Iwwert dës Säit

Wat op dësem  « Blog » steet, engagéiert nëmme mech als Persoun a net meng Partei oder iergend wellech aaner physech oder moralesch Persounen. Ech drécken hei meng perséinlech Meenungen zu enger Rei vu Sujeten aus a bezéien mech just op aner Positiounen an dem Mooss wou ech déi deelen oder si well kommentéieren oder kritiséieren. Ech maachen dëss Säit awer gär fir Gaaschtkommentaren op denen ech wëll méi Publizitéit ginn.

Déi „konservativ Säit“ heescht zweeërlee: zum engen wëll ech domadder dëse Blog als „Säit“, als eng Publikatioun verstaane wëssen, ähnlech enger Zeitung déi jo och hir Säiten huet. Am iwwerdroëne Sënn bedeit dësen Titel awer och dat ech wëll dene konservativen Meenungen, där konservativer Säit vun eiser Gesellschaft,  hei eng Plaatz ginn, wëll et soss leider net méi vill Forumen fir sou Meenungen hei am Land gëtt.

3 Kommentare zu Iwwert dës Säit

  1. Ech bän en Siweberjer Sachs und mir rieden asi ahnlich wär Ir ä Letzeburch. Sieweberjen load ä Rumänien. As Vuerfohren senj schin äm 12 Johrhangdert aus der Gejend vu Luxemburg hierhär ku. Uch mir wälle bleiwe wat mer senj. Et gefällt mer sier gat, dat sä än ännerer Mottersproch schreiwen. Mir senj nemi vill. De meiste senj ke Detschland ousgewandert.

    Ihr Blog gefällt mir sehr gut und ich lese ihn mit großem Gewinn. Ihre Haltung entspricht auch der meinen.

    MfG

    Scheerer

  2. Roksan MALY sagt:

    Moien,

    mein Numm ass Roksan MALY an ech sinn Schüler am Lycée Ermesinde Mersch.
    Meng Klass participéiert un engem Projet den d’Wahlrecht ab 16 Joer an den Referendum 2015 betrefft.
    Mir wollten Iech als Member vun der Partei ADR ëm een Statement bieden.

    Merci schon am viraus an nach een schéinen Dag.

    • fkartheiser sagt:

      Bonjour, ech hunn Iech e klenge Résumé virbereed, deen ech Iech op Aer e-mail Adress viruschécken.
      Mat beschte Gréiss,

      Fernand Kartheiser

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert