D’CSJ huet eng Chance verpasst

De Nationalkongress vun der CSJ wor am ablécklechen Zoustand vun der CSV natierlech e besonnesch interessante Rendez-vous.

An dene leschte Joeren wor d’CSV ëmmer manner als politesch Partei ze erkennen an si ass ëmmer méi zu engem Apparat fir d’Gestioun vun der Muecht ginn. Sou Begrëffer wéi „Zentrum“, „de gesellschaftlechen Enwécklungen Rechnung droen“ oder „an der Mëtt vun der Gesellschaft stoen“, déi u  sech näicht heeschen a vollkommen beliebeg interpretéierbar sinn, hunn hiren Diskurs, hirt Optrieden an hir Politik bestëmmt. Eng kloer  politesch Linn oder Positionnéierung wor net méi ze gesinn an en „CSV-Profil“ gouf et nëmme nach gedréckt.

 Bal véier Méint no de Walen ass d’CSV nach ëmmer net zu enger Oppositiounspartei ginn. Wann si awer fir de Wieler nees wëll attraktiv ginn, da kann si dat jo wuel kaum mat der Continuatioun vun dem ofgedroschenen Muechtgestiounsdiskurs vun denen leschte Joeren. Huel Floskelen an eidel Rieden kënne wuel net verstoppen, datt d’CSV zu enger Partei ouni Féierung an ouni Orientéierung ginn ass. Ob et nom méiglechen Départ vum Här Juncker wierklech soll besser ginn, ass alles anescht wéi sëcher. 

D’CSJ hätt lo kennen programmatesch Akzenter setzen. Mä si huet sech an dem geübt wat vläicht sënnvoll ass mä einfach net duergeet – si schwätzt iwwer d’Form amplaatz iwwer de Fong. Ob d’CSV lo intern Mediatiounsstrukture brauch sief dohigestallt (Kommentar: déi Aarmen!!!), mä wat wierklech wichteg wär, wär de Courage fir eng nei Linn ze fannen. Fir ze soen, wéi den Här Juncker dat sou gär mecht, datt de Gambia-Programm bal ganz dem CSV-Walprogramm entsprëcht, léisst jiddefalls mol déi legitim Conclusioun zou, datt d’CSV an hirem aktuellen Zoustand eigentlech programmatesch iwwerflësseg ass.  

D’CSV muss sech net nëmme bewegen, si muss sech nei fannen. Als ADR-Politiker freeën ech mech nëmme beschränkt iwwer de Chaos bei der C-Partei. Dem Land wär mat enger staarker Oppositioun gedéngt, eng Roll an där d’CSV am Abléck vollkomme verseet. An dat ass schued, well d’Oppositiounsaarbecht läit am Abléck haatsächlech op de Schëlleren vun der ADR. Déi Lénk spillen hir Roll als Reschtphänomen vun engem iwwerliewten, diktatoreschen Gesellschaftssystem a kënnen fir d’ADR kee politesche Partner sinn. D’Oppositioun, wëll se da staark sinn, muss also sou opgestallt ginn, dat eng punktuell Zësummenaarbecht tëschent ADR an CSV méiglech gëtt. Dobäi kann a muss all Partei hir spezifesch Roll spillen – wann d’CSV dann nëmmen eng hätt!

D’CSJ hätt lo kennen inhaltlech Akzenter setzen: z.B. net nëmmen dat Wuert „wäertkonservativ“ ernimmen, mä him och nees en Inhalt ginn. Doraus ass leider alt nees näicht ginn. Schued!      

 

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert