Den Här Dr. Colombera: eng biographesch Wierdegung

Am Liewen muss ee wëssen, firwat ee steet.  Wéi zum Beispill den Här Dr. Colombera. Dat ass mir besonnech opgefall, wou ech op e Wort-Artikel iwwer hien aus dem Joer 2009 gestouss sinn.

Do steet ënner dem Bild: „Fast ein Grüner: Hätten Déi Gréng Mitte der 90er Jahre nicht so hohe Beiträge erhoben, dann wäre Jean Colombera eventuell bei ihnen Mitglied geworden.“ Dat ass natierlech eng staark politesch Argumentatioun. D’ADR seet jo och ëmmer „Gréng gëtt deier“! Si denkt awer dobäi éichter un d’Steieren an un d’Taxen déi déi Gréng wëllen rop schrauwen, wéi un de Joeresbäitrag bei där grénger Partei. 

Den Här Dr. Colombera seet an dem Interview, hien kéint sech viirstellen nom Enn vun der Legislaturperiod mat der Politik opzehalen  Dann hätt hien säi Mandat am ganzen 10 Joer lanng gehat, an datt e Politiker seng Plaatz no 10 Joer sollt fir nei Leit fräi maachen géng och zu séngen Iwwerzeegungen gehéieren. Zitat “ In zehn Jahren hat man doch all seine Ideen auf den Tisch gelegt. Danach wiederholt man sich doch ohnehin nur noch.“ Ech ginn mol dovun aus, datt de Wieler am Oktober dofir suergt, datt den Här Dr. Colombera – wéi et sengem fréieren Wonsch entsprëcht – mat der Politik ophällt.

Bis zu denen nächste Wahlen, hat hien 2009 gemengt, misst d’ADR sech also nees en neie Spëtzekandidat am Norden sichen. Abee, dat huet si gemaach! Mam Här Dr. Robert Thill-Heusbourg huet d’ADR en éichtklassegen neie Spëtzekandidat am Norden – niewent dem Här Jeff Engelen natierlech, den schonn méi laang dobäi ass.    

Aus der ADR ass den Här Dr. Colombera fort gaangen, well hien sech net méi wollt un de Wahlprogramm halen. Vun engem Géigner vun der Ofdreiwung gouf hien op eemol zum Affekot vun enger Zort Anarchie. De Staat, sou sout hien, däerft keng Gesetzer an ethesche Froen maachen, a jiddereen däerft do maachen wéi e wéilt. Dat ass allerdéngs net d’Linn vun iergend enger Partei déi an engem Staat wëll Verantwortung iwwerhuelen.

Am Dezember 2012 hat hien nach versprach, dat hien géng säi Sëtz un d’ADR zréck ginn. Dat wär logesch an éierlech gewiecht, emsou méi well säi perséinlech Walresultat am Joer 2009 bei wäitem net duer gaange wär, fir ë Sëtz ze kréien. Nëmmen d’Partei hat him erméiglecht an d’Chamber ze kommen. Säi perséinlecht Walresultat vun 2009 – wéi et am Artikel vum Wort richteg gesot gouf – wor jo och schonn vill méi schlecht wéi dat vun 2004. Dat Verspriechen u séng fréier Partei huet hien awer och net gehal.

Dono huet hien méintelaang probéiert fir an anere Parteien Fouss ze faassen: bei de Piraten, dene Gréngen, dene Lénken an souguer bei der CSV. Doraus ass awer näicht ginn an dat mannst wat ee ka soen ass, dat et e komescht Zeechen ass, wann e Politiker bei egal wéi enger Partei wëll ënnerdaach kommen – Haaptsaach ass ë fënnt eng. Mat enger politescher Iwwerzeegung huet dat absolut näicht ze dinn. Op der ADR-Presskonferenz am Dezember hat hien ëffentlech gesot, d’Parteien géngen seng Telefonsnummer jo kennen. Dat jo, mee et muss zimlech roueg bliwwe sinn…  

Op de „Programm“ vun der PID kommen ech hei och nach ze schwätzen. D’Fro ass erlaabt ob dat soll eng Partei sinn oder eng Sekt rondrëm e Cannabis-Guru Dr. Colombera? Jiddefalls afferen sech 59 Leit fir eng Campagne déi net vill Aussiichten op Erfolleg huet. Ech hoffen, seng Kandidaten mussen sech net och nach finanziell un där Operatioun bedeelegen!  

 http://www.wort.lu/de/view/der-alternative-medizinmann-4f61ece8e4b0860580abb5a2

Dieser Beitrag wurde unter ADR, Allgemein, Lëtzebuerg, Politik veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert