Muss een d’Kanner virun der Schoul schützen?

Wat mat eise Kanner an de Schoule geschitt gëtt ëmmer méi schlëmm. Nët nëmmen, datt de Niveau kontinuéierlech an zënter Joeren d’Baach rofgeet, mä lo ginn si och nach vun denen lénke Kreeser fréisexualiséiert an gender-indoktrinéiert.

Gottseidank gëtt et och scho Géigebewegungen an Europa, an demno wat d’Gambisten hei zu Lëtzebuerg plangen, musse wuel och hei am Land Géigemoossnamen envisagéiert ginn. D’Sträiche vum Reliounsunterrecht ass nëmmen en éichte Schrëtt. Wann d’Kanner, déi Jonk an hir Elteren bis keng Méiglechkeeten „fir e Choix“ méi hunn, dann huet de Staat dofir all Méiglechkeeten seng „Wäerter“ a virun allem Pseudo-Wäerter ze vermëttelen, zum Beispill d’Gender-Theorie.

A Frankräich hu mir an denen leschte Méint gesinn, datt sech e Mouvement gegrënnt huet den aus Protest virun der Indoktinatioun vun de Kanner mat der Gender-Theorie an der Mëssuechtung vun de Rechter vun den Elteren bei der Sexualerzéiung vun hire Kanner  zu enger „Journée de retrait de l’école“ oprifft.

http://www.jre2014.fr/

An Däitschland gëtt et och lo sou eng Bewegung

http://www.besorgte-eltern.net/

Hire Flyer schwätzt eng däitlech Sprooch:

http://www.besorgte-eltern.net/pdf/Besorgte-Eltern_Bundesweit_01.pdf

Ech freeë mech natierlech iwwer sou Mouvementer déi weisen, datt ët nach – a Gottseidank ëmmer méi – Leit mat Courage ginn déi sech géint déi lenk Meenungsdiktatur wieren. Och hei am Land kann et sinn, datt, wann et sou virugeet, mir geschwënn an eng Situatioun kommen, wou mir ons Kanner net méi kënnen enger ëffentlecher Schoul uvertrauen.

Heiansdo gëtt vun dene lénke Parteien ganz plomp an oppen operéiert wann et drëm geet d’Kanner ze endoctrinéieren, heiansdo och méi subtil.

Als Beispill wéi  op méi eng subtil Manéier probéiert gëtt fir scho ganz kléng Kanner mat der Genderideologie ze indoctrinéieren an d’Roll an d’Referenz vun den Elteren an der Erzéiung ze verdrängen,  ass hei e klengt Beispill vun enger franséicher Ausstellung. Fir t’éicht, weisen ech hei déi „offiziell“ Präsentatioun, an dono déi kommentéiert Version vu Vigigender – enger Associatioun déi sech géint déi Gender-Ideologie wiert.

Hei ass déi „offiziell“ Versioun:

An hei ass déi kommentéiert Versioun vun dësem Film:

Déi lénk politesch Parteien hunn e kloert Zil: d’Decompositioun vun der Famill als Grondsteen vun der Gesellschaft, d’Kollektiviéierung vun der Kannererzéiung an d’Endoctrinatioun vun de Kanner fir si zu atomiséierten an austauschbaren Elementer an enger grousser Mass ze maachen . Alles wat en Individuum ausmecht, bis hin zu der sexueller Identitéit, soll verwëscht ginn. Bildung ass komplett onerwënscht, economesch ausnotzbar „Kompetenzen“ sollen an d’Plaatz gesat ginn.

Dorop gëtt et nëmmen eng Aentwert: konservativ ginn!

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert