E faule Prozess

Wéi ville Leit geet et wuel an der Tëschenzäit sou wéi mir? Ech si vun dem Bommeleeërprozess därmoossen degoutéiert, datt ech scho laang domatt opgehal hunn en nach iergendwéi am Détail ze verfollegen. Viru kuerzem hunn ech gelies, datt de Me Vogel wëll de Groussherzog Jean héieren. Ech mengen, dat ass vläicht mol eng Geleeënheet fir ze froen wat dee Prozess iwwerhaapt bezweckt ? Op der Titelsäit vun enger Illustréierter ass dëss Woch deeselwechten Affekot ze gesinn mat enger Iwwerschrëft déi sënngeméiss seet dee Prozess wär well zu engem « politesche Prozess » ginn. Ass dat nach rechtsstaatlech ?  Wem gëtt dann hei de Prozess gemaach, denen zwee Ugekloten, sou wéi et eigentlech an engem Rechtstaat misst sinn, oder dem lëtzebuerger Staat ?

Jo, dee Prozess nervt mech. Wuelgemierkt net well ech Offizéier sinn an iergend eppes ze verstoppen hätt.  Ech sinn net de Bommeleeër an ech wees och net wen et wor.  Mä dee Prozess geet mir op de Su well ech den Androck hunn datt vill Leit dëse Prozess virun allem dofir benotzen fir sech selwer ze inszenéieren. A well egal wéi en topecht Bistrotsgespréich op egal wéi engem ënnerierdesche Niveau op eemol prozesswierdeg gëtt. Alles wat kann geholl ginn fir eise Staat, d’Offizéier, d’Gendarmerie, d’Arméi, d’Police, de Geheimdéngscht, d’Regierung, d’Monarchie a soss nach Corpsen oder Institutiounen ze beschiedegen schéngt hautesdaags fir gutt an nëtzlech befonnt ze ginn.   Jo, d’Affär Bommeleeër soll a muss opgekläert ginn, mä sou e Prozess wéi den do hunn eist Land a seng Institutiounen mat Sëcherheet net verdéngt.

An dee Prozess stéiert mech och nach well en an mengen An wichteg rechtsstaatlech Prinzipien verletzt.

D’Geriicht mecht gang kloer eng Instruktioun amplaz sech drop ze konzentréieren iwwer Schold oder Onschold vun denen zwee Ugekloten ze decidéieren. Dat bedeit eng Instruktioun ouni Untersuchungsriichter an ouni datt potentiell Ugekloten kënnen vun all hire Rechter Gebrauch maachen. Wéi ass et mat enger Enquête à charge et à décharge ? Wéi ass et mam Bäistand vun engem Affekot fir méiglech Verdächteger während der Instruktioun? Wéi ass et mam « secret de l’instruction » ? Wéi ass et mam Prinzip dat keen sech selwer muss beschëllegen? Firwat muss de Procureur général net ënner Eed aussoen ?  Wéi ass et mat Zeienaussoen ënner Eed vu Leit déi eventuell selwer iergendwéi kënne beschëllegt ginn a sief et nëmmen wéinst dem vollkommen iwwerzunnenen Gesetz vun der « entrave à la justice » – engem Instrument dat amgaangen ass zu engem « abus de la justice » ze ginn. Jo, ech soen et nach eemol : ech sinn e Géigner vun dem aktuellen Gesetz iwwer d’ « entrave à la justice » an ech hale näicht vum Här Procureur général senger Argumentatioun fir dat Gesetz ze justifiéieren. Och dat Gesetz bréngt a senger aktueller Versioun eng Rei vun rechtsstaatleche Problemer mat sech an ech si frou, datt ech an der Chamber dogéint gestëmmt hunn. Ech hätt gär, datt mir och hei am Land net iwwer dee franséiche Gesetzestext eraus ginn wat d’ « entrave à la justice » ugeet.

An dem Prozess stéiert mech onendlech vill. Als Offizéier stéiert et mech selbstverständlech och, datt vollkommen éierlech an integer Kolleegen do sou behandelt ginn als wären et Ligener wann si sech no drësseg Joer net méi un all Détail vun der Affär kënnen erënneren. Dat si si natierlech net.

An all normalem Rechtswiesen gëtt et en « délai de prescription », e räsonnablen Délai nodem besonnesch a kriminellen Affären net méi enquêtéiert gëtt well keng zouverlässeg Zeienaussoen méi méiglech sinn. Dat mënschlecht Gehier ass an denen allermeeschte Fäll net fäheg fir sech dorun ze erënneren, wat am Détail virun 30 Joer zum Beispill ën 3. Abrël owends um 22.46 Auer geschitt ass. Hei gëtt awer sou gemaach als wären nach viru kuerzem Bommen explodéiert an als missten d’Leit sech nach genee un alles erënneren. Abee, ech kann dat och net an ech gleewen och nach laang net jiddferengem den no 30 Joer mat sengem vermeintlechen Detailwëssen wëll optrompen.

Besonnesch d’Offizéier kréien all Méigleches virgehäit. Si hätten sech zëvill an d’Enquête « agemëscht » an gläichzäiteg hätten si sech net genuch engagéiert. Jo, wat dann lo? Iwwregens wor de Parquet fir d’Enquête zoustänneg an net de Corps vun den Offizéier. Et kënnt mir dacks sou vir als wéilt d’Justiz hir grujeleg  Inkompetenz an hir blamabel Inaktivitéit vun deemools hannert engem massiven « officer-bashing » verstoppen.

Oder soll hei bewosst d’Police als Corps sou demontéiert ginn, datt als Conclusioun  proposéiert gëtt, d’Police judiciaire nees dem Parquet ze ënnerstellen ? Zu sou Iddien an Tendenzen soen ech lo schonn Neen ! D’Justice huet als Drëtte Pouvoir an denen leschten Joerzéngten ëmmer méi Kompetenzen kritt an dat ouni all Gläichgewiicht a Kontroll. Ech halen et fir rechtsstaatlech vill besser a vill méi gesond der Police méi Kompetenzen duerch en anstännegt Polizeigesetz ze ginn a besonnesch bei der « Police administrative » kloer Grenzen tëschent der Police an der Justiz ze zéien. Hei am Land huet d’Police däitlech manner Kompetenzen wéi am Ausland an d’Justiz huet der däitlech méi. Dat misst corrigéiert ginn.

E puer mol hunn ech op dësem Blog scho gesot wat ech vun eenzelnen Aspekter vun dem Prozess halen. Déi Theorie vum « Stay behind » halen ech nach ëmmer fir komplette Blödsinn a sou Zeienaussoen wéi mir eis der an dem Kontext vum « Stay behind »  hu missen unhéieren spotten all Beschreiwung. Ech verstinn och net firwat net schonn am Ufank vum Prozess geklärt gëtt ob iwwerhaapt en zivilt Geriicht fir déi zwee Ugekloten zoustänneg ass. Ech tendéieren jiddefalls och mol dozou fir ze mengen, datt dee Prozess misst virun engem Militärgeriicht stattfannen.

Neen, wat fir en aarmséilege Prozess! Hei gouf souguer d’Gewerkschaftsfräiheet menacéiert doduerch, datt enquêtéiert gouf wen am Comité vun enger Gewerkschaft wéi eng Meenung zu engem bestëmmte Gesetzestext hat. A wou si mir dann? An enger Diktatur? Ass en Attentäter well den, den e bestëmmtent Gesetz net gutt fënnt ?

Ech déngen dësem Land zënter datt ech 18 Joer al sinn – an der Arméi, am Geheimdéngscht, am diplomatesche Corps an an der Chamber. Ech stinn zur Monarchie an zu eisen Institutiounen. Fir mech ass déi – néideg a wënschenswäert – Opklärung vun der Affär Bommeleeër awer absolut net dat selwecht wéi de Versuch fir eist Land a séng Institutiounen ëffentlech ze discreditéieren a systematesch ze demontéieren.

An ech stinn fest zu eisen amerikanesche Frënn an der NATO. Ech sinn hinnen op éiweg dankbar an denken net drunn si als « Yankeeën » ze proträtéieren wéi Eenzelner mengen et missen ze maachen.  Ech gesinn och näicht an iergend engem vun denen an der Press publizéierte Bréiwer dat iergendwellech obskur Verschwörungstheorien kéint ënnermaueren.

Eierlech gesot: dee Prozess ekelt mech. Maacht dach mol eng anstänneg Instruktioun vum Dossier ier Dir e Prozess ufänkt! Sicht a fannt de Bommeleeër! Mee léif Gottesmamm, léif Mamm do uewen, behitt dach wann-ech-gelift d’Lëtzebuerger Land viru bestëmmte Juristen!

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert