Denk ich an Deutschland in der Nacht…

… dann bin ich um den Schlaf gebracht. Net well ech wéi den Heinrich Heine géng no Däitschland  verlaangeren, no senge gesonde Bëscher an der Mamm doheem, mä éichter well ech keng Aanung méi hunn, wou sech eisen economesch stäerksten Noper am Abléck hin beweegt. Ennert engem Helmut Kohl an zu den Zäiten vun der Bonner Republik, hat Lëtzebuerg Frënn do iwwer an och nach eng Zort vun bilateraler Bezéiung. Déi Berliner Republik ass eis friem ginn. D’Madame Merkel, eng Protestantin aus där fréierer DDR, huet fir Lëtzebuerg wahrscheinlech net méi iwwreg wéi eng Minimalstfirwëtzhéiflechkeet. E politescht Gewiicht hu mir an Däitschland net méi.

Gutt, de  Premier geet alt Wahlkampf fir d’Madame Merkel maachen, an den Här Frieden gesäit den Här Schäuble heiansdo bei der Reunioun vun den däitschsproochege Finanzminister, woubäi mir net ganz kloer ass, wat mir eigentlech do ze sichen hunn. Oder ginn all Finanzministeren invitéiert, déi Däitsch als Friemsprooch kënnen? Den Här Juncker hällt och alt mol nach Rieden déi Säit der Musel a geet Präiser sichen, mä déi huet en lo schonn bal all.

Mä am Groussen a Ganzen sinn d’Bezéiungen manner gutt wéi een se wëll ausgesinn loossen. Den Här Asselborn fällt geleeëntlech duerch seng, fir en Ausseminister, däitlech iwwerdriwwen Verbalentgleisungen op. An vun Zäit zu Zäit  kacht hien nët nëmmen emotional mä och am däitsche Fuesprogramm – pardon – Televisiounsporgramm, woubäi en dann de « Bengel » mat dem Nippel durch die Lasche zitt. Da kréien déi Däitsch wéinstens den richtegen Androck vum Niveau vun der lëtzebuerger Politik.

An Däitschland? Viru kuerzem huet sech eise Noper am Weltsëcherheetsrot enthal – zësummen mat Russland a China – wou de Westen wollt a Libyen intervenéieren. Wat wor dat ? Der Madame Merkel hiren Ostreflex oder dem Här Westerwelle säi Versuch fir beim Wahlvollék Reminiszenzen un d’Schoklasallianz am zweeten Irak-Krich waakrech ze maachen ? Jiddefalls wor et en Hiwäis op en neien däitsche Sonnerwee, en irrationalt Erausklammen vun där zentraleuropäescher Mëttelmuecht aus der westlecher Solidaritéit.

Diplomatesch Entgleisungen hate mir der och eng ganz Partie vun doiwwer héieren, vum Här Steinbrück senger Kavallerie bis zum Här Müntefering senger Wehrmachtsnostalgie. Bei sou Geleeënheeten beneiden ech d’Schwäizer, wou jiddfer anstännege Mann säi Militärgewier doheem stoen huet. Eis Regirung huet blamabel schwaach dorop reagéiert. Emmerhin woren jo déi zwee hoffnungsvoll politesch Nowuestalenter aus der däitschnationaler Sozi-Jugend Parteikolleegen vum eisem Bausseminister.

D’Rausklammen aus der Atomenergie ass fir mech net ze verstoen. Däitschland gëtt e ganzen Héigtechnologieberäich mat enormen Wirtschaftspotential op wéinst engem Tsunami a Japan! Wéivill aner Länner verstärken den Engagement an d’Atomenergie an Däitschland geet bal alléng den anere Wee – an dat géint all economesch Vernonft. Dat kënnt dovun, wann een ëmmer nëmmen denen Gréngen noleeft. Schued, dat mir hei am Land och vun denen däitschen Gréngen an hirer hysterescher Weltënnergangsmentalitéit ugestach sinn. Als Lëtzebuerger brauche mir eng technologiefrëndlech an zukunftsorientéiert Energie- a Wirtschaftspolitik.

Déi däitsch-franséich « Ax » fonctionnéiert just nëmme nach well se muss. Mä d’Madame Merkel an den Här Hollande ginn wahrscheinlech ni grouss Frënn. Si zwee trennen an all Hinsicht Welten – politesch, sproochlech, economesch, kulturell. Gläichzäiteg ass kaum ze gesinn, wou Däitschland nei Allianzen kéint opbauen. Net mat England, net mat Italien a net mat Russland.

Militäresch geet de Wee och no ënnen: d’Ofschaafen vum obligatoreschen Militärdéngscht wor eng weider Etapp an d’Zréckfalen vun Däitschland an der Statenhierarchie op eng onbedeitend Plaz. Den Här Steinbrück diskutéiert well schonn d’Enn vun der Krichsmarine.

Den däitschen Sonnerwee schéngt een vum politeschen a militäreschen Isolationnismus um internationalen Niveau ze ginn. Dat däitsch Aflossgebitt limitéiert sech op Europa, an dat gëtt awer och konsequent economesch a finanzpolitesch annexéiert. Däitschland erklärt well denen anere Länner wéi hir Economie muss opgebaut sinn an wéi hirer Budget auszegesinn huet. Enner « Wirtschafts-und Währungsunion » ass ze verstoen, dat gemaach gëtt, wat Berlin wëll.

Jiddefalls ass dat däitsch Behuelen kuerzsiichteg. Dat lëtzebuergescht allerdéngs nach méi, mä dat ass net sou wichteg well mir am Abléck net zielen. Déi Hären Juncker an Asselborn sinn souwisou net déi, déi et gengen fäerdeg kréien fir eng coordinéiert an ziilgeriichten Politik ze maachen.  Den Här Juncker bekämpft de Chômage an d’Wunnegsnout hei am Land zënter drësseg Joer – Resultat null.

Déi international Realitéit ass déi, dat d’USA sech mussen méi em de Pazifik këmmeren. China an Nordkorea zwéngen si bekanntlech dozou. Den europäeschen politesche, militäreschen an economeschen Niddergank stellt eng Gefor fir eis duer, well mir mëttelfristeg net méi  op den automateschen Sëcherheetsbäistand vun eisen amerikaneschen Frënn zielen därfen. Déi europäesch Natiounen maachen e grousse Feler, wann si hir militäresch Capacitéiten ëmmer nëmmen ofbauen. Et soll lo wann-ech-gelift keen soen, mir Lëtzebuerger géngen jo dofir vill Entwécklungspolitik leeschten. Dat ass Geld zur Fënster rausgehäit an dat och nach zum Schued vun dene Länner déi déi Suën kréien!

Déi rezent Onrouen am arabesche an nordafrikanesche Raum  – an eiser direkter Nopeschgéigend – hunn  gewisen, dat mir Europäer nach ganz gutt beroden wären  fir grouss  militäresch Capacitéiten ze halen. Och D’Tiirkei – keen bequemt Land – gëtt ëmmer méi staark, an Europa geet ërnnert denen Emstänn bewosst a kaalbliddeg och nach grad Griicheland an Zypern economesch ruinéieren. Déi zwee Länner ginn vun der Tiirkei direkt militäresch menacéiert.

Nä, Däitschland an Europa sinn um falsche Wee. Eis aktuell Politiker total iwwerfuerdert. Et gëtt endlech Zäit fir e Wiessel! A fir Lëtzebuerg muss gëllen: net nach fënnef Joer den Här Juncker!

 

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert.