Manner Staat – méi Fräiheeten!

D’Wale si riwwer an déi politesch Aarbecht geet virun. Perséinlech hunn ech mech och doriwwer gefreet, datt  d’ADR zwar leider numeresch méi schwaach ass wéi bei dene leschte Walen, awer inhaltlech geschloss a bedeitend gestäerkt. Bei aller Ennerschiddlechkeet an de Perséinlechkeeten sinn ech iwwerzeegt, datt déi nei ADR-Equipe an der Chamber engagéiert, frëndschaftlech an efficace zësummeschafft. 

Eent vun eise Ziler heescht  jo manner Staat – méi Fräiheeten. Dat hu virun eis och schonn aner Leit geduecht a gesot, dorënner och een dee mir als Mënsch, Schauspiller a President ëmmer ganz sympathesch wor: 

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Ein Kommentar zu Manner Staat – méi Fräiheeten!

  1. Alex sagt:

    Dat stëmmt, wat de Mr. Reagan seet. Hei ass et ower leider dack esou, datt d’Leit mengen, d’Regirung wir déi 1. Muecht am Staat. Virun 2 Wochen huet en Här mer ganz frou gesot, elo wir e Gesetzprojet fir d’Unerkennung vu sengem Beruffsstand duerch! Wou en duerch wor, wor ower nëmmen de Regirungsrot, mat enger Rei anerer nach séier virun de Walen duerchgebrätscht. Ech hun deem Här gesot, dee Projet misst elo duerch déi legislativ Prozedur, mee seng Äntwert wor: „Dat ass guer näischt, dat ass nach just eng Formalitéit.“!
    An esou gi vill Leit wielen…

    Datt d’ADR elo (just) ee Sëtz manner huet, confirméiert nëmmen: „Qualitéit amplaz Quantitéit!“ Déi 2 „Indépendants“ si gutt fort!!

Schreibe einen Kommentar zu Alex Antworten abbrechen

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert