a schlësseg ass. Argumenter hun ech bei Iech net gelies, nëmmen onbeluechten Diffamatioun iwwer Leit, déi Iech Argumenter bréngen. Eng logesch a wëssenschaftlech Erklärung firwat Homosexueller net sollen déi selwecht Rechter wéi all aneren hun, sidd dir mir grad wéi den Här Kartheiser schëlleg. „E Kand brauch eng Mamm an e Papp“, dat ass net wëssenschaftlech. Da kann et och net strikt logesch richteg sin.

    Ech hun och bis ewell keng Widderleeung vu mengen Argumenter gelies. Falsifiéiert se. Ech bieden Iech.

    Mat frëndleche Gréiss,
    Ronny Kwiatkowski

  10. Ronald Kwiatkowski sagt:

    PS: anescht ausgedréckt, wat fäert der dann? Wat fir eng apokalyptesch Zoustänn gesitt der do op d’Kanner duerkommen? Op d’Gesellschaft? Dass 17 vun 100 Kanner ausgelaacht gin? Dat geschitt 17 vu 17 Zahnspamgenträger. Oder mengt dir, dat wier e Fräibréif fir Versklavung am Lustkeller?
    Wat soll passéieren? Wat der Däiwel soll geschéien? Ausser dass et de Kanner gutt geet, well sech zwee (!) em et këmmren? Sot mir et!

    Ech hun net souvill Fantasie.

    Mat frëndleche Gréiss,
    Ronny Kwiatkowski

  11. Ronald Kwiatkowski sagt:

    Wëllt Dir eisem gewielte Premier verbidden, Kanner ze adoptéieren? Eisem Wirtschaftsminister? Kënnen déi dat net? Wat sin déi? Ze domm dofir? Oder just ze schwul? Erkläert mir et.

    Mat frëndleche Gréiss,
    Ronny Kwiatkowski

  12. Claude sagt:

    Léif Mme moma, et soll jo och esou sin, datt eng Famill gutt fonctionnéiert. Mee mat watfir engem Recht wëllt Dir dann Äer Situatioun als allgemeng valabel duerstellen („falscht Argument“)? Et ass a bleift d’Realitéit, datt e Kand biologesch ëmmer eng Mamm an e Papp huet, do ännert keen eppes drun! Also ass déi Famill et och derwäert, fir als alleréischt geschützt ze gin!
    Wat mech ower un Iech an aneren hei immens stéiert ass Äer Manéier: et wir vill manner Misär op der Welt, wann Dir an anerer géngt fair, mat Respect an objectif discutéieren! Méi intolerant an arrogant geet et net, fir ze soen, datt Leit, déi net Äerer Meenung sin, zu Haass opruffen! Grad wéint ESOU Aussoen ewéi Äerer an esou engem Behuele gët et esou vill Misär op der Welt! A wien zum Här Kartheiser senger Argumentatioun schreift: „dat erennert mech stark un Juddenzeit. Ech hun gemengt Menschheet hat geleiert.“, deen ass un Ignoranz an un Dommheet net méi ze iwwerbidden, och wat d’Geschicht ugeet!! Dat confirméiert just Äer blann Hostilitéit an eben Äer complett Ignoranz, wat den Här Kartheiser ugeet!! Wann Der emol ophaalt, ouni Grond ze attackéieren, ze beleedegen an ze blesséieren, an ufänkt, fir d’éischt nozedenken an ze argumentéieren, dann eréischt ass et eng Discussioun, eng objectiv an eng mat Niveau.
    Iech an deenen aner, déi sech hei esou dichteg virkommen, recommandéieren ech ganz staark, fir sech un de Prinzip ze halen, fir déi aner esou ze behandelen wéi Dir selwer behandelt wëllt gin!!

    • moma sagt:

      Mons. Claude
      Ech wel mech elo nët weider mei hei äusseren.
      Ech hunn Gevill dass ët nët meiglech ass dat esou ze diskutéieren.
      Sorry…hun mech als Mensch deen sein bescht am Liéwen mecht och atakéiert gefillt.
      Mat beschten Gréiss

  13. Claude sagt:

    Léift moma,
    Asiicht vun Iech (datt dat, wat Dir an anerer hei gemaach hun, mat enger Discussioun iwwerhaapt näischt ze doen huet an et esou net méiglech ass fir ze discutéieren) ass e gudden Ufank! Den Här Kartheiser gräift keen un a beleedegt keen, mee gët, dack op niddregstem Niveau, attackéiert a beleedegt, esou och vun Iech. Dat huet hien ower net mat Iech gemaach, dat ass och net seng Manéier a säi Character!
    Déi allermeescht vun deenen, déi sech hei esou opféieren, hun iwwerhaapt kee Wëssen (wéi hiirt Geschreifs kloer weist, wéi ënnert anerem de Gebrauch vu Wieder, vun deene se d’Bedeitung emol net kennen), mee klappen op eng aarmséileg Manéier op e Mënsch, ee mécht deem aner et no, d’Internet ass jo esou praktesch, do sin der Dommheet an der Frechheet keng richteg Grenze gesat, wéi einfach, amplaz sech emol ze informéieren, nozedenken a mat deem Mënsch ze discutéieren! Da géng hinnen de Mond opstoe bleiwen, well se missten agesin, datt hiirt Bild, dat se iwwert dee Mënsch verbreeden a completter Ignoranz, absolut falsch ass! D’Hypocrisie ass wäit verbreet an der Gesellschaft: déi meescht hale sech fir immens tolerant, alles soll erlaabt sin, jidfereen all Recht hun, just net déi, déi net hir Meenung deelen, déi hu kee Recht, op déi gët ganz aggressiv gefacht, op eng lamentabel Manéier, ee fänkt un an déi aner imitéiere banal…
    Ech kann nëmme repetéieren, wat ech a mengem 1. Commentar geschriwwen hun.
    BG

  14. Pierre sagt:

    Zur „bête brune“ : Wien een aneschtdenkenden Mensch zum Homophob deklaréiert, well hien géint d’Adoption homosexuelle ass aus Suerg fiir Rechter vun den Kanner, deen ass de fait „demokratophob“, well soen hien huet Angscht „phobos“ virun der Demokratie, der Herrschaft vum Vollek. Kanner hunn Rechter, an bei all Adoptioun woeren bis elo Mamm an Papp gefrôt, aus gudden Grenn. An dann huelen miir den Nazikneppel aus dem Sack, wiirgen Diskussiun of, schwetzen vun der „bête brune“ an maachen den Kritiker esou zum brongen Déier. Lamentabel! Maachen miir dach einfach een Referendum zu daer Frô! Loossen miir Vollek entscheeden, oder ass dat populistesch? Idem mat der Kinnekswiss. Lamentabel, peu importe ob Demande richteg formuléiert waer. An Zukunft wann op der Welt iirgendwou een „Gay Pride“ onkorrekterweis sollt verbueden ginn denken ech och un „Kinnekswiss“. Toleranz ass keng Einbahnstrooss. An wien Toleranz fiir sech fuerdert muss och Toleranz ginn.

Schreibe einen Kommentar zu Marie Schanck Antworten abbrechen

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert