D’Enwécklungshëllef ënnerstëtzt d’Ofdreiwungspolitik

Et gehéiert jo zu dene ville Virwërf déi menger Partei a mir gemaach ginn, datt mir d’Entwécklungshëllef kritiséieren. Souwuel wat d’Héicht vun dem Budget ugeet, wéi och déi Projeten déi mat dene Suë finanzéiert ginn, hu mir ëmmer nees ënner ganz villen Aspekter a Fro gestallt. Een dovun ass d’Roll vun der Entwécklungshëllef an der Propaganda an an der finanzieller Ennerstëtzung fir Ofdreiwungen.  

Et steet – a mengen An – onzweifelhaft fest, datt d’EU sech och iwwer d’Entwécklungshëllef fir d’Ofdreiwung asetzt. An dem Zësummenhamnk verweisen ech op de Rapport vun „Europe Dignity Watch“:  

 http://www.europeandignitywatch.org/day-to-day/detail/article/revealing-report-on-funding-of-abortion-in-eus-development-aid.html

An hei ass de Rapport:

http://www.europeandignitywatch.org/fileadmin/user_upload/PDF/Day_to_Day_diverse/Funding_of_Abortion_Through_EU_Development_Aid_full_version.pdf

Och déi lëtzebuergesch Entwécklungshëllef mecht Drock op verschidde Staaten fir datt déi eng Ofdreiwungspolitik sollen erméiglechen. Dat hat ech déi fréier Ministech, d’Madame Jacobs, an enger Question parlementaire gefrot an dat no engem Reportage vu kath.net (dowéinst och d’Fro op Däitsch).

http://www.chd.lu/wps/PA_RoleEtendu/FTSByteServingServletImpl/?path=/export/exped/sexpdata/Mag/134/005/103034.pdf

D’Madame Jacobs huet an hirer Aentwert gesot, datt et keng international Rechtsnormen iwwer d’Ofdreiwung gëtt. Dat ass sou richteg, mee et gëtt awer mat Sëcherheet ee Prinzip den ëmmer nees explizit betount an ënnerstrach gëtt, an dat ass d’Recht op d’Liewen. D’Madame Jacobs, eng CSV-Ministech (!), huet awer net iwwer dat Recht, dat vläicht allerwichtegst,  geschwat, mee als Basis fir hir Opfaassungen zugonschten vun der Ofdreiwung huet si sech op déi lëtzebuergesch Legislatioun vun deemools bezunn. Et ass mir och net bekannt, datt hire Nofolger, den Här Marc Spautz (CSV), déi pro-Ofdreiwungspolitik am Beräich vun der Entwécklungshëllef  gestoppt hätt oder um europäesche Plang fir eng Anti-Ofdreiwungs-Politik agetruede wär.   

http://www.chd.lu/wps/PA_RoleEtendu/FTSByteServingServletImpl/?path=/export/exped/sexpdata/Mag/137/044/103463.pdf

Mat där Lénkskoalitioun déi lo op eis duerkënnt, gëtt et bestëmmt net besser. Lëtzebuerg kritt eng Fristeléisung an d’Ofdreiwung gëtt eventuell ganz aus dem Stroofrecht eraus geholl. International wäert eist Land dann ähnlech radikal kannerfeindlech Theorie vertrieden.

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert