Sexualunterrecht an de Crèchen

Am Koalitiounsprogramm vun der Lénkskoalitioun steet, dat hei am Land och fir déi ganz Kleng soll  Sexualunterrecht ofgehale ginn. Wéi genee dee soll ausgesinn ass nach net gewosst. Op meng Nofro hin, huet den Här Meisch  just gemengt, e soll „altersgerecht“ sinn. Wat dat awer bei dräi- a véierjährege Kanner soll heeschen ass nach e blo-gréng-rout Geheimnis. Besonnesch den Unterrecht iwwer d'“identité sexuelle“ gëtt bestëmmt zu engem interessanten an altersgerechte Sujet bei denen ganz Klengen….. 

Hei ass den Auszuch aus dem Koalitiounsprogramm:

Au niveau du contenu de l’éducation non-formelle, l’attention portera également sur l’éducation au développement durable et à l’éducation sexuelle et affective qui sera axée aussi bien sur ses aspects biologiques que sur les aspects émotionnels et relationnels ainsi que sur les questions d’identité sexuelle.“

Emsou méi interessant gëtt et fir de Referendum an der Schwäiz ze observéieren. Déi lénkspopulistesch Spaweckssäit „tageblatt.lu“ huet dozou haut dësen Artikel publizéiert:

http://www.tageblatt.lu/nachrichten/europa/story/Referendum-zu-Sexualkunde-in-der-Schule-16327301

Mat dene Positiounen déi an dem Artikel beschriwwe sinn, kann ech mech zu engem gudden Deel identifizéieren. Erzéiung a Sexualerzéiung sinn un éichter Plaatz  eng Aufgab vun den Elteren, déi dat ganz selbstverständlech kënnen an däerfen no hiren eegene Wäertviirstellunge maachen.  De Staat muss mol nees seng Grenze kenne léieren an d’Famiilljen respektéieren. Hei ass eng gravéierend ideologesch Grenz tëschent lénken a  konservative Parteien: déi Lénk wëllen alles staatlech kontrolléieren an d’Fammillje schwächen, déi Konservativ wëlle manner Staat a méi Souveränitéit fir d’Fammilljen.  

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

5 Kommentare zu Sexualunterrecht an de Crèchen

  1. Marie Schanck sagt:

    Et beonrouet wann et em Sexualunterricht fir kleng Kanner geet, well d’Protagonisten vun der d’Pädophilie hun och nach no Joerzingten hir Zieler nach net aus den Aen verluer. Fir d’Pädophilie salonfähig ze machen gett, mat Ennerstëtzung vun sougenannten Wëssenschaftler, een Ennerscheed teschend enger “ béiser an enger gudder“ Pädophilie konstruéiert. Déi „gudd“ Pädophill sinn „nëmmen just“ frou mat de Kanner. Si gebrauchen och keng Gewalt , an alles leeft angeblich op Basis vun Gegensäitigkeet a Selbstbestëmmung of.
    Sou huet den gréngen Eu-Politiker Cohn- Bendit , dat schon a sengem Buch „Der große Basar“ beschriwen. Hien huet bei zwee- bis fënnefjährigen Kanner an engem „Kindergarten“ geschafft. „Es ist mir mehrmals passiert, dass einige Kinder meinen Hosenlatz geöffnet und angefangen haben mich zu streicheln. Ich habe je nach Umständen unterschiedlich reagiert, aber ihr Wunsch stellte mich vor Probleme. Ich habe sie gefragt: „Warum spielt ihr nicht untereinander, warum habt ihr mich ausgewählt und nicht andere Kinder? Aber wenn sie darauf bestanden, habe ich sie dennoch gestreichelt.“ „Gudd“ Pädophiler verstinn sech selbstverständlich net als Täter, déi domm Elteren mussen léieren ze akzeptéieren, dat hir Kanner schon fréi enger permanenter Indoktrinatioun ënnerzun musse gin, fir dat se „wëllen“ selbsbestëmmt mat sexuellen Iwergrëff averstanen sin. Dat schléit sech och an letzebuerger Schoulbicher nidder, wou da steet -Wenn ein anderer Mensch, z. B. ein Erwachsener, deinen Körper berühren möchte, und du willst das nicht, (Betounong läit op, und du willst das nicht) dann sage laut und deutlich: „Halt“!
    An der éischter Fassung vum Estrela-Bericht virum EU-Parlament war eng europawäit Sexualerzéihung, an enger sécherer, tabufräier an interaktiver Atmosphäer teschend Schüler an Erzéier, gefuerdert gin. Déi Kléng sollten, ab der Gebuert, zur Masturbatioun ugeleet gin. D’Hoër stin engem zu Bierg, wann een drun denkt, dat eng däitsch Familienministisch Männer ouni Arbicht fir d’Kita’en wollt rekrutéieren. Den Nofolgebericht, den Lunacek- Bericht verpakt dat bëschen besser a fuerdert dat keen, wéinst senger sexueller Identitéit an Orientéirung, däerft diskriminéiert gin. Dat ass ganz kammoud, well déi sougenannten Wëssenschaftler (z.B: Lautmann) behaapten d’Pädophilie wäer eng „Personeneigenschaft“ (Identitéit) a keng „Verhaltenskategorie.“
    Et freet een sech wéi grouss den Millesteen ass den de Kanner fir hirt Liewen ugehangen soll gin. An d’Elteren kënnen sich nët mol wieren, well da gin d‘ Kannerrechter (déi d’Kanner als Objet betruechten) géint Elternrechter ( déi ëmmer méi beschniddegin) ausgespillt.
    Déi Politik vun de klenge Schrëtt, déi hei bedriwe get, erënnert un d’Märchen vum Wollef an de siwe Geessen wou d’Mamm hir Kanner huet noutgedrongen alleng lossen an de Wollef sech ëmmer nei Tarnungen afale geloss huet fir dene Kléngen habhaft ze gin.

  2. Ronald Kwiatkowski sagt:

    Bonjuer,

    wisou ass Sexualerzéihung eng Saach vun den Elteren? Wéi eng Qualifikatioun sollten déi hun, ausser d’Kand gemaach ze hun? Firwat soll een de kanner net an der Schoul zielen, wat d’Wëssenschaft doriwwer wees? Mir maachen dat dach och mat der Geographie. Wou ass den Ënnerscheed? Ass et rëm déi aal Faszinatioun mam Pitti an der Mumu?

    Wisou ass et Iech onméiglech a Saachen Sexualitéit genee esou virbehaltlos ze sin, wéi geinteniwwer Quantemechanik? Sex ass eppes, wat jidderee mëcht, op seng Manéier. Keen dierf deem aneren eppes opzwéngen. Alles kann, nichts muss. Wéi op der Spillwiss. Sou mäi Kënni, lo hues de alles verstaan. Hues de en Trauma? Nee? Gutt. Eierlech…

    An un d’Madame Schank: wat huet Sexualerzéihung mat Pädophilie ze din? Dir kënnt jo vill hei mat ale Kamlle kommen, mat lénke Politiker, déi an der Hippiezäit zevill LSD geschmass hun. Mä wat huet et mat Sexualerzéihung ze din?

    Mat frëndleche Gréiss,
    Ronald Kwiatkowski

  3. Jeffrey Dondelinger sagt:

    <>

    Et kann een net frei genuch Toleranz priedegen an identité sexuelle gehéiert numol dozou. D’Kanner solle vu klengem un en virurdeelsfreien, tabufreien, oppenen an realistesche Sexualunterrecht kréien. D’Fro vun der identité sexuelle ass eng Toleranzfro, andeems en de Kanner kloer mécht, dass et OK ass sou sexuell orientéiert ze si wei en sech fillt an sech net an eng bestëmmte Roll erandrécke léisst well verschidden onflexibel Geeschter d’Aneschtsinn verdäiwelen.

    <>

    Eng éducation sexuell besteet jo net nëmmen dorausser de Geschlechtsverkéier ze erklären, mee och verschidde genderspezifesch Froen ;wei z.B.: Dierf en Mann kräischen?; ze beäntweren. Des Froen si wichteg, fir dat en sexuell verantwortungsvollen a virurdeelsfreie Mënsch sech kann entwéckelen, frei vun Homophobie a Misogynie.

    <<"Erzéiung a Sexualerzéiung sinn un éischter Plaatz eng Aufgab vun den Elteren, déi dat ganz selbstverständlech kënnen an däerfen no hiren eegene Wäertvirstellunge maachen."

    Do muss ech als éischt dem Ronald Kwiatkowski zoustëmmen. Wat qualifizéiert d'Eltere fir d'Erzéiung an de Sexualunterrecht? Richteg, guer näischt.

    Ech si mer sécher, dat en majoritären Deel vun den Elteren hirer Pflicht nokënnt, mee an enger Welt wou virun allem Eltere mat geréngem Verdéngscht manner Zäit fir d'Erzéiung vun hire Kanner hunn, well se zu Zwee musse schaffe goen, muss d'Gesellschaft an d'Schoul verschidden Aufgaben iwwerhuele fir net an eng zweeklasse Gesellschaft ofzedreiwen.

    Ech si mer sécher, et si méi sexuell Verbrieche vun Elteren un hire Kanner verbrach ginn ewéi vum Léierpersonal un Kanner. Déi meeschte Vergewaltegunge geschéien iwwregens an der Famill. Souvill zu der villgepriesener Famill… PS: Wann de Konservativen d'Famill sou wichteg ass, firwat sidd der géint d'Homobestiednis, déi Leit kämpfe fir dat wat där glorifizéiert, hier Famill.

    Wat huet Sexualunterrecht mat Pädophilie ze dinn? Näischt, am Géigendeel, et ass präventiv, wann Leit richteg opgekläert ginn, beugt ee krankhaftem sexuelle Verhale vir.

    Firwat verdäiwelt der d'Sexualitéit? Dat normaalst vun der Welt! Jo och är Elteren hate Sex, soss wier dier net do, an ech wetten net nëmmen zwecks Fortplanzung. Et ass weder knaschteg, nach onmoralesch, nach soss iergendwéi negativ wann den Akt an béidseitegem Averständnes geschitt.

    Wann mer schonn iwwert krankhaft Sexualitéit wëllen debattéieren, schwätze mer dach iwwert den Zölibat, den alles anescht wei eng gesond Approche zur Sexualitéit duerstellt…

    • Marcus sagt:

      Wat ass daat dann fir eng Approche?
      Kanner hun keng Virurteeler, an kanner ze soen wat se ze denken hun, kann jo wuel kaum Tolerant sin.

      Typeschen Reflex vun den Liberalen, ze mengen dass hier Philosophie denen anneren muss indoktrineiert gin, anstatt den Leit den Frairaum iwerhapt ze lossen, sech hier egen meenungen ze machen.

      Die Tolerant sin scheinbar zimlech intolerant vis-a-vis vum individuellen Geescht.

  4. Marie Schanck sagt:

    Eng bewärten Traditioun, sou al wéi d’Mënschheet selwer, beweist, dass d’Natur d’Elteren qualifizéiert huet fir hir Kanner ze erzéien. Awer et geet net méi em d’Wuel vun der Famill an hire Kanner, déi d’Zukunft vum Vollek an déi sozial Sécherheet garantéieren, mee ëm Ideologie. Den SPD-Generalsekretär Olaf Scholz soet scho virun Joeren: “ Wir wollen die Lufthoheit über den Kinderbetten erobern“ . Dat beleet, dass d’Politiker hoorgenee wëssen, dass déi Hand, déi Wéi beweegt, och d’Welt beweegt. D’Famill ass eng ideal Plaz, fir Toleranz ze léieren an ze praktizéieren. Awer wann een d’Gesellschaft wëllt veränneren, muss een se emerzéien an domat muss een bei de Kanner ufänken. Et entzitt een se sou fréi an sou vill wéi méigelech dem Afloss vun der Famill fir se ze entwuerzelen an dann kann een se vun der Crèche bis zur Uni politisch korrekt erzéien. Well op d’Famill ass keen Verlooss, dass se hire Kanner, wéi vun der Gendertheorie gefuerdert, antriichtert, si wäre net männlich bzw. weiblich mee si sollten sech een Geschlecht ënnert zig Méiglichkeeten raussichen. Dass Politiker mat gepefferten Diäten grad bei der Famill ufänken ze spueren, hänkt sëcher och mat deem zesummen wat Simone de Beauvoir an „Das andere Geschlecht“ soet: „Nein, wir wollen den Frauen gerade nicht die Wahl lassen zwischen Berufstätigkeit und Mutterdasein und zwar aus dem einfachen Grunde, weil zu viele Frauen sich für die Mutterschaft entscheiden würden“. Den homosexuellen Pädagog Helmut Kentler huet gesoet: “ Alle gesellschaftlichen Gruppen haben höheres Anrecht auf Kinder als die befangenen Eltern“. Als „Expert fir Sexualerzéiung“ ,deen vewahrlost Jongen bei Pädophilen ënnerbruecht huet, huet en gefuerdert Sexualerzéiung sollt bewosst politisch etabléiert gin. D‘ „Emerzéiung“ vun Kanner a Jugendlichen gëtt an de Wee geleet iwwert d’Schinn vun enger fächeriwwergreifender Zwangssexualerzéiung. Déi gréng- lesbisch Madame Lunacek huet schon 2013 en Ofännerungsantrag zum Estrela-Bericht am Europaparlament gestalt an dem sie eng „interaktive Sexualerziehung ohne Tabus“ gefuerdert huet. Den homosexuellen Erziehungswëssenschaftler an Leeder vun der Odenwaldschoul Gerold Becker, deen 86 Kanner mëssbraucht huet, eenzelner bis 400 mol, schreiwt am Virwuert zu enger Publikatioun : „Die Schule hat die Körper von Kindern und Jugendlichen lange missachtet“.

    D‘ Ziel ass, d’Homosexualität als gesellschaftlech Norm ze etabléieren. Fir d’Geschlechterrollen vu Mann a Fra opzehiewen sollen Bildungsprogrammer an der EU homosexualiséiert gin. A fir dat ze zementéieren fuerdert den Lunacek- Bericht net nëmmen, dass d’Homo-Ehe an allen EU- Länner zur Prioritéit soll erhuewen gin, mee och nach 120 Privilegien fir déi sexuell Minoritéiten, well déi angeblich iwwerall diskriminéiert gin. Well mat sou Fuerderungen kaum Wahlen ze gewannen wieren gin se elo hannert dem Réck vun der Ëffentlechkeet iwwert d’Europäischt Parlament duerchgeboxt, ouni déi virgesinn Debatten. Wann eng Minoritéit ënnert dem Virwand vun Toleranz a Gläichstellung priviligéiert gëtt, gëtt automatisch eng Majoritéit diskriminnéiert. A well de normale Hausverstand ville Leit seet, dass do eppes gewalteg schief leeft, well se sech froen wou dann lo déi Benodeelegongen sollen sin, déi Extrarechter rechtfertigen, well dach déi Homosexuell wéi jidder anneren och wichtig Posten a Politik a Gesellschaft bekleeden, gëtt lo den Doudschlohummer Homophobie erausgeholl. Ausdrécklich gin Mossnamen zur Beschränkung vun der Meenungsfreiheet gefroet. A wien et woet sech do anescht ze äusseren, ob dat privat , ëffentlech oder wëssenschaftlech ass fir deen gëtt eng strofrechtlicher Verfolgung gefuerdert, deem gëtt ënnerstalt dass en homophob ass an Homophobie muss laut der EU ausgemerzt gin. (Sou huet d‘ Madame Reding dat schon am September 2010 virum EU-Parlament gefuerdert, fir déi déi an deem Zesummenhang net spuren: “ If there is no understanding, then more harsh measures have to be applied.) Wéi Tatsachen op d’Kopp gestalt gin, geseit een dodrun, dat wann Elteren friddlech, wéi kierzlech zu Stuttgart géint eng Zwangssexualiséierung vun hire Kanner an der Schoul demonstréieren se, vun honnerte Polizisten, hu misse virun Géigendemonstranten geschützt gin déi se bespaut , mat Tomaten, Eeër an Fäkalien beworf hunn. Déi Géigendemonstratioun war vun deenen Gréngen, dem Christopher Street Day an enger Pädophilegrupp (souvill zou; wat huet Sexualerzéiung mat Pädophilie ze din) organiséiert mam Usproch: „Lasst uns gemeinsam kämpfen für Werte wie Toleranz, Respekt und Weltoffenheit“

    Et leeft de Wee deen den Volker Beck opgewisen huet; D‘ Schwulebewegung ze mobiliséieren fir iwwert Gläichstellung vun Homo- an Heterosexualitéit d’Entkriminaliséierung vun der Pädophiie ze erreechen.

    Dat muenchereen drun intersséiert ass sou „paradisesch Zoustänn“ duerch Legaliséierung vum Kannersex ze etabléieren an d’Elteren net zou Onrecht op d’Barrikade gin beweisen ë.a. den massiven Sextourismus an asiatesch Länner, d’Affär Dutroux, den Skandal ëm deen prominenten BBC-Moderator Savile deen honnerte Kanner mëssbraucht huet, den Prozess am Portugal wou honnerte Kanner aus dem Kannerheem Casa Pia vun Promien aus Medien a Politik mëssbraucht goufen. Dass mat Kannerpornographie (bis hin zu Snuffilmer wou Kanner grausam ze Doud gequält gin) Milliardenëmsätz gemach gin erënnert d’Affär Edathy.

    D‘ Mëssbrauchsaffer aus de gréngen Kommunen an Kinderläden wëssen vu wat sie schwätzen wann sie soen: „Von unserem Standpunkt als Betroffene sagen wir: Ein Schutz von Minderjährigen vor sexualisierter Gewalt ist mit solchen Politikern nicht möglich. Solche Politiker sind nicht Teil der Lösung, sondern Teil des Problems“.

    Dass d‘ ILGA eng international Vereenegong vun Lesben a Schwulen, mat Verbindung zu pädophillen Gruppen, niewt der EU-Kommissioun och vum Multimilliardär Soros finanzéiert gëtt, erënnert un den Warren Buffet den 2006 an engem Interview mat der New York Times dat heite soet:“ Et herrscht Klassekrich, richteg, awer et ass meng Klass, déi Klass vun de Räichen, déi Krich féiert. An mir gewannen“. An dëse globale Krich gëtt via UNO-Bevölkerungskonferenzen an UNO-Agenturen ë.a. mat de Waffen: Verhütung, Ofdreiwung, kollektiver (Sexual-) Erzéiung, Homosexualiséierung, Gender-Mainstreaming, kënschtlecher Befruchtung bis hin zur Produktioun vun Embryonen a Chimären an der Euthanasie gefouert. D’Fro ass déi, ob d‘ Mënschheet et akzeptéiert sech duerch Propaganda, Desinformatioun, falsch Verspriechen an Zwang an eng steril Sexualitéit randrécken ze loossen an bereet ass fir déi eegen Fortpflanzung un d‘ Götter an den Laboratoiren of ze gin .

Schreibe einen Kommentar zu Marie Schanck Antworten abbrechen

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert