Chamber: d’Meenungsfräiheet ass hei am Land keng „dréngend Fro“ wäert!

Fir de Verbued vun der Manifestatioun vun de „Veilleurs“ géint d’Homosexuelle-Bestietnis mar an der Chamber kënnen ze thematiséieren, hat ech haut eng sougenannten „dréngend Fro“ un den Här Chamberpresident adresséiert.

http://www.adr.lu/question-parlementaire-libertes-dexpression-et-de-manifestation/

Et hätt mir wéi wéi wichteg geschéngt fir der Regierung Geleeënheet ze ginn fir an där aktueller Debatt Stellung ze huelen an d’Meenungs-an d’Demonstratiounsfräiheet hei am Land onmëssverständlech ze bekräftegen. Den Här di Bartolomeo (LSAP) huet d’Drénglechkeet vun där Fro awer net wëllen unerkennen, vläicht jo och – wann ech him gutt wëll – well den Datum vun där verbuedener Demonstratioun schonn vergaangen ass. Awer och aner Explikatiounen schéngen mir plausibel, zemools wann een jo wees, datt eng Debatt iwwer d’Homo-„Bestietnis“ hei am Land mat alle Mëttelen soll verhënnert ginn. 

Ech kann déi Decisioun nëmme bedaueren, well mat Recht am Ausland thematiséiert gëtt, datt eng Manifestatioun déi a villen europäesche Stied ganz selbstverständlech autoriséiert gouf, hei zu  Lëtzebuerg e.a. mat dem haarsträubenden Argument vun der Fleg vun der Kinnékswiss net erlaabt gouf. Et däerf een sech jo wuel froen, wéi déi international Communautéit geng reagéieren wann z.B.  zu Moskau eng „Gaypride-Parad“ géng verbuede ginn, well d’Wis kéint beschiedegt ginn?  Wéi geng eis Gambia-Koalitioun da wuel sou en Argument bewäerten? 

Ech sinn iwwerzeegt, datt hei zu Lëtzebuerg en Event vu Rosa Lëtzebuerg oder aneren Associatiounen fir d’Homo-„Bestietnis“ nimols verbuede gi wär. D’Ministeren an d’Buergermeeschteren wären bei sou enger Manifestatioun net méi ze ziele gewiecht.  Mä hei am Land ass et jo well sou, datt déi traditionell Familljen mat Kanner solle finanziell benodeelegt ginn, an datt déi Leit déi zësummen op natierlechem Wee mat Sëcherheet keng Kanner kënne kréien, lo solle Fammiljerechter kréien. No wéi enge politeschen Prioritéiten mat wéi enge politeschen Absichten gëtt hei gehandelt?

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

4 Kommentare zu Chamber: d’Meenungsfräiheet ass hei am Land keng „dréngend Fro“ wäert!

  1. Kim Greis sagt:

    Ech kann Iech nëmme beipflichten! Ech fuerderen och en Debat, firwat et sou wichteg ass, dass an eiser Gesellschaft keng Leit méi diskriminéiert ginn!

    Léif Gréiss.

  2. Jang sagt:

    Grad ewéi den Här Greis sin ech och deeër Meenung, z.B. firwat datt d’Leit, déi de Reliounsunterrecht an de Schoule wëllen, elo discriminéiert gin, wou bis elo jidfereen d’fräi Wiel huet!

  3. KeenHomophob sagt:

    Tjo, haetten d’Veilleurs hier Demo als politesch Demo ugemellt amplaatz et am 1984-aehnlechen ’newspeak‘ als privat Familienfeier unzemellen, dann wier se op eng aaner Plaatz gereckelt gin.

    Amplaatz eierlech ze sin an zouzeginn dass se Homosexueller just Menschen 2. Klass mat manner Rechter gesinn, get gemaach wei wann et em d’Famill geif goen. Dee Schoss goung eben no hannen.

  4. Jenny sagt:

    Oh mei, nach e blöde Commentar, dee just aus bëllegen Ënnerstellungen an Attacke besteet…

Schreibe einen Kommentar zu Jang Antworten abbrechen

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert