Mir gi wielen: den Houseker (Lëscht 1) oder d’UNO (Lëscht 2)?

No de Walen ass virun de Walen! Haut stëmme mir of: wëlle mir eis Traditiounen erhalen (Lëscht 1) oder eis dee politesch korrekte Maulkuerf undi loossen (Lëscht 2)?  

Eis Frënn an Holland (eigentlech dem „Niddrege Land“- Nederland) hu lo Problemer mat „Zwarte Pit“, dem „Père Fouettard“, dem Houseker héchstperséinlech. Hien ass schwaarz, ass béis mat de Kanner an hie muss stoen wann dee wäisse Kleesche sëtzt.  E Fall fir d’Mënscherechtskommissioun vun der UNO!

http://www.rtl.be/info/belgique/societe/1041587/edito-saint-nicolas-est-il-raciste

Där Fäll vu gravéierendem Rassismus a Sexismus gëtt et nach. Firwat z.B. ass dee béise Kropeman ë Mann an net paritéitesch all zweet Joer eng Fra? Ass de Kropemann e Wäissen oder kann en och asiatesch oder afrikanesch Originen hunn?

Ech mengen, d’UNO kritt nach vill Aarbecht bis och dee leschte Recht vun eisen Traditiounen zerstéiert ass.

D’Fro u sech firwat den Houseker sou ausgesäit wéi en ausgesäit ass iwwregens ethnographesch net oninteressant. Symboliséiert hien d’Sënn? Aner Leit wëssen doriwwer secher vill Interesssantes ze erzielen 

Iwwregens, ech wielen d’Lëscht 1, déi vum schwaarzen Houseker!

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert