Déi gewooten Phantasien vun der Madame Viviane R.

An där éisterräichescher Zeitung « Der Standard » huet d’Madame Viviane Reding den 31. Mee en laangen Interview ginn, den et verdéngt méi genee gelies ze ginn.

http://mobil.derstandard.at/1369362296023/Reding-an-Orban-Die-Verfassung-ist-kein-Spielzeug

Mee ier ech iwwer den Interview e puer Kommentaren wëll lass ginn, denken ech, datt et sënnvoll ass un dem Här Frank Engel (CSV) seng Positioun iwwer Lëtzebuerg an Europa ze erënneren, wéi och un déi vun der Piratepartei. Iwwer dëss Positiounen gëtt et Artikelen op dësem Blog. Et schéngt leider an der Moud ze sinn fir eis Land wëllen ofzewäerten oder ganz ofzeschaafen. Wat mech ugeet, sinn ech frou fir an enger Partei ze sinn, déi iwwerhaapt net drunn denkt eist Land ofzeschaafen, mee déi, ganz am Géigendeel, fir en Europa vun de Natiounen plädéiert.

Iwwer Ungarn hunn ech och schonn e puer mol op dësem Blog geschriwwen, souwuel iwwer déi méi wéi gestéiert Relatiounen tëschent der Madame Reding an dem ungareschen Parlament, wéi och wat de Vergläich vun de Mësssstänn tëschent Lëtzebuerg an Ungarn ugeet.

Wat lo d’Madame Reding betrëfft ass si bekanntlech keng Persoun déi un allzevill grousser Modestie leide géng. Dofir iwwerrascht och net, dat si an dësem Interview net ausschléisst fir EVP-« Spëtzekandidatin » bei denen nächsten Europawahlen ze ginn. Déi däitsch Bundeskanzelerin Angela Merkel ass do mol jiddefalls retizent :

http://www.welt.de/politik/deutschland/article116736487/Merkel-will-der-EU-keine-Kompetenzen-mehr-geben.html

D’Madame Merkel ass net iwwerzeegt vun der Iddi vun engem direkt gewielten Kommissiounspresident, well den natierlech dann e ganz aaneren Pouvoir géintiwwer den Nationalstaaten hätt. Der Madame Reding hir Hoffnungen op sou eng Positioun bleiwen also wahrscheinlech lo mol Fantasmen.

Jiddefalls widdersprëcht d’Madame Reding sech well si seet: „Ich sehe die Kommisson als Regierung an“ an gläichzäiteg rappeléiert si, datt d’Kommissioun d'“Hüterin der Verträge“ ass. Abee, et steet néierens, an kéngem  Vertrag, datt d’Kommissoun  eng europäesch Regierung wär. Et gëtt och keen „EU-Gesetz“, wéi d’Madame Reding mengt därfen ze behaapten.  D’Madame Reding schéngt do hir Aufgaben a Kompetenzen ganz grondsätzlech falsch ze verstoen.

Och steet néierens dat e Justizbarometer sollt Deel vum Eurpäesche Semester sinn. dat ass alles eng Privatinitiativ vun der Kommissioun ouni den Accord vun de Memberstaaten. Dee Saz „Justizpolitik ist auch Wirtschaftspolitik“ erënnert eis drunn dat d’Logik vum Bannemaart permanent vun der Kommissioun an vum Europäeschen Parlament mëssbraucht gëtt fir Harmonsiéierungen am Stroof- an am Zivilrecht duerchzedrécken. Dat sinn Beräicher déi kënnen integral renationaliséiert ginn.

Emmerhin seet d’Madame Reding kloer, dat hir Zil e federalt Europa ass. E Konvent soll erreechen dat nei Vertragsännerungen schonn 2018 a Kraaft trieden. All Stëmm fir si oder den Här Engel ass also eng Stëmm géint d’Rechter vun eisem Land.

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert