Homo-Bestietnis konkret: 3 Fraen an ee Kand

Well déi Geschicht vun dräi lesbesche Fraen déi sech mateneen bestuet hunn an sech lo Kanner „maache loossen“ (eent fir all Fra) gläich an e puer Zeitunge steet, ginn ech mol dovun aus, datt se richteg ass – jusqu’à la preuve éventuelle du contraire.  Jiddefalls ass déi Entwécklung logesch wa mir bis d’Gesetz iwwer d’Homo-„Bestietnis“ hunn. Mat wéi engen Argumenter kéinten d’Protagonisten vun dëser gesellschaftlecher Entwécklung dann nach sou Entwécklunge verhënneren – virausgesat datt si dat iwwerhaapt wéilten?  D’Rechnung fir d’Verantwortungslosegkeet vun eiser Gesellschaft bezuelen d’Kanner.  

http://www.mirror.co.uk/news/real-life-stories/three-women-married-each-other-3453009

http://www.dailymail.co.uk/femail/article-2611020/Meet-worlds-married-lesbian-threesome-baby-make-four-July.html

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

3 Kommentare zu Homo-Bestietnis konkret: 3 Fraen an ee Kand

  1. Jacques Guddebour sagt:

    Mol dervun ofgesinn, dass de ‚ Mariage‘ vum legale Punkt hier eng Kombinatioun tescht verschidden Acten ass, deen assuréiert, dass d’Leit sech géintiwwer eng Responsabilitéit hunn, an net als een legalen Acte am Gesetz steet:

    Wat genau ass lo dorunner schlemm? Emmerhin hun sech der hei dräi beméit, e Liewen zesummen ze gestalten, an setzen dat em. Se huele vill méi Corvéen op sech, wéi déi meescht konventionell Koppelen dat maachen (op der Gemeng bestuet ginn an d’Pell ofsetzen), fir eng Famill ze hunn.

    Mat wat fir enger Logik kann een lo dervun ausgoen, dass et deene Kanner wäert schlecht goen?

    • Jeffrey Dondelinger sagt:

      Ech perséinlech kann un där Geschicht näischt verwäerfleches fannen. Ech mengen, déi, déi un enger monogamer, hetero Bezéiung festhale kennen dat jo och, et ass jo net, wei wann nach just homo and polygam Bezéiungen erlaabt sinn.
      Haaptpunkt ass jo, dass allen 3 mat der Situatioun zefridde sinn a kengem Aneren e Leed zougefouert gëtt.
      Zu äre vill zitéierten Argument mat de Kanner, soen ech, als Professionellen am Beräich Pédagogie, dass dat wichtegst ass, dass e Kand Léift entgéint bruecht kritt. An eng Homosexuell Koppel oder souguer Trippel kann dat allemol besser, wéi eng kal Institutioun (Kannerheem, Weesenheem, Accueil-Familljen, etc…).

  2. Anne sagt:

    „An eng Homosexuell Koppel oder souguer Trippel kann dat allemol besser, wéi eng kal Institutioun (Kannerheem, Weesenheem, Accueil-Familljen, etc…)“

    Dir schingt wierklech eng Kapazitéit um Gebidd vun der Pädagogik ze sin, dass Dir dat ouni Referenzen behaapte kent.

Schreibe einen Kommentar zu Anne Antworten abbrechen

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert