Affer vun der „politescher Korrektheet“: d’Universitéiten (2)

No de Resultater vun den Ofschlossexamen am Secondaire dësst Joer huet d’Tageblatt (06.07.13) an engem Artikel getitelt „Mädchen sind schlauer„. Sou oder ähnlech Iwwerschrëften fënnt een all Joer op e Neitst an eisen Zeitungen. Dowéinst ass et derwäert, fir der Saach mol op de Grond ze goen.

Am Wort stoung iwwregens zum selwechten Thema, dat d’Jongen besser bei der Note „excellent“ ofgeschnidden hätten. Zoufall oder Spur? Mir maachen eis also mol op eng akademesch Rees zum Thema  Intelligenzfuerschung.

Haut erënnere mir un de Professer Helmuth Nyborg vun der Universitéit vun Aarhus. Hien wor eng ganz kontroverséiert Perséinlechkeet, an et goufen him eng ganz Rei vu Verfehlungen viirgeworf.

 http://en.wikipedia.org/wiki/Helmuth_Nyborg

Ech stellen mir och eng Rei vu Froen an hunn vill Kritiken iwwer verschiddener vu sengen Aussoen a séngen Positiounen, besonnesch am Zësummenhank mat sengen Meenungen zum Thema „Rass“ an Immigratioun. Mee wat am Kader vun dësem Artikel zielt ass net Politik, och net „politesch Korrektheet“, mee ganz einfach Wëssenschaft an Intelligenzfuerschung. An do wor zum Beispill säi Pabeier vun 2005 „Sex-related differences in general intelligence g, brain size and social status“ extrem kontrovers diskutéiert ginn. Well hien rausfonnt huet, dat d’Männer am Duerchschnëtt méi intelligent sinn wéi d’Fraen gouf hien ugegraff, kruut eng Réprimande vun der Universitéit a gouf ugekloot seng Donnéeën gefälscht ze hunn. Déi ganz Aarbecht gouf wëssenschaftlech iwwerpréift a schlussendlech gouf hien rehabilitéiert.

http://emilkirkegaard.dk/en/wp-content/uploads/Helmuth-Nyborg-Sex-related-di%EF%AC%80erences-in-general-intelligence-g-brain-size-and-social-status.pdf

Interessant wor, dat d’Universitéit vun Aarhus international staark kritiséiert gouf, well den dréngende Verdacht bestoung, dat wëssenschaftlech Aarbechten géngen politesch zensuréiert ginn. 

Ech froen mech iwwregens, wat mat Här Professer Nyborg geschitt wär, wann hien rausfonnt hätt, datt d’Fraen duerchschnëttlech méi intelligent wéi d’Männer sinn? Wahrscheinlech hätt hien de Friddensnobelpräis kritt!  

Seng Aarbechten an hir Conclusiounen zum Thema Geschlechterfuerschung leien jiddefalls op enger Linn matt denen meeschten aneren wëssenschaftlechen Aarbechten zu dem Thema. Den Artikel hei fannen ech och net oninteressant, och wann ech eenzel Aspekter dovun, wéi zum Beispill den Begrëff „gender roles“ natierlech net akzeptéieren.  

 http://en.wikipedia.org/wiki/Sex_and_intelligence

Firwat also déi Ennerscheeder am Premièresexamen hei am Land ? Eichtens sinn déi wëssenschaftlech Iwwerleeungen ëmmer nëmmen allgemeng a statistesch  Wäerter. Iwwer den Eenzelfall soen se iwwerhaapt näicht.  D’Varianz bei de Männer schéngt och méi grouss ze sinn wéi bei de Fraen. Et gëtt méi iwwerduerchschnëttlech intelligent Männer awer och iwwerduerchschnëttlech vill dommer.

Op aaner Froen an dësem Kontext, zum Beispill  wéi d’Jongen respektiv d’Meedercher an de Schoulen behandelt a bewäert ginn, kommen ech ganz secher nach zréck. Zu dem Thema gëtt et vill interessant Asiichten a Studien.

An ob d’Jongen ëmmer fläisseg genuch sinn, woen ech als Geschlechtsgenosse ze bezweifelen. Am Lycée hunn ech och nët ëmmer nëmmen un meng Bicher geduecht.

Jiddefalls felicitéieren ech jidderengem den säin Ofschlossexamen gepackt huet, ob Jong oder Meedchen. An denen déi nach e Noexamen hunn: bonne chance!

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert