Wou steet d’CSV haut?

Haut, ronn 6 Wochen no de Walen, huet d’CSV no baussen nach keng Zeeche gesat. Den Här Wolter wollt zwar net méi Parteipresident sinn fir méi Jonken Plaatz ze maachen, mä ob den Här Spautz déi Conditioun zëfriddestellend erfëllt däerf bezweifelt ginn. Eng personell Erneierung ass dat a mengen An net. Déi moderat Kritik vun Deeler vun der CSJ um Här Juncker gouf direkt erstéckt. Mä datt den Här Juncker als Fraktiounschef allerhéchstens eng Iwwerganksléisung si kann, bezweifelt wahrscheinlech keen an där Partei.

De Problem vun der CSV ass en duebelen. Si ka keng glaafwierdeg Oppositioun maachen obwuel si dat misst, wëll si a) programmatesch ganz no bei Gambia steet a b) e groussen Deel vun denen aktuelle Problemer direkt oder indirekt ze verantworten huet. Ouni personell a programmatesch Erneierung ass d’CSV ganz einfach en doudegt Schwéiergewiicht. Déi Episod ëm dem Här Juncker seng Roll an der SREL-Kommissioun ass dofir e gutt Beispill. De Fraktiounschef vun där gréisster Fraktioun ka seng Aufgaben vun Ufank un net erfëllen. Sou geet et net!

D’Wort hat de 29. November en Artikel vum Här Jochen Zenthöfer, engem däitschen „Polit-Analyst“, mat dem Titel „Die CSV muss ihre Haltung erneuern“ publizéiert. Den Här Zenthöfer huet Recht! Mee déi ganz Problematik huet hien – wahrscheinlech ouni et ze wëllen – a sengem Artikel perfekt demonstréiert. Hien zitéiert den Här Biltgen, nach als Parteipresident,  mat de Wierder: „Nous sommes un parti conservateur, dans le sens où nous respectons des valeurs et des principes“. An dat vun dem selwechten Här Biltgen den d’Gesetz iwwer d’Homo-„Bestietnis“ virbereed huet! Des principes et des valeurs? Lesquels? Ceux de la  gauche? Certainement pas les principes conservateurs! Déi stinn nämlech am Programm vun der ADR.

D’CSV huet nach e ganz, ganz wäide Wee virun sech. Mam Här Juncker a mam Här Spautz kritt si sech net verännert. Ob den Här Wiseler déi néideg Kraaft huet, fir aus der Interessevertriedungs-an-wäit-lénks-vun-der-Mëtt-CSV nees eng Partei mat engem erkennbare Profil ze maachen muss een ofwaarden.

Ech mengen, datt d’CSV hir Chance ob eng politesch Zukunft riskéiert ze verléieren, wann si sou profillos an oninteressant bleift wéi si et elo ass. Si steet op där falscher Plaatz am politesche Spektrum a verspillt hir Chancen op e Come-back wa si sech net geschwënn grondleeënd a Fro stellt.

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert