Presshëllef an Medienpluralismus

Am Paperjam vum Juli 2013 ass en Interview mam Här Erny Gillen mam Titel „Saint Paul en pleine mue“. An dem Artikel wënscht den Här Gillen sech eng nei Diskussioun iwwer d’Presshëllef, déi ën net wëll ofschaafen, mee déi hien sech kéint am Kader vun  enger „reconversion dans le domaine global“ viirstellen. Dobäi wäert hien ënner anerem un déi digital Medien denken.  Ausserdem erënnert hien un de „maintien de l’emploi“ an dem Secteur.

Sou wäit, sou gutt. Allerdéngs ass et ni schlecht d’Wort drunn zë erënneren, dat kaum eng Zeitung de Pluralismus, inklusiv aus den eegene Reihen,  sou ënnerdréckt wéi hatt selwer. Souguer vill Paschtéier kréien am Wort keng Zeil publizéiert, vun de Lieser scho guer net ze schwätzen. D’Wort ass keng Zeitung mee e  publizéiert Zensurorgan.

Dat de Steierbezueler iwwer d’Presshëllef d’Zeitungen ënnerstëtzt halen ech fir prinzipiell richteg. An eisem Land kéint ouni déi Hëllef keng Zeitung iwwerliewen.

Allerdéngs wéilt och ech de Pluralismus den d’Medien als Géigeleeschtung ze bréngen hunn, nei definéieren. De Steierbezueler ass net do, fir denen verschiddenen Parteien hir Propagandaorgan ze finanzéieren, mee hien bezillt fir sech an all Zeitung kënnen objektiv ze informéieren. Et gëtt also zwou Ziilrichtungen vun der Presshëllef: éichtens de Pluralismus duerch vill verschidden Organer mat hiren eegenen Iwwerzeegungen erméiglechen, mee zweetens  gläichzäiteg och an all Zeitung méi Pluralismus garantéieren.

Dowéinst soll d’Presshëllef drunn gekoppelt sinn, dat an all Zeitung eng Rubrik  „Aner Meenungen“ muss virgesi sinn, op där d’Meenung vun denen aneren Parteien ongekierzt an onverfälscht publizéiert gëtt. Dat kënne Communiquéën sinn, Richtegstellungen, Kalennerinformatiounen, Invitatiounen op Informatiounsversammlungen, wat och ëmmer. D’Gréisst dovun kann reglementéiert sinn fir dat do keen iwwerdreift, awer de Pluralismus muss garantéiert sinn. Ech kann mir viirstellen, dat an all Zeitung op d’mannst eng Säit muss fir dee Meenungspluralismus reservéiert sinn. A wuel verstaanen: OUNI ZENSUR.

Wann d’Presshëllef also dozou déngt dem Steierbezueler méi Pluralismus, méi Objektivitéit an méi Informatioun ze bidden, dann ënnerstëtzen ech gär eng Reform vun dem System am Interessi vun de Medien hei am Land.

Iwwregens denken ech och dat Zeitungen déi zu méi wéi 33% op Lëtzebuergesch publizéiert ginn, nach sollten extra ënnerstëtzt ginn.

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

2 Kommentare zu Presshëllef an Medienpluralismus

  1. João Antunes sagt:

    Ouni d’Wort wier et d’ADR ni ginn, sinn mol gespaant op dësen Kommentar op dëser Plaatz zenséiert gëtt.

  2. Joël sagt:

    Dat do ass alt nes iirgendeppes gesot, fir eppes géint d’adr ze soen (vun deeër ech net Member sin an och vu soss kenger Partei), ganz ouni Objectivitéit a Sachlechkeet!
    Et geet och ëmgedréint: ouni den ADR (am Ufank wor et jo nach en Actiounscomité) hätten d’Wort-Mataarbechter keng 5/6 Pai! De (legitimen) Eegenintressi vun hinnen wor sécher eng ganz wichteg Motivatioun, fir d’ADR net esou ënnerzebotteren ewéi dat haut dack gemaach gët! Mee virun allem ass et d’Aarbecht vun der Press an deenen aner Medien, fir iwwert alles ze informéieren, an dat an der Objectivitéit. D’Medie brauchen alles a jidfereen, fir driwwer ze informéieren, soss géng et de Beruff vum Journalist guer net gin. An déi, iwwert déi informéiert gët, brauchen d’Medien och, virausgesat, et gët objectiv a correct informéiert. Also ass eng eesäiteg Dankbarkeet, déi d’adr misst vis-à-vis vum Wort hun, net ubruecht.

Schreibe einen Kommentar zu João Antunes Antworten abbrechen

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert