Den Här Claude Turmes an déi schéin, gréng Schäiner

D’Madame Astrid Lulling, déi Damm déi d’CSV op eng ganz onfein Manéier vun hirer Lëscht écartéiert huet, huet jo scho méi wéi eemol op hirem Blog an op hiren Televisiounsclipen ganz spannend Informatiounen ginn.

Hei e Bäitrag vun der Madame Lulling iwwer d’Paien vun eisen Europadeputéierten den virun allem doduerch interessant ass well si iwwer dem Här Claude Turmes seng Remuneratioun schwätzt. Den Här Turmes wor, dësem Bäitrag no, bedeitend méi grousszügeg mat sech selwer wéi déi fënnef aner lëtzebuerger Europadeputéiert. Sou Saachen sinn  interessant ze wëssen, wann et ëm d’Glaafwierdegkeet vun  dene Grénge geet. Si si jo déi, déi denen Aneren permanent Waasser priedegen mae selwer léiwer Wäin drénken. Den Här Turmes kënnt an dësem Bäitrag vun der 6. Minutt un vir.

Ech verweisen hei zum Vergläich op dee Bäitrag op dësem Blog „D'“Erklärung vu Lëtzebuerg“- déi Gréng ruinéieren eis Economie“ mat engem Videomessage vum Här Bausch wou hien proposéiert, datt  d’Leit mol kéinten een- bis zweedausend Euro am Mount manner verdéngen mae sech dofir awer däerfen als Bénévole an der Gesellschaft engagéieren. Déi gutt Rotschléi kéint hien jo mol u seng eege Parteikolleegen viru ginn.

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Ein Kommentar zu Den Här Claude Turmes an déi schéin, gréng Schäiner

  1. Jacques Guddebour sagt:

    Ah jo… deen Clip hat ech och gesinn, wou d’Madame Lulling erzielt huet, dass hier Akommes bei minablen 7000 an eppes läit, no Steieren bei 6200 oder sou.

    Mee wou si leider vergiess hat z’ernimmen, dass hier ausserdeem nach 4200 Euro Spesen zoustinn, 17000 Euro de Mount fir hiere Staff, 300 Euro Tagegeld fir d’Sitzungsdeeg an nach e besschen hei an do… wien do besser ewechkennt, dat ass eng Fro, déi een mol onofhängeg sollt recherchéiren.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert