De Bëschof vu Chur veruerteelt d’Gender-Theorie

De Bëschof vu Chur (CH), de Monseigneur Vitus Huonder, http://de.wikipedia.org/wiki/Vitus_Huonder  – e Mann mat Charakter – léisst den 10. Dezember zum Dag vun de Mënscherechter e Bëschofswuert géint d’Gendertheorie virliesen. Bravo! Dëse couragéierte Geste kënnt e puer Deeg no der Erklärung vun der slowakescher Bëschofskonferenz zum selwechten Thema http://www.kath.net/news/43972.

Et gëtt also nach kathoulesch Geeschtlecher mat Courage am europäeschen Ausland. Dat ass jiddefalls mol eng gutt Neiegkeet! Op eng ähnlech Stellungnahm vun der lëtzebuerger kathoulescher Kierch musse mir wahrscheinlech nach e puer Joerzéngte waarden… Déi lëtzebuergesch kathoulesch Kierch beschäftegt sech mat anere Saachen. Si probéiert sech grad bei de Gambisten domat bäizeschmieren, datt si zougëtt datt de Reliounsunterrecht zu Lëtzebuerg eigentlech kee méi ass. Selwerverleegnung als Glaawensersatz – eng Glanzleeschtung! An dem Zësummenhank fällt mir an, datt e portugiiseschen ADR-Member  mir erzielt hat, datt säi Kand d’Kommunioun gemaach huet ouni am Reliounsunterrecht geléiert ze hunn wen Jesus Christus war.

http://www.wort.lu/de/view/generalvikar-erny-gillen-es-wird-ein-religionsunterricht-bekaempft-den-es-gar-nicht-mehr-gibt-52a31d99e4b06cb1dcf1abc0

Dem géintiwwer sinn d’Wierder vum Bëschof vu Chur kloer a liesenswäert. Hei ass säin Text – mat groussem Respekt hei publizéiert:

 http://www.bistum-chur.ch/Wort_des_Bischofs_VIII_2013.pdf

 

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert