Multi-Kulti ass e geféierleche Feler

E puer Deg no den Attentaten vu Boston an London, wou en Zaldot an Zivil op der Strooss ermuerd gouf, ass et alt nees néideg sech Froen iwwer eis Gesellschaft ze stellen. Et ass jo sou bequem eng Partei wéi d’ADR einfach an den rietsen Eck ze drécken, nëmmen well si eng konsequent a volontaristesch Integratiounspolitik op der Basis vun eise Wäerter an eiser Sprooch fuerdert. Mee d’Alternativ vun denen lénken Parteien, eng Multi-Kulti-Gesellschaft an där jiddereen op seng Manéier glécklech gëtt an einfach kann niewent den aaneren Communautéiten hier liewen, ouni vill Kontakt, ouni gemeinsam Wäerter an ouni gemeinsam Sprooch, ass gescheitert. Dat, wat mir am europäeschen Ausland an an Amerika all Dag gesinn an erliewen ass dofir dee beschte Beweis. Nach ass et Zäit fir hei am Land géigenzesteieren!

Déi Gréng an déi aner lénk Parteien schwätzen zwar zum Beispill vun engem  „gemeinsamen Wäerteunterrecht“ an de Schoulen mee si verdrängen awer dobäi bewosst de Faktum dat et elo schon – och hei zu Lëtzebuerg – keen gemeinschaftleche Wäertekodex méi gëtt,  op den all gesellschaftlech Gruppen sech kéinten eenegen.  Als Vertrieder vun der ADR hat ech dowéinst am Parlament proposéiert, fir elo mol all  relevant Mënscherechtserklärungen an –Konventiounen an en ausgebauten Staatsbiergerschaftsunterrecht mat opzehuelen. Op där Basis misst wéinstens mol en Deelkonsens tëschent de politesche Parteien méiglech sinn.

De lénken Multi-Kulti-Kult, de gréng-bloen  „multiplicity“ – Voodoo, erlaabt et auslännesche Communautéiten hei ze liewen an eis lëtzebuergesch Kultur, eis Sprooch  an eis Wäerter dobäi einfach ze ignoréieren. De Multi-Kulti-Persilschäin erméiglecht et och  potentiellen Extremisten  Aktivitéiten hei am Land opzebauen, ouni dofir direkt kënnen interpelléiert ze ginn.

Mir Lëtzebuerger sollten eis dofir asetzen, dat Auslänner déi wëllen hei am Land wunnen – a keen ass dozou gezwongen! – sech mussen aktiv fir déi lëtzebuergesch Kultur a Sprooch interesséieren. Vill Leit priedegen jo ëmmer de géigeseitege Respekt an de  Versteesdemech, abee dozou gehéiert virun allem och de Respekt den de Gaascht muss fir dat Land hunn, dat en bei sech ophëllt.  Wann eis auslännesch Matbierger do derniewent och nach hir eegen Traditiounen flege wëllen – souwäit déi mat eise Wäerter an eisem Rechtssystem compatibel sinn – da kënnen si dat natierlech maachen. Mee et gëtt eng Leetkultur hei am Land – an dat ass déi lëtzebuergesch. An et gëtt e Wäertekodex hei am Land – an dat ass den vum liberalen Rechtsstaat mat senge jüdesch-chrëschtleche Wuerzelen. Wen domat net zefridden ass, den muss jo net hei liewen.  D’Welt ass grouss a keen gëtt drunn gehënnert seng Walisse ze paken.

Mir brauchen keng falsch verstaanen Toleranz. Mir  brauchen keng bëlleg Entschëllegungen, just well déi Gréng, déi Rout an aner lénk Parteien eis eegen Traditiounen an eis eege Kultur mepriséieren. Och déi lëtzebuergesch Kultur ass iwwer d’Joerhonnerten ënner ville verschiddenen Aflëss entstaanen.  Si ass selwer räich a multikulturell a bestëmmt net manner wäert wéi soss eng Kultur.

Multi-Kulti därf ni e Begrëff sinn, den d’Noutwendegkeet vun der Integratioun relativéiert! An eisem Land gëllen eis Wäerter!

Wouhin de Multi-Kulti-Wahn an eng falsch verstaanen Toleranz ka féieren, wéi e Communautarismus kann doraus entstoen, dat weisen zum Beispill dëss Videoen:

 

 

Dieser Beitrag wurde unter ADR, Allgemein, Europa an d'Welt, Lëtzebuerg, Politik veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert