Kënnt et zu där „Grousser biergerlecher Oppositioun“?

Dëser Deeg héiert een dourëmmer, datt den Här Juncker géng „Chef“ vun der Oppositioun ginn. Dat gëtt hien natierlech net, schonn alléng dowéinst net, well ët sou eng Funktioun hei am Land iwwerhaapt net gëtt! Eventuell gëtt hien CSV-Fraktiounschef, wat mir awer nach musse gesinn. Ech gleewen dat ower och eréicht, wann hien nach nom Mee 2014 an der Chamber sëtzt.

Vill méi interessant ass déi aner Fro, nämlech ob et lo zu enger ADR-CSV Zësummenaarbecht an der Oppositioun geng kommen, där „grousser biergerlecher Oppositioun“? Zësummen haten déi zwou Parteien (no ILRES) 40,83 % oder (no dem offiziöse Resultat) 40,32% vun de Stëmmen. 

Dat ass souwuel an der Saach wéi och personell schwireg. Ob et politesch opportun wär, ass och alles anescht wéi evident.

An der Saach leien d’CSV an d’ADR ganz wäit auserneen. Beim Här Werner wär dat do kee grousse Problem gewiescht, vläicht souguer eng natierlech Allianz. Och beim Här Santer wär nach munches méiglech gewiescht. Mee den Här Juncker huet aus der CSV eng Mëtt-Lénkspartei gemaach, iwwerdeems d’ADR  eng sozial-konservativ Partei ass.  D’CSV huet bal alles  veruersaacht oder mat ze veräntwerten, wat d’ADR an dene leschte Joeren vehement bekämpft huet: de Budgetsdefizit, d’Schoulreformen, d’Pensiounsreform, d’Ofdreiwungsreform, d’Homo-Bestietnis (wat lo geschwë kënnt), déi iwwerdriwwen a falsch konzipéiert Entwécklungshëllef, Fraequoten (déi och lo kommen), d’Auslännerwalrecht, an dëss Lëscht ass nach ganz, ganz laang…. D’CSV kann eigentlech iwwerhaapt keng richteg Oppositiounsaarbecht maachen, well si inhaltlech net wäit vu Gambia wech läit. Wéinstens net, sou laang wéi den Här Juncker nach do ass an déi Partei sech inhaltlech net nei positionnéiert. Et muss een sech virstellen, datt den Här Juncker sech och nach prinzipiell fir eng Finanztransaktiounssteier ausgeschwat huet, datt hie kee Frënn vum Bankgeheimnis ass, d’Scholden vun den EU-Memberstaten wëll duerch Eurobonden vergemeinschaften an Europa also wëll, explizit géint d’Traitéën, zu enger Scholden- an Transferunioun maachen. Ausserdem ass hien och nach en europäesche Federalist den d’Nationalstaaten bal ganz wëll aushielegen, bis datt se nëmme nach um Pabiere existéieren an an der Realitéit  näicht méi ze soen hunn.

Inhaltlech ass eng Zësummenaarbecht tëschent ADR an CSV also am Abléck héchstens punktuell méiglech.

Personell ass och virun allem den Här Juncker de Problem. E Mann den an d’Politik gezunn ass, mat Sprëch wéi d’Leit vun der ADR géngen an de Prisong gehéieren an net an d’Chamber an déi Partei misst zerstéiert ginn, an därs ondemokrateschem an topeschem Gesabbels méi, sëtzt lo niewent genee där Partei an der Chamber an zwar och nach op där selwechter Oppositiounsbänk. Sic transit gloria mundi! D’Sympathie an der ADR fir den Här Juncker hällt sech awer dowéinst aus verständleche Grënn a gewësse Grenzen.

Ob eng Zësummenaarbecht opportun ass, niewent allen inhaltlechen a personelle Problemer, bezweifelen ech am Abléck och. Ech wëll mir mol ukucken, ob d’CSV Oppositioun aus gekränktem Houfert mecht oder awer am Interessi vum Land. Ob si just nei Alliéierter am lénke Lager sicht (DP, LSAP. Gréng) fir Gambia méiglechst séier ze stierzen an den Här Juncker nei ze inthroniséieren oder ob si inhaltlech Alternativen entwéckelt déi net einfach an dat Kapitel Revanchismus kënne classéiert ginn.

Fir mech ass d’GBO, also déi „grouss biergerlech Oppositioun“, am Abléck net méi wéi e Gedankemodell, mee keng realistesch Perspektiv, jiddefalls net sou laang d’CSV sech just nëmmen rondrëm den Här Juncker dréint.

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert