Walen 2013: E Message vum Här Gast Gibéryen

Dësem Message schléissen ech mech selbstverständlech voll a ganz un.

Zousätzlech wëll ech awer nach e puer Saache soen, déi mir um Härz leien.

540 Leit hunn sech als Kandidaten opgestallt. Mat 480 vun hinnen sinn ech zwar politesch net d’accord, mee hinnen all soen ech Merci dofir, datt si Courage bewisen hunn, an duerch hire perséinlechen Asaz zu enger méi lieweger Demokratie hei zu Lëtzebuerg bäigedroen hunn.   

All dene Leit déi Ziedelen ausgedeelt, Plakater opgeriicht an op honnert aner Manéieren  hire Parteien aus Idealismus gehollef hunn ouni dofir kënnen eng Belounung ze erwaarden, soen ech Merci. Och si loossen eis Demokratie liewen.

Ganz besonnesch natierlech soen ech dene léiwe Frënn vun der ADR Merci, besonnesch all denen déi als Kandidat ugetrueden oder soss fläisseg mat gehollef hunn.  Ech hoffen, datt hiren Asaz muer vum Wieler besonnesch honoréiert gëtt. 

An Iech, léif Lieser, soen ech Merci fir Aeren Interessi an Aer positiv oder negativ Kritik! Muer decidéiert sech, niewent villen aneren a vill méi wichtege Saachen, och ob ech dëss Säit ka viru schreiwen oder ebe net.  Jiddefalls wor et fir mech eng nei an eng  flott Erfarung ë Blog ze schreiwen. An ouni interesséiert a kritesch Lieser ass natierlech kee Blog eppes wäert. 

Loosse mir zësummen eisem Land eng glécklech Zukunft wënschen!

 

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Ein Kommentar zu Walen 2013: E Message vum Här Gast Gibéryen

  1. Robert sagt:

    Deenen, déi esou aarm am Geescht sin, datt se, wa kee se gesin huet (well Courage hu se keen) Walplakater zerstéiert hun, ob vun der ADR oder anere Parteien, wënschen ech, datt se an hirem Liewen ower emol vu Geeschtesblëtzer getraff gin an hinnen eng Späicherliicht opgeet, wat Democratie, Toleranz a vläicht esouguer, wann et dofir net scho laang ze spéit ass, Intelligenz ass!

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert