E ganz häerzleche Merci!

No engem heiansdo opreegenden Waldag wëll ech all dene ganz häerzlech Merci soen, déi menger Partei an/oder mir perséinlech hirt Vertraue an hir Stëmm geschenkt hunn. Dat ass e ganz wäertvolle Cadeau a, genee sou wéi de Gast Gibéryen an de Roy Reding,  wëll ech mech no beschtem Wëssen a Gewëssen beméie fir dem Vertraue wierdeg ze sinn.  

 http://wahlen.rtl.lu/resultater/national/

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

4 Kommentare zu E ganz häerzleche Merci!

  1. Marcus sagt:

    Bonjour Herr Kartheiser,

    Ech hoffen dir feiert aeren Blog awer lo nach weider, och wann d’electiounen riwer sin.

    Mfg

  2. Pol sagt:

    Dat freet mech och, well dëse Blog huet Niveau (vu verschiddene Commentaren ofgesin, déi ower sécher grad dowéinst publizéiert gin – cf. z.B. C.B. zum Bréif vun der Studentin un déi Gréng) an ass ganz informativ!
    Zum Thema Lëtzebuerger Fändel a Patriotismus hun ech eng Fro un all d’Géigner vum Patriotismus: däerfe Lëtzebuerger Sportler hiirt Land am Ausland op Competitiounen net vertrieden, keen Trikot an de Faarwe vum Lëtzebuerger Fändel undoen an de Lëtzebuerger Fändel och net bei den Olympesche Spiller droen??? Däerfen d’Supporter vun de Lëtzebuerger Cyclisten net méi bei der Tour de France mam Lëtzebuerger Fändel laanscht d’Stroosse stoen an ons Sportler ënnerstëtzen???
    Solle se just nach deenen aner nokucken, déi an hire Faarwen hir Landsleit ënnerstëtzen??? Oder geet et nes just drëms, fir gratis op d’ADR ze klappen? Wann den Här Juncker dat Wuert „nationalpatriotesch“ (cf. Positioun vun der Regirung zur Gesetzpropositioun 5617, Ännerung vum Gesetz vun 1972 iwwert d’Nationalemblemer, 2007) gebraucht, héiert ee kee vun Iech alleguer! Well dat Wuert och legitim ass! Grad esou wéi de Patriotismus, ob zu Lëtzebuerg oder an anere Länner!
    Wann Der géint dat Gemeinschaftsgefill sidd, dat d’Lëtzebuerger matenee verbënnt, grad ewéi d’Fransousen, déi Däitsch, d’Portugiesen, d’Italiéiner, etc., firwat wëllt Der dat dann ersetzen duerch e forcéiert Gemeinschaftsgefill als Europäer?? Wëllt Der Iech domat géint d’Mënsche vun deenen aner Continenter ofgrenzen??? Oder hutt Der nach guer net gemierkt, datt Der Iech domat ofgrenzt??

    Haalt w.e.g. op, dee Blödsinn nozebraddelen, dee virun allem RTL, dee Sender, deen iwwerhaapt net objectiv ass, iwwert d’ADR verzaapt, a schalt léiwer Äert Gehir an! Wien eleng d’Candidatelëscht vun der ADR kuckt, weess wéi domm datt dat ass, wat do verbreed gët! E wonnerbaart Beispill vun esou Nobraddler ass mer dëse Weekend begéint. Deen Här huet sech opgereegt, d’ADR wir nationalistesch (en huet mer allerdéngs net den Androck gemaach, wéi wann e wéisst, wat dat iwwerhaapt ass) a rassistesch (idem). Vun alle Walpobeieren, déi ausgedeelt goufen, géng hie just ee gutt fannen, wat do dra steet wir richteg an hie wir ganz domat averstanen. Dee Pobeier ass de PEFFERKÄR!!!!!

    Ech felicitéieren den 3 ADR-Deputéierten, direct gewielt, a besonnesch Iech, Här Kartheiser, fir Äert gutt Resultat mat engem Plus vu bal 2 600 Stëmmen! Och all deenen aner Candidate vun Äerer Partei Felicitatiounen, dat versprécht. Eis Gesellschaft ass duerch Äer Candidatelëscht gutt repräsentéiert. Maacht virun esou eng gutt Aarbecht a bleift drun, et ass néideg!

    • fkartheiser sagt:

      Villmools Merci, fir déi léif Wierder. Mee wann ech sou eppes liesen, ginn ech rout am Gesiicht…

      Mat beschte Gréiss,

      Fernand Kartheiser

Schreibe einen Kommentar zu fkartheiser Antworten abbrechen

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert