D’Lëtzebuerger Land schreift mar en Artikel an dem et bekannt gëtt, dat ech Duebelagent gewiecht wär an och 2009 vum SREL „reaktivéiert“ gi wär, fir eng Operatioun Vampire.
Richteg ass, dat ech an den 80er Joeren Offizéier vun der Armé wor a vun 1986 bis 1988 „Congé sans traitement“ geholl hat, fir nach d’Diplomatesch Akademie zu Wien ze absolvéieren. Zu Wien ass dunn de miltäresche Geheimdéngscht vun der Sowjetunioun, de GRU, un mech rugetrueden fir ze probéieren mech als Agent ze rekrutéieren. Doropshin hunn ech direkt de SREL infoméiert, an der Persoun vun sengem Direkter, dem Colonel Hoffmann. Kuerz dropp hunn ech den Här Hoffmann, zësummen mat engem Här vun der CIA, zu Wien getraff. Déi zwee Hären hu mech gefrot, ob ech bereet wär als Duebelagent géint d’Russen ze schaffen. Dat hunn ech als eng patriotech Flicht ugesinn an ech hunn dono e puer Joer laang, zu Wien an zu Lëtzebuerg, fir de SREL an de CIA géint de GRU geschafft.
Vun enger Operatioun „Vampire“ am Joer 2009 wees ech näicht.
Hei ass dat wat d’Press doriwwer seet:
http://www.wort.lu/de/view/kartheiser-die-russen-an-der-nase-herum-gefuehrt-51b0b524e4b0e794460f8afd
http://news.rtl.lu/bommeleeer/news//441513.html
http://www.tageblatt.lu/nachrichten/luxemburg/story/Ex-Doppelagent-heute-Deputierter-23672506