Stroummastentourismus

Nom Liesen vun de Neiegkeeten aus dem Bommeleeërprozesse hunn ech dacks nëmmen een Gedanken: wéi kann een sou e Prozess nëmmen ouni de geréngsten militäresche Sachverstand féieren? Wat do erzielt gëtt ass fir mech – an wahrscheinlech och nach fir vill aner Offizéier – ganz einfach haarsträubend!

Lo soll also den Zeien gehéiert ginn, den no wort.lu:

In Bezug auf die Informationen eines anonymen Soldaten, der sich vor einigen Wochen an den Srel gewandt hatte, beantragte die Verteidigung nochmals die Anhörung dieses unbekannten Soldaten sowie die Befragung von Geheimdienstchef Patrick Heck, der dessen Namen nicht mitteilen wolle.

Dieser Informant hatte bekanntlich dem Srel gesteckt, dass er in den Attentatsjahren den späteren Generalstabchef Colonel Armand Brück mehrmals zu Hochspannungsmasten im Raum Beidweiler gefahren haben will.“.

Déi Beschreiweung vum Wort ass NET konform mat dem wat am Bréif vum Här Direkter Heck vum 19 Abrël 2013 steet (Artikel op dësem Blog: De mortuis nihil nisi bonum).  Do steet den Här Colonel Bruck hätt eng reconnaissance „des environs“ an vun den „voies d’accès“ vun der Regioun gemaach. Den Här Heck schreift ausserdem, den Zaldot hätt mol net gesot dat et eng „reconnaissance“ gewiecht wär.

Dozou soen ech dat hei:

– fir e gewéinleche Poteau sprengen ze goen, brauch een ë virdrun net ze kucken. Een gläicht dem aneren. Et hëllt een einfach genuch Material mat.

– Interessant ass héchstens, ob sou e Poteau duerch Ofspärungen gesëchert ass. Dat ass extrem liicht a séier festzestellen an et brauch een dofir keng „reconnaissance“ mat engem Chauffeur.  An scho guer net nuets!!!

– Op denen üblechen Militärkaarten a groussem Moosstaw loossen sech normalerweis bal all Informatiounen iwwer den Zougank zu sou Masten an dem Verlaf vun de Stroumleitungen feststellen. Eng Iwwerpréiwung vun denen Donnéeën léisst sech séier an onopfälleg maachen.

– Wann een Bommeleeër mat militäreschem Hannergrond ass, dann hëllt een keen Zeien mat op eng „reconnaissance“,  et meecht een keng total iwwerflësseg „reconnaissancen“ déi ëmmer e Risiko duerstellen an et geet een net nuets Saache kucken déi een nuets net ka gesinn well – an dat wëssen och Zivilisten – et dann bekanntlech däischter ass.

– Ausserdem geng wuel kaum en héigrangegen Offizéier wéi e  Colonel sech selwer ëm d’Sprengung vun engem Mast këmmeren. Sou eng „Recce“ géng also – wann iwwerhaapt – wahrscheinlech vun dem gemaach ginn, den d’Missioun och soll executéieren.

Mee gutt, wéi gesot, wann ech net scho gro wär, da kriit ech alléng schonn duerch déi Behaaptungen iwwer den Här Colonel Bruck gro Hoer. Wéi déif kann de Niveau nach falen?

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert