Amour sacré de la Patrie !

Ah, wat d’Zäiten sech dach gläichen! Déi lénk Bewegungen sinn ëmmer nach kampfbereed! Fréier hunn si schéin patriotesch a martialesch Lidder gesongen, wéi zum Beispill eng gewësse Marseillaise an där een sou internationalistesch, klassebewosst an gendergemainstreamt Passagen fënnt wéi zum Beispill den hei:

Amour sacré de la Patrie
Conduis, soutiens nos bras vengeurs
Liberté, Liberté chérie
Combats avec tes défenseurs!
Sous nos drapeaux, que la victoire
Accoure à tes mâles accents
Que tes ennemis expirants
Voient ton triomphe et notre gloire!

D’ « International », déi onbestridden Lieblingsschnulze vun de « Kroden a Krodinnen », och wann keen vun hinnen  se méi ka sangen, ass och vun engen staark romanteschen Pazifismus imprägnéiert :

In Stadt und Land, ihr Arbeitsleute, wir sind die stärkste der Partei’n, Die Müßiggänger schiebt beiseite! Diese Welt muss unser sein; Unser Blut sei nicht mehr der Raben, Nicht der mächt’gen Geier Fraß! Erst wenn wir sie vertrieben haben dann scheint die Sonn‘ ohn‘ Unterlass!

|: Völker, hört die Signale! Auf zum letzten Gefecht! Die Internationale erkämpft das Menschenrecht.

An domat si mir bei eisem Thema vun haut ukomm: déi éiweg kämpferesch an heroesch Lénk! Patriotesch oder internationalistesch, bellizistesch oder pazifistesch, wéi et hinne grad passt. Awer ëmmer stramm géint déi „Riets“.  Virun e puer Deg stoung am kulturissimo, dat ass eng vollkommen kulturberéngegt Bäilo vun enger Dageszeitong, en Artikel vun engem Muséeesdirekter mam Titel : « Gibt es eine rechtsextreme Szene in Luxemburg ?» (11. Abrël 2013, Säit 16). Fréier woren Muséesdirekteren akademesch Capacitéiten, Autoritéiten an hirem Fach, onbestridden Perséinlechketen, dacks mat Frack an Zylinder. Haut klammen si schonn mol méi dacks an d’Déiften vun der Politik rof, schreiwen kämpferesch-programmatesch Parolen an declaméieren : « Die Front gegen Rechtsaussen ist jedenfalls dabei, sich zu bilden. »  Nä, dat ass net ieren en Zitat aus der Footballssprooch vun engem Sportreporter, och wann et genee sou kléngt, et ass eng authentesch Kampfusoo vun engem Muséeesdirekter un déi politesch Riets zu Lëtzebuerg!  Wéi schéin, dat déi Lénk nach kämpfe kënnen – zwar net méi fir den Index, fir Rentegerechtegkeet a géint eng Erhéigung vun der TVA, méi ëmmerhin géint déi Riets! « Déi konservativ Säit » begréissst selbstverständlech de Courage an den Engagement vum Géigner. Messieurs les Gauchistes, tirez les premiers! An dat hunn si jo och gemaach.

Den Här Direkter kritiséiert den Här Minister Schmit (LSAP) wëll den vun « Asyltourismus » geschwat hat. Abee, dën Här Minister Schmit hat domadder vollkommen Recht! Leider huet d’Regierung net séier genuch géint den massive Mëssbrauch vum Asylrecht gehandelt.

Den Här Direkter kritiséiert och den Här Buergermeeschter Bettel (Showbusiness-Party) well den vun enger « Bettlermafiafront » geschwat hätt. Bonne trouvaille, Monsieur le Maire!

Also  d’Fronten si kloer. Et ass net un iergendengem Kolumneschreiwer  fir de Leit ze soen, wéi eng Wierder si därfe benotzen an wéi eng net. An mir mecht do scho guer keen iergendwellech Viirschrëften! Och keen Muséesdirekter.

An dem Artikel gëtt Erstaunleches behaapt, zum Beispill dat hei: «Es gibt eine Reihe von Mitbürgern, (…) , die in der obengenannten Grauzone zwischen Neonazismus, Rechtsextremismus, Rechtspopulismus, Xenophobie, Antisemitismus, Islamfeindlichkeit, Patriotismus, erzkonservativer Politik und fundamentalistischem Katholizismus agieren. »  Ich denk’ mich tritt ein Pferd….  Wat ass dat do dann fir en Amalgam?  Ech diagnostizéieren do éichter eng markant « Grauzone » an der gedanklecher Kloerheet bei der Formuléierung vun dem Saz… Huele mir mol dat Beispill Patriotismus : wat soll dann um Patriotismus schlecht sinn? Do steet jo net «  Nationalismus » an der  Lëscht, mee « Patriotismus ».

Ech fannen jiddereen soll e Patriot sinn. Jiddereen soll säi Land gär hunn. Leider huet de Patriotismus bei de Lëtzebuerger ofgeholl, bei mir perséinlech awer ganz secher net. Ech erwaarden iwwregens och vun all Auslänner dat hien säin eegent Land gär huet a respektéiert. Dat ass dach dat Normalst vun der Welt! Et ass fir mech net novollzéibar, firwat déi lëtzebuergesch Lénk den Haass géint dat eegent Land vun denen däitschen Lénken, Gréngen an aneren Mënschefeinden einfach iwwerholl hunn, obschonn mir Lëtzebuerger jo keen Krich ugefaang a keng Milliounen vun Doudegen um Gewëssen hunn. Ech wees, ech wees … et kann Fäll vun Kollaboratioun ginn hunn an et huet där och ginn. Dat ännert awer trotzdem fundamental näicht um historeschen Constat: Lëtzebuerg huet den zweete Weltkrich net ugefaang!

An wat ass dann eng « erzkonservativ Politik » oder en « fundamentalistischen Katholizismus » ? Mengt den Här Direkter vläicht domat zum Beispill déi Leit déi net domat d’accord sinn, dat  ongebuere Kanner hei am Land all Joers zu Dausenden geschluecht ginn? Sinn déi dowéinst « rietsextremistesch » oder « neonazistesch » well si sech fir de Schutz vum Liewen asetzen ?  Ass dat net vläicht eng historesch a politesch grondfalsch Analogie?

An huet den Här Direkter vläicht schonn héieren, dat et am Islam gewëssen Tendenzen gëtt, déi engem friddleche Mateneen tëschent islameschen a westlechen Kulturen net ganz positiv géintiwwer stinn?

Op enger anerer Plaz schwätzt den Här Direkter vu « Nativismus » an definéiert dat als eng « Vorherrschaft  der Einheimischen gegenüber Neuankömmlingen ». Jo, misst dat do vläicht net mol ausdiskutéiert ginn ? A priori schéngt mir sou eng Approche vollkommen normal ze sinn, zum Beispill am Beräich vun de politeschen Rechter oder der gesellschaftlecher Normesetzung.

Da gëtt gesot « Populismus » wär « mehr Gerechtigkeit und mehr Macht für die kleinen Leute » . Très bien ! Nenne mir dat hei am Land dann net « Sozialstaat », „national Solidaritéit“  an « allgemengt Wahlrecht » ?

Op dem Här Direkter seng Ausféierungen zu gewësse Mouvementer wéi de « Lëtzebuerger Patrioten », der « Luxembourg Defense League » etc…ginn ech hei net an. Virun allem well ech iwwer déi Mouvementer sou gutt wéi näicht wees. Iwwer den Här P.  hunn ech awer op dësem Blog schonn geschriwwen, an zwar am Bäitrag « Meenungsfräiheet ». Ech stellen allerdéngs fest dat keng eenzeg eventuell rietsradikal Bewegung zu Lëtzebuerg an enger politescher Partei oder an enger vergläichbarer Struktur organiséiert ass. Bei de Lénksextremisten ass dat leider aanecht. Do gëtt et souguer schonn zwou Parteien : d’Kommunisten an déi Lénk an eng vun denen zwou sëtzt leider och nach an der Chamber.

Déi Debatt ob d’NSDAP eng Riets- oder eng Lénkspartei war, déi och am Artikel kuerz ernimmt gëtt, ass vill méi komplex wéi se do duergestallt gëtt. Dat wär en Thema fir eng seriös politesch Debatt, déi och aner Mouvementer wéi zum Beispill den italieneschen Faschismus misst mat berücksichtegen.

Jiddefalls, fir dat ganz kloer ze ënnersträichen, loossen ech mir keng Definitiounsautoritéit iwwer politesch Richtungen oder Begrëffer hei am Land vun Leit aus dem lénke Lager oder vu soss iergend engem octroyéieren. Ech definéieren meng Begrëffswelt selwer.

Ech soen kloer an däitlech : Patriotismus ass eng ganz positiv Erscheinung. D’Leit sollen hir Land roueg a mat guddem Gewëssen gär hunn.

D’Lëtzebuerger Sprooch ass iwwregens och keng « Exklusiounssprooch », mee si soll, ganz am Géigendeel, déi normal an eenzeg Integratiounssprooch hei am Land sinn.

« Déi konservativ Säit » scheit jo bekanntlech ni virun pädagogeschen Efforten zugonschten vun denen Lénken, Gréngen, Rouden an aneren politesch massiv Hëllefsbedürftegen zréck. D’Hoffnung stierft jo bekanntlech als Lescht an dowéinst ginn mir dovun aus, datt eng Bekéierung och vu Leit aus dem lénke Lager ni ganz ausgeschloss ass.

Haut offréiere mir hinnen dowéinst eng Ried un d’Kadetten vun der United States Military Academy zu West Point  vum Generol Mac Arthur. Dem Här Generol säin Thema wor e ganzt patriotescht : « Duty, Honour, Country ».  Wien sech dono wëll fräiwëlleg an d’Arméi mellen, fënnt um Site www.armee.lu déi néideg Informatiounen.

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein, Lëtzebuerg, Politik veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert