Op dësem Blog gëtte et schonn ë Bäitrag „Girls‘ Day, Boys‘ Day, Nonsense Day“ an dem gewise gëtt, datt déi ënnerschiddelch Beruffswënsch vu Jongen an Meedercher vläicht zu engem klengen Deel duerch sozial Facteuren matbestëmmt ginn, mee datt virun allem déi ugebueren, biologesch also natierlech Ennerscheeder tëschen Jongen a Meedercher d’Uersaach dovun sinn.
Dat kënnen weder d’Feministinnen nach d’Genderideologen akzeptéieren, déi jo allen zwee déi natierlech Ennerscheeder tëschen de Geschlechter an dësem Kontext net wëllen akzeptéieren.
Dowéinst hei eng nei Etüd aus dem Joer 2013 – no well schonn 40 Joer feministescher Dauerpropaganda an de Schoulen: et huet sech näicht geännert! D’Meedercher wëllen nach ëmmer éichter klassesch Meederchersberuffer an d’Jongen éichter klassesch Jongeberuffer.
De Girls‘ Day, Boys‘ Day fällt fir mech an dat Kapitel „Spuermoossnamen“! Schluss mat der staatlecher Propaganda!
http://www.welt.de/wirtschaft/article119118479/Die-Lieblingsberufe-der-Kinder-in-Deutschland.html
Vereenegt Staate vun Amerika: Martin Luther King, Jr. Day
Turkmenistan: Ruhnama Day
Europäesch Unioun : Girls’ Day, Boys’ Day
🙂