Monatsarchive: Februar 2013

Diskussioun ëm „Pussy Riot“ – e puer faktuell Informatiounen

Haut wor an der Chamber eng Diskussioun ëm « Pussy Riot ». An dem Kontext, hei e puer faktesch Informatiounen. Verschiddener hunn probéiert d’Aktioun vum Grupp  « Pussy Riot » entweder als « Concert » ze presentéieren, oder als ë relativ harmlost « Gebiet » fir de Putin « wech … Weiterlesen

Veröffentlicht unter Allgemein, Europa an d'Welt | Hinterlasse einen Kommentar

Girls‘ Day. Boys‘ Day, Nonsense Day!

Gläich dräi Ministeren haten sech dësst Joer zësummefonnt fir d’Editioun 2013 vum „Girls’ Day“, respektiv vum „Boys’ Day“ ze presentéieren. D’Meedercher, respektiv d’Jongen, tëschent 12 an 20 Joer sollen den Dag mat, fir hiert respektivt Geschlecht, “atypeschen“ Beruffer familiariséiert ginn. … Weiterlesen

Veröffentlicht unter Allgemein, Lëtzebuerg, Politik | Hinterlasse einen Kommentar

Kannerrechtskonventioun vs. Homo- „Bestietnis“

D’Zeitung « Le Quotidien »  hat de 26. Februar eng Rei vun Artikelen publizéiert, déi sech mat dene Problemer befaassen, déi déi Leit hunn, déi aus engem „accouchement sous X“ stamen. Zu Lëtzebuerg gëtt et déi legal Méiglechkeet vun enger anonymer Gebuert … Weiterlesen

Veröffentlicht unter Allgemein, Lëtzebuerg, Politik | Hinterlasse einen Kommentar

Dossier Bommeleeër – e Kommentar vun engem fréieren Offizéier vun der Arméi

Ech war et net – mä ech wor awer an den 80er Joeren Offizéier vun der Arméi an hunn nach e puer Erënnerungen un déi Zäit. Haut stoung am „tageblatt“ eng Affekotin vun der Verdeedegung hätt op „rietsextrem Tendenzen“ an … Weiterlesen

Veröffentlicht unter Allgemein, Lëtzebuerg, Politik | 1 Kommentar

Manner Europa, méi Lëtzebuerg!

Haut de Mëtteg huet d’Madame Reding d’Chancegläichheetskommissioun vun der Chamber besicht fir besonnesch iwwer d’Fraequot an den Verwaltungsréit vun den boursenotéierten Entreprisen ze schwätzen. Perséinlech sinn ech strikt géint sou Quoten. D’Entreprisen sollen vu qualifizéierte Leit geféiert ginn, an net … Weiterlesen

Veröffentlicht unter Allgemein, Europa an d'Welt, Lëtzebuerg, Politik | Hinterlasse einen Kommentar

Le gouvernement des juges

Op d’mannst zwee rezent Geriichtsuerteeler  iwwer d’Rechter vun denen homosexuelle Koppelen am Beräich vun der Adoptioun vu Kanner hunn, niewent hiren direkten Implikatiounen op d’Familljerecht,  och Konsequenzen op d’Debatt vun der Roll vun engem Riichter géintiwwer dem Législateur. Konkret geet … Weiterlesen

Veröffentlicht unter Allgemein, Europa an d'Welt, Lëtzebuerg, Politik | Hinterlasse einen Kommentar

Den Här Minister fir iwwerflësseg Kommitteeën a massiv Bürokratiséierung,

Etienne Schneider, huet grad decidéiert en « Haut-Comité dédié à l’industrie » zë grënnen. Den Héige Kommittee fir d’Industrie kann thematesch Aarbechtsgruppe forméieren an e kann déifsënneg  iwwer Froen nodenken déi en selwer definéiert . De Kommittee besteet aus zwee Ministeren a Vertrieder vun … Weiterlesen

Veröffentlicht unter Allgemein, Lëtzebuerg, Politik | Hinterlasse einen Kommentar

Kathoulesch Kierch: de Poopst Benedikt XVI an den Tirang!

Wien op d’Spaweckssäit vun der lëtzebuerger kathoulescher Kierch geet, fir ze kucken wéi si dem Poopst Benedikt dem XVI wëll Aeddi a Merci wëll soen, den fënnt   –  näicht! Am Ausland ginn Mercihoumassen gefeiert, an op der Spaweckssäit vum Aerzbistum … Weiterlesen

Veröffentlicht unter Allgemein, Lëtzebuerg, Relioun | 1 Kommentar

Déi Gréng: amplaatz „Konkret Politik“ eng nebulös Grondsazerklärung!

De Kongress vun dene Gréngen vum 23. Februar hat den schéinen Titel « Konkret Politik ». Raus koum eng véier Säite laang Grondsazerklärung, déi alles aanescht wéi konkret ass. Et ass en Dokument mat villen abstrakten Sprëch a Floskelen, mä ouni konkret … Weiterlesen

Veröffentlicht unter Allgemein, Lëtzebuerg, Politik | Hinterlasse einen Kommentar

Fir e Nationalen Elitlycée!

Ech wees, den Titel klengt vläicht fir Verschiddener provokativ, mä ech mengen et awer och sou – genee sou! Et muss Schluss sinn mat der Schoul vun der Usprochslosegkeet, vum « nivellement vers le bas », vu Cyclen wou keen kann sëtzebleiwen, … Weiterlesen

Veröffentlicht unter Allgemein, Lëtzebuerg, Politik | Hinterlasse einen Kommentar