De „PIB vum bien-être“: e neit lénk Propagandainstrument!

Am Hierscht 2013 hunn de „Conseil économique et social“ (CES) an de „Conseil supérieur du développement durable“ (CSDD) hir Propositioune gemaach fir e neien „PIBien-être“ ze rechnen. Wéi ëmmer hautesdaags gëllt et bei sou Saache viirsiichteg ze sinn: ginn lo net och d’Statistik an d’Economie mëssbraucht fir gesellschaftspolitesch Fuerderungen ze stellen? Gëtt lo net nees d’Vertrauen vun de Leit an d’Objektivitéit an d’Zouverlässegkeet vu wëssenschaftleche Methouden  iergefouert fir eng lénk Agenda duerchzesetzen? Et gesäit jiddefalls dono aus!

Déi zwee Gremien sinn an der Effentlechkeet kaum bekannt, besonnesch de CSDD kennen am Land héchstens e puer honnert Leit. Nom Artikel 4 vum Gesetz vum 25. Juni 2004 iwwer den „développement durable“ ass dee Gremium näicht aanecht a net vill méi wéi en Diskussionsforum: 

http://www.legilux.public.lu/leg/a/archives/2004/0102/a102.pdf#page=2

Art. 4.

1. Le Conseil Supérieur a pour mission:

a) d’être un forum de discussion sur le développement durable;

b) de proposer des recherches et études dans tous les domaines ayant trait au national que le Gouvernement lui soumet. (…)“

En ass aus 15 Perséinlechkeeten zësummegesat vun denen der op d’mannst e puer eng oppe gréng politesch Tendenz  hunn. Aner Memberen hunn zwar zum Deel ganz gutt akademesch oder berufflech Qualifikatiounen, mee et feelt u konservativen Politiker fir e Géigegewiicht zu dem gréngen Afloss an dem Gremium duerzestellen. Sou kënnt et dann och zu ganz tendenziösen „Avisen“ vum CSDD.

Déi Propositiounen iwwer de „PIBien-être“ sinn dohir och net neutral mee ganz kloer politesch lénks.  Hei ass den Text:

http://www.ces.public.lu/fr/actualites/2013/11/pibienetre/avis-commun-ces-csdd-pibien-etre.pdf

Zu den „Indicateuren“ gehéiert de „Nombre de votants en pourcentage de la population en âge de voter“ also d’Thematik vum Auslännerwalrecht! Wéi wär et dann wann déi Leit déi sech besser spieren wann se därfe wiele goen, génge Lëtzebuergesch léieren an eis Nationalitéit unhuelen?

Bei der „Connaissance et utilisation du luxembourgeois, du français, de l’allemand et/ou de l’anglais“ gëtt et keng Präferenz fir eis Nationalsprooch als Integratiounssprooch.

Bei den „Ecarts de salaires hommes-femmes“ ginn all déi Secteuren ausgeklaamert, wéi z.B. de Staat an déi international Organisatiounen, wou d’Fraen wéi d’Männer dem Gesetz no d’selwecht bezuelt ginn. A bei denen private Betriber ginn“échantillonen“ geholl… vive d’Manipulatioun!

Dat Mamm oder Papp sinn e Beruff wéi en aneren ka sinn wann een sech senger Famill ganz dediéiert, kënnt  an der Gedankewelt vun CES oder CSDD net vir. Et gëtt gerechent wéi den „Taux d’emploi des femmes ayant des enfants en âge de scolarisation“ ass. Zwangsaarbecht dobaussen amplaatz Erzéiungsaarbecht doheem – de lénke Programm eben!

An da gëtt et nach sou objektiv Critèren wéi z.B. „Sentiments de discrimination“ den déi „part de la population qui considère que la société est discriminante“ soll beschreiwen. Ech fannen se jiddefalls och diskriminéierend, z.B. géint d’Pappen an Trennungs-oder Scheedungssituatiounen.

D’Conclusioun ass, datt de „PIB du Bien-être“ mat iergend enger econometresch seriöser Approche iwwerhaapt näicht ze dinn huet. Hei gëtt alt nees probéiert de Leit ënner dem usurpatoreschen Deckmantel vun enger Wëssenschaftsmimikri e lénke politesche Programm ze verkafen!

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert