E puer Deeg zu Washington

Ech hat déi onheemlech Chance fir d’lëscht Woch  zu Washington bei der CPAC kënnen dobäi ze sinn, der « Conservative Political Action Conference » déi all Joer vun der « American Conservative Union » organiséiert gëtt, Vereinfacht ausgedréckt ass d’CPAC eng riiseg Konferenz vun der Republikanescher Partei, déi ënner anerem dozou déngt fir d’Stëmmung an der Partei ofzeschätzen a méiglech republikanesch Presidentschaftskandidaten ze fannen.

Ech wor mat zwee briteschen Europadeputéierten an enger fréierer polnescher Bausseministech een vu véier europäesche Politiker déi hunn däerfen eng kleng Roll op där Riiseveranstaltung spillen. Meng Aufgab wor et op engem Diskussiounspanel iwwer d’NATO ze schwätzen.

Ech wëll op dëser Plaatz eigentlech nëmmen e puer éicht Impressiounen erëmginn, ouni allzevill Politik, well ech wor vun dëser Erfarung ganz einfach begeeschtert. Déi amerikanesch Parteikolleegen kënnen op eng beandrockend héig Zuel vun éichtklassegen Politiker a Riedner zréckgräifen. Wéi gutt huet et dach gedoen fir zë gesinn wéi an Amerika eng kloer Sprooch geféiert gëtt, däitlech Alternativen opgewise ginn an, aanecht wéi an Europa, net déi geréngsten Angscht virun dem lénke Gesinnungsterror ze spieren ass! Fir mech wor dat do eng inspiréierend an erfrëschend Rees. Pech fir déi gréng, lénk, rout a blo Guttmënschen !

Hei zu Lëtzebuerg gëtt jo alles gemaach fir de Patriotismus ze diskreditéieren an en als « Nationalismus » oder souguer als eppes Bronges duerzestellen, als eppes fir dat een sech misst schummen.  Abee bei den Amerikaner ass de Patriotismus eng héig Dugend – a bei mir och! O wéi schéin wor dach de « Ronald Reagan Dinner » (dee selbstverständlech och mäi Lieblingspresident wor!) ! Fir t’éicht gouf de Fändel mat militäreschen Eieren vu Kadetten vun enger ziviler (!) Militärakademie erabruecht, de Pledge of Allegiance gouf opgesot, d’Nationalhymn gesongen a dono gouf gebied – an dono eréicht gouf giess! Iwwer dem Iessen goufen dann och nach besonnesch couragéiert amerikanesch Zaldoten geéiert. Hei zu Lëtzebuerg gëtt bei engem Iessen fir t’alleréicht giess, dobäi gëtt dann iwwer déi puer Patrioten hirgefall déi et nach am Land gëtt, d’Arméi an d’Police ginn erof gemaach, d’Auslännerwalrecht an d’Homo-Bestietnis gi gelueft an d’Kierch gëtt lächerlech gemaach.  Vill vun eis Europäer passe ganz wonnerbar an dëss Beschreiwung : « full stomach and empty soul » !

Op der CPAC wor e Sall mat 100 Ausstellungsstänn als Niewendeel vun der Kongressorganisatioun virgesinn – an dorënner wor NET ENG feministesch Organisatioun, NET ENG Associatioun fir dat sougenannten « Homo-Bestietnis », NET ENG EENZEG Gruppéierung fir déi gréng Ideologie. Dofir awer sou schéin kontroverséiert an idealistesch Associatiounen wéi d’« Tea Party Patriots », d’ « National Rifle Association » a ganz vill Organisatiounen déi géint déi verréckten «political correctness » antrieden, déi amgaangen ass eis Fräiheet futti ze maachen. Wat ass et dach sou schéin fir  KONSERVATIV ze sinn !

A wat eng Freed wor et ze gesinn wéi déi amerikanesch Politikerinnen den idiotesche  Feminismus veruerteelt hunn! Si hunn en als dat entlarvt wat en ass : eng Taktik vun denen lénke Stréimungen fir d’Fraen als éiweg Affer ze stereotypiséieren, fir si mat Ligen ze verdommen, ze erniddregen  an ze  manipuléieren. Vun dem lamentablen, europäeschen Affergejéimers wollten déi republikanesch Fraen awer näicht wëssen an näicht héieren ! Eng Famill ass fir si dat héchste Gutt, e Beruff kann een dobäi och nach hunn wann een dann Loscht dorop huet. Houfreg, energesch, intelligent, couragéiert  a famiiljenorientéiert Fraen – dat sinn d’Republikanerinnen !  An dat Bild vun där houfreger, emanzipéierter, selwerbewosster, amerikanescher Fra huet och nach ganz gutt gepasst, datt e groussen Deel vun der « National Rifle Association » fest a weiblecher Hand ass – bis hin zum Schéissstand um Kongress.  Fir mech wor dat eng Iwwerraschung – ech si jo dru gewinnt, dat eis national Fraenorganisatiounen sech zënter op d’mannst fënnef Joerzéngten all Joer nei als Affer stiliséieren (« Opfer-Abo » nennt een dat jo mat Recht). Wat en Aarmutt a wat fir eng Schaan fir déi Fraen déi an denen Organisatiounen Member sinn!

Mae zréck bei d’Amerikaner. Mat Genoss konnt ech verfollegen wéi mat där hueler Klimawandel-Ideologie well opgeraumt gëtt. Dee Schwindel vum « global warming » gouf intensiv diskutéiert an an d’Dréckskëscht vun de geeschtege Verierunge gehäit. Dat konservativt Amerika kënnt nees a Bewegung! Dem President Obama seng Gesondheetsreform ass just nëmme nach an Europa populär – an Amerika ass se scho laang als e Fiasco entlarvt. Eng allgemeng Steierreform gëtt diskutéiert déi – niewebäi gesot – och Lëtzebuerg géng an Zuchzwang bréngen. Energiepolitik ass drop ausgeriicht där nationaler Economie ze déngen, an Europa maache mir dogéint eng Energiepolitik séi dozou déngt der nationaler Economie ze schueden.

Dat republikanecht Amerika gleeft u seng Stäerkt an u seng Roll an der Welt an d’Republikaner verlaangen dowéinst och méi grouss Militärbudgeten. Zu Lëtzebuerg gi mir geschaaten 0,000000000000001 % vum Budget fir d’Verdeedegung aus a reduzéieren dat lo nach méi. Mir liewen ebe gär sëcher – awer natierlech op Käschte vun eisen amerikanesche Frënn.

An Amerika ass e reliéist Land. Bei de Republikaner wore ganz vill chrëschtlech Associatiounen vertrueden a besonnesch och ganz vill Chrëschten déi géint d’Ofdreiwung antrieden.

Dat ech nees zu Lëtzebuerg ukomm war hunn ech gemierkt wou ech am Fliger d’Wort gelies hunn – mat säiteweis Artikelen iwwer Quoten an d’Benodeelegung vun de Fraen an eiser Gesellschaft…. Oh jeminee !!

Vive d’ « National Rifle Association », déi konservativ, republikanesch  Fraen a GOD BLESS AMERICA !

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

3 Kommentare zu E puer Deeg zu Washington

  1. Jacques Guddebour sagt:

    Et kéint een lo hei ernimmen, dass et em déi Partei geet, déi prinzipiell all Propose vun der Regierung blockéiert, egal wat et ass.

    Déi, déi, wann se hiere Wellen net kritt, einfach mol de Staat zoumecht.

    Déi, déi d’office ennert kengen Emstänn eppes zoustemmt, dat hiere Sponsoren och nemmen een USD u Steieren kascht.

    Déi, déi zwar mat allem géint d’Ofdreiwung (an d’Verhiddung an generell d’Famillieplanung) kämpft, awer kee Probleem dermatt huet, wann hier Bierger verhengeren oder u soss Saache krepéiren.

    Déi, déi d’Wessenschaft an d’Geschicht sans-gène verännert, fir dass se an hiere Narrativ passt.

    Déi. déi trotz mediocrer Performance vum Obama gott sei dank kee Fouss méi op de Buedem kritt.

    Mee soit, dat muss een alles net ernimmen.

    Wiem den Hutt passt, deen deet en sech eben un.

  2. Tom Wenz sagt:

    😉 „Bausseministesch“ as falsch, well soss misst et beispillsweis am Däitschen jo och „Draußenministerin“ heeschen. Op Lëtzebuergesch as ganz kloer „Ausseministesch“ richteg (Héichdäitsch: „Außenministerin“)!

  3. Jeffrey Dondelinger sagt:

    Merci Här Kartheiser fir dës Satire iwwert Amerika.

    Gläichzäiteg vu Fräiheet an Relioun ze schwätzen ass jo schonn Dualitéit a senger beschter Form.

    „ziviler (!) Militärakademie“ – zivil= nicht militärisch, bürgerlich (aus dem Duden), och do weist dir eis erëm ganz schaarf kombinéiert déi amerikanesch Kontroversen op.

    „goufen dann och nach besonnesch couragéiert amerikanesch Zaldoten geéiert.“ Wei couragéiert kann en Zaldot sinn, deen mat modernster Waffentechnik géint duerfteg ausgeruesten Leit kämpft? Hoerschaarf weist der och do, wei Mord geéiert gëtt an Amerika.

    „Hei zu Lëtzebuerg gëtt bei engem Iessen fir t’alleréischt giess“ Jo, déi Amerikaner si scho komesch Leit, déi iessen net wa se Honger hu, mee wa se gebiet hu. Merci, dat dir mir och do opweist wei frou ech ka si a Lëtzebuerg, a net an Amerika ze wunnen.

    „dobäi gëtt dann iwwer déi puer Patrioten hiergefall déi et nach am Land gëtt, d’Arméi an d’Police ginn erof gemaach, d’Auslännerwalrecht an d’Homo-Bestietnis gi gelueft an d’Kierch gëtt lächerlech gemaach.“ Also, wei kennen déi Lëtzebuerger iwwerhaapt nach liewen, si falen iwwert eiweggestreg Patrioten hier. Och do Här Kartheiser gesit der de Mëssstand richteg. Ech appeléieren un d’Toleranz vun der ganzer Gesellschaft, integréiert d’Patrioten, loosst se Deel huelen un der Gesellschaft, si kenne net dofir.

    „Si hunn en als dat entlarvt wat en ass : eng Taktik vun deenen lénke Stréimungen fir d’Fraen als éiweg Affer ze stereotypiséieren, fir si mat Ligen ze verdommen, ze erniddregen an ze manipuléieren.“ D’Wourecht an nëmmen d’Wourecht, wat ginn eis Fraen hei a Lëtzebuerg verdommt, säit deem se dierfen an d’Schoul. Wat ginn eis Fraen hei erniddregt doduerch, dass se en Wahlrecht kruten, kee well Sonndes Moien opstoen fir wielen ze goen. An wat ginn d’Frae manipuléiert säit dem se eng eege Meenung dierfen hunn. Jo Här Kartheiser, dir sid einfach nëmme genial, richteg ass et, dass d’Frae jo nach kenne schaffe goe nodeems se sech em den Haushalt, d’Kanner an d’Bedürfnisser vum Mann gekëmmert hunn, et ass jo schliisslech bewisen, dass Fraen net schlofen.

    „Dem President Obama seng Gesondheetsreform ass just nëmme nach an Europa populär – an Amerika ass se scho laang als e Fiasco entlarvt.“ Déi konservativ Kräften an Amerika haten schonn Recht, déi Gesondheetsreform ze boykottéieren, well et kann jo net sinn, dass all Mënsch krankeverséchert ass. Dir Här Kartheiser erkennt richteg, dass Gesondheet en Luxus ass.

    „Dee Schwindel vum « global warming »“ Och do hutt dir richteg erkannt, wei Ligen op der Welt verbreet ginn. Als gebillten Mann wësst dir bestëmmt och, dass den Holocaust eng Verschwörung vun der Jiddescher Kommunoteit ass.

    „Zu Lëtzebuerg gi mir geschaaten 0,000000000000001 % vum Budget fir d’Verdeedegung aus a reduzéieren dat lo nach méi.“ Eng Schan, wou Lëtzebuerg dach op eng sou grouss Militäresch Traditioun zereckblecke kann. Ech mengen, den Fransousen, Daitschen an de Belge kann en net trauen, dofir brauche mär eng staark Arméi fir eis ze verteidegen.

    „ganz vill Chrëschten déi géint d’Ofdreiwung antrieden.“ Dir weist och hei wei mam Wuert Fraiheet abus gedriwen gett. Pro Life an Pro Guns, an erëm si mer bei der Dualitéit.

    Vill Leit liesen ären Blog mat falschen Intentiounen, mee ech sinn hei fir iech ze soen, dass ech net iert Komikergenie verkennen an fannen dat der misst op Tournee goen,

    MFG Jeff

Schreibe einen Kommentar zu Tom Wenz Antworten abbrechen

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert