Fir de Fall wou et da sollt zu enger Gambia-Koalitioun kommen, wourunn ech net zweifelen, huet d’CSV niewent hiren anere Problemer personeller an inhaltlecher Natur natierlech och nach e materiellen:
9 Ministere manner, 3 Deputéierte manner, 1 EU-Kommissar manner an als Auswierkung dovu geschwënn och manner Conseilljeeën am Staatsrot. Dat heescht souvill manner Contributiounen an d’Parteikees. De Réckgang vun de Stëmmen bewierkt och eng Verréngerung vun der staatlecher Parteiefinanzéierung.
Mee virun allem huet de Muechtapparat d’CSV sech jo sou laang kënnen halen, wëll „ënner engem schwaarze Präbbeli kee naas“ gouf. Lo kann d’CSV op nationalem Niveau keng Poste méi verdeelen a verschidde vun hire Muechtbastiounen, och an de staatlechen Administratiounen, falen un aner Parteien. Fir déi sëllegen Opportuniste a Carrièristen mat enger schwaarzer Parteikaart ass dat do keng gutt Perspektiv. Awer vläicht eng Geleeënheet fir eng Gewëssenspréifung.
Fir mech sinn dat alles positiv Entwécklungen. D’CSV huet dat do gebraucht fir vläicht zou sech ze kommen.
Een aneren dee muss zou sech kommen ass déi kathoulesch Kierch. Si huet blannemännerchers an exklusiv eng CSV ënnerstëtzt, déi alles verroden huet wat chrëschtlech ass. Lo huet si, zësumme mat der CSV, d’Wale verluer.
A wéi d’CSV verléiert d’Kierch wahrscheinlech ganz vill, besonnesch um finanzielle Plang. D’Trennung vu Kierch a Stat gëtt viru gedriwwen. De Reliounsunterrecht verschwënnt aus de Schoulen a villes aneres wahrscheinlech gläich mat. Ech ka mir sou ongeféier virstellen, wat alles an de Koalitiounsprogramm stoe kënnt. Déi kathoulesch Kierch wäert sech nach wonneren. Och si erlieft hiert blot (mënschlecht) Wonner.
Wat wëll si lo? Wëll d’Kierch lo och viru Gambia krauchen wéi bis elo virum Här Juncker? Bleift si eng Parteisektioun vun der CSV? Oder besënnt si sech op hire Glaawen? Kënnt et zu enger iwwerfälleger Trennung tëschent Kierch an CSV? Sou wéi d’CSV sech muss erneieren a sëch nei fannen , sou muss och d’Kierch mat sech zu Chouer goen!