D’CSV – déi ugekënnegt Enttäuschung!

Am Abléck gesäit et jo esou aus, als wär d’CSV schonn esou gutt wéi sëcher an där nächster Regierung. Domat stellt sech also och d’Fro no hirem Koalitiounspartner fir dee méi wéi wahrscheinleche Fall wou si 2018 keng absolut Majoritéit géng erreechen. Nodeems d’CSV eng Zäit laang gesot hat si kéint sech fir no deene nächste Wahlen eng Koalitioun mat all demokratecher Partei viirstellen – an domat d’ADR net ausgeschloss hat – , huet si  zënter e puer Méint hir Meenung nees geännert a schléisst elo eng Koalitioun mat der ADR explizit aus.
Dëss Positioun enttäuscht vill Leit déi sech no der Gambia-Koalitioun eng Koalitioun vun der rietser Mëtt gewënscht haten. Well d’CSV awer souguer no hirer eegener Aschätzung eng Partei vun der lénker Mëtt ass, allerhéchstens och nach eng “C fir Centrum”-Partei, ass elo scho sëcher, datt och déi nächst Regierung ouni d’ADR eng Koalitioun gëtt déi méi oder manner wäit lénks steet. Eng grondsätzlech nei Ausriichtung no méi wäertorientéierte Critèren ass domat net méi ze erwaarden.
Dësst Virgoen vun der CSV ass och eng ugekënnegt Mëssuechtung vum Wielerwëllen – well och fir de Fall wou d’ADR iere sollt vum Wieler gestäerkt ginn, huet d’CSV elo schonn decidéiert fir de Wielerwëllen ze ignoréieren. Déi Arroganz ass alles aanecht wéi den Ausdrock vun enger demokratescher Kultur.
Et ass och de Beweis dat sech hei zu Lëtzebuerg e Kartell vu véier politesche Parteien lénks vun der Mëtt constituéiert, deen d’Muecht ënner sech wëll deelen a behaapten. No lénks si wuel nach punktuell Koalitioune méiglech, mat deene Lénken an esou guer mat de Kommmunisten, wéi elo zu Rëmeléng, no riets awer net. Déi 68er Ideologie déi den dominanten Diskurs vun all deene Parteien ass – inclusiv deen vun der CSV – gëtt an enger “Wagenburg”-Mentalitéit verdeedegt. Déi politesch Alternativ zu deem Kartell, déi hei am Land just d’ADR als nennenswäert Partei representéiert, gëtt mat eidele Wuerthülse wéi “Populismus” probéiert ze discreditéieren. Ob dat laangfristeg hëlleft ass opgrond vun deenen aktuellen internationalen Entwécklungen awer ze bezweifelen. Vill Leit hätte gär nees eng méi konservativ Politik an déi kann nëmme vun der ADR kommen.
Déi véier Kartellparteien sinn ënnereneen bal zu 100% austauschbar. D’Ennerscheeder tëschent enger CSV an deenen dräi Parteien déi haut an der Regierung sinn, si kleng bis inexistent. Et ass méi eng Traditioun déi vill Leit bei d’CSV dreiwt, vläicht och dat Gefill oder déi Hoffnung datt aner Leit géngen eng aner Politik maachen. Dat ass awer net de Fall. Mat der CSV kommen vill aalbekannte Gesiichter zréck an d’Regierung déi grosso modo un där aktueller Politik festhalen. De Wahlerfolleg vun der CSV ass d’Geschicht vun enger ugekënnegter Enttäuschung.
D’CSV ass eng Partei déi alles Chrëschtleches opginn huet. Et schwätzt fir sech, datt d’CSV iwwerhaapt kee Problem huet fir mat Ofdreiwungs- an Euthanasieparteien an eng Koalitioun ze goen, eng méi konservativ ADR awer kategoresch refuséiert. Dat huet seng Uersaachen, an déi leien virun allem an Europa, méi genee am Juncker-Merkel- Schied an deem den Här Wiseler zimlech kléng, schwaach an onbehollef do steet.
D’ADR wëll keng onkontrolléiert Immigratioun a verlaangt sëcher Grenzen – d’CSV wëll awer dogéint déi däitsch Merkel-Politik zu 100 % matdroen. D’ADR wëll Lëtzebuerg net an engem zukünftegen europäesche Federalstaat opléisen – d’CSV wëll awer genee dat als laangfristegt Zil. D’ADR hällt un der Lëtzebuerger Sprooch fest, d’CSV bradéiert d’Nationalitéit u Leit déi no 20 Joer am Land eis Sprooch nach ëmmer net geléiert hunn. D’ADR hällt un der traditionneller Famill fest – d’CSV ass fir d’Homo-Bestietnis a wëll neierdéngs och d’Ofschaafe vu bal alle moraleschen a rechtleche Grenzen bei de medizinesche Fortpflanzungstechniken. Déi Häre Bech a Werner genge sech am Graf rondrëm dréinen, geséichen si déi Politik déi hir Partei haut mecht.
Wéissten d’Leit wat d’CSV haut wierklech ass – nämlech déi véiert Gambia-Partei just an engem orange Räckelchen – si gengen hirt Kräiz bestëmmt soss anzwousch maachen.

 

 

 

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

4 Kommentare zu D’CSV – déi ugekënnegt Enttäuschung!

  1. Camille Weydert sagt:

    D‘csv wurschtelt sech un d‘Muecht, si wëll waat bis elo geschidd asd nitt änneren durfir brauch si ee Loalitionspartner hannerdeem si sech ka verstoppen! Schlëmm wann een d’Leit esou op d’Aen dreckt!

  2. Marcel SPIRINELLI sagt:

    Ech hoffen datt et keng CSV-Gring Koalitioun gett…

  3. Scheer Anni sagt:

    Mat all dem wat en liest an heert huet en ken bock wielen ze goen ech kucken nach no me steht nach net fest op ech de do wahl matmachen wel se jo lo schons drop lass gin an soen ech wel net mat dem an net mat der

  4. public enemy sagt:

    „Wéissten d’Leit wat d’CSV haut wierklech ass – nämlech déi véiert Gambia-Partei just an engem orange Räckelchen – si gengen hirt Kräiz bestëmmt soss anzwousch maachen.“

    Ech gi souwäit ze behaapten, datt déi mannste Leit sech u Politik am Allgemengen interesséieren. Wann een Interviewen héiert wëssen net vill Leit ween a wéi enger Partei ass, fir wat d’Partei an déi eenzel Politiker stinn, wee Minister, Deputéiert ass, wëssen net wat an der Politik leeft. Déi mannst verfollegen déi ëffentlech Debatten asw. An ech ginn och souwäit ze behaapten, dass verschidde Leit hire Kräiz einfach bei Nimm maachen, déi hinnen zousoen oder Gesiichter déi hinne gutt gefalen, anerer eng Partei wiele well se Verwandschaft oder Kënneger dran hunn an nach anerer, well de Frëndeskrees oder d’Famill déiselwecht Partei wielt. Well se keng Anung hu ween a wat se solle wielen.

    Woubäi ech den Desinteressi bei de Leit duerchaus novollzéie kann. Well Politik ass alles anescht wéi éierlech, glafwierdeg, propper, transparent a vertrauensvoll.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert