Aus der Chamber: Nei Infrastrukturen fir d’Land

vun der ADR-Spaweckssäit www.adr.lu:

E Konzept fir de „klénge Kueb“ (VIDEO)

De Fernand Kartheiser huet en Donneschdeg, den 20. November 2014, an der Chamber e puer Punkten aus dem Finanzementssplang fir grouss Infrastrukture kommentéiert.

Wat d’Kasären um Härebierg betrëfft, huet den ADR-Deputéierte betount, datt och de Respekt virun den Zaldoten et verlaangt, dat dëst iwwert propper a funktionell Infrastrukture verfüge kënnen. D’Soumissioun muss hei esou ugeluecht ginn, datt d’Renovatioun vun de Kasären och en Infrastrukturprojet fir den Norden duerstellt.

D’Regierung gesäit en „energeteschen Assainissement“ vum Hémicycle um Kierchbierg fir. Do fuerdert de Fernand Kartheiser, vill méi wäit ze denken: de „klénge Kueb“ muss valoriséiert ginn, den ADR-Deputéierte verlaangt e modernen an zäitgeméisse Konzept.

Bei den noutwennege Renovatiounen am Suessemer Schlass an an der Weilerbaach leet de Fernand Kartheiser der Regierung un d’Häerz, och hei e Gesamtplang an d’Aen ze faasse fir den Accueil vun den Leit déi Asyl ufroe besser meeschter ze ginn, och wat d’Aschoulung vun dëse Kanner ubelaangt.

 

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Ein Kommentar zu Aus der Chamber: Nei Infrastrukturen fir d’Land

  1. PALLMER Pierre sagt:

    Gudde Mëttech Här Kartheiser,
    TTIP: Bundesregierung trickst bei Schiedsgerichten An dësem Artikel aus der Zeit kommen ziemlech wonnerlech Saachen zum Fiirschäin: Fir d’éischt kréien führend deitscht Politiker bewisen, dat se öffentlech gelunn hun. Waat nach méi erschreckend ass: anscheinend wöllen d’Regierongen vun Österreich, Finnland, Frankreich, Holland (an elo gemäss Asselborn och vun Lëtzebuerg !) nöt nömmen Ceta aféieren, mä och geheim Schiedsgeriichter innerhalb der EU kréien. Doo kann een sech froen, ob déi Grimmel Demokratie, déi mir nach hun, gewössen Leit dach nach zevill ass ?
    Mat bäschte Gréiss: P. Pallmer

Schreibe einen Kommentar zu PALLMER Pierre Antworten abbrechen

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert