Entrave à la justice?

Wou steiert eise Staat hin? Respektéiere mir  nach déi gewerkschaftlech Fräiheeten? Ass et hei am Land nach erlaabt Kritik un engem Gesetz ze üben? Liewen mir iwwerhaapt nach an enger Demokratie?

Ech wëll hei just mol e puer Froe stellen:

1. Gëschter hunn mir erlieft, dat am Kader vun engem Prozess hannerfrot gouf wat zwee Memberen vun enger Gewerkschaft, der ACSP (Cadres supérieurs vun der Police), an där Gewerkschaft gemaach a gesot hunn. Gëllt hei am Land nach déi gewerkschaftlech Fräiheet? Ass et net d’Recht vun ALL Member vun enger Gewerkschaft fir zur Meenungsbildung vu senger Gewerkschaft bäizedroen? Ass et net d’Recht vu  all Member vun enger Gewerkschaft an vun all Gewerkschaft och kritesch Positiounen ze huelen an déi géint iwwer der Politik an der Effentlechkeet ze vertrieden?

2. Dat Gesetz ëm dat et geet ass e Gesetz dat ech selwer och fir geféierlech fir eise Rechtsstaat halen. Den Paragraph den vum Här Procureur bäigesat gouf, gëtt et NET am franséiche Recht vun dem de ganze Rescht vun dem Gesetz ofgeschriwe gouf:

http://www.legilux.public.lu/leg/a/archives/2011/0144/a144.pdf#page=2

Et geet an dëser Diskussioun ëm dëse Saz:

Est punie de la même peine, la personne qui, par ses fonctions, est appelée à concourir à la manifestation de la vérité et qui retient sciemment une information susceptible de contribuer à la manifestation de la vérité.“

Dat do ass e Paragraph, den net nëmmen géint Polizisten mee och zum Beispill géint Untersuchungsriichter a géint Affekoten kéint agesat ginn. Et gëtt ausserdem – sou wäit ech wees – keng zouverlässeg Jurisprudenz, besonnech well et dat do jo net am franséiche Recht gëtt.

Ausserdem ass et bal onméiglech seng Onschold ze beweisen, wann een ugeklot gëtt et hätt een „wëssentlech“ eppes net gesot. Et därf menger Iwwerzeegung no an engem demokrateschen Rechtsstaat keng Gedankeverbriechen ginn !!!

Fir mech ass dat do eng rechtsstaatlech äusserst bedenklech Dispositioun an ech hunn dowéinst an der Chamber och dogéint gestëmmt.

 3. Ech wëll wëssen:

Huet d’ACSP en Avis un de Minister oder un d’Chamber geschéckt (ech hunn kee fonnt) an wat steet do drann?

Huet de Service juridique vun der Direktioun vun der Police en Avis zu dem Gesetz geschriwwen a wat steet do drann?

4. Ech verlaangen:

– de volle Respekt vun de gewerkschaftleche Fräiheeten;

– de Respekt vun dem absolute Recht vu jidderengem fir kënnen e Gesetzesprojet, eng Gesetzespropositioun oder och e Gesetz ze kritiséieren an ze kommentéieren!

MIR LIEWEN AN ENGER DEMOKRATIE!!!!

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert