Eng „Table-ronde“ um 100,7

Haut de mëtteg hunn d’Parteien eng „table-ronde“ um 100,7 opgeholl bei där ech d’Eier hat d’ADR ze vertrieden.

Et wor en doutlangweilegen Exercice (all Partei sinn ëmmer der Rei no zu Wuert komm) well bei dem Format keng lieweg Diskussioune méiglech sinn. Mä ëmmerhin demokratesch, transparent a gerecht. D’Journalisten hunn sech och vill Méi ginn.

Wat mech awer iergert, ass d’Hypocrisie vun dene Gréngen. Hiren Europadeputéierten huet gesot TTIP („Transatlantic Trade and Investment Partnership“ – dat geplangten transatlesch Handelsofkommes mat den USA) géng „op den Tipp“ gehéieren an hien wor dobäi ganz houfreg op seng dichterech Leeschtung ( -ip -ip). Hien huet awer  vergiess ze soen, datt seng eege gréng Partei dat Ofkommes an der lëtzebuerger Chamber ënnerstëtzt!

Den Här Turmes huet dann och nach seng, respektiv déi gréng,  „Mériten“ am Europaparlament virgelies amplaatz kloer op d’Froen ze äntwerten. Hie sot dobäi net, datt hien näicht géint säi pädophilen Fraktiounschef gemaach huet, datt hien sech an der Sëtzfro vum Europäesche Parlament enthalen huet (also Lëtzebuerg NET ënnerstëtzt huet!!) an dat hien sech an der „Erklärung vu Lëtzebuerg“ (och op dësem Blog ze fannen) zu lauter Saachen engagéiert huet, déi eiser Finanzplaatz enorm schueden.

Och déi Lénk hunn net richteg Faarw bekannt. Emmerhin huet hir Vertriederin gesot, datt déi Europäesch Zentralbank misst demokratesch kontrolléiert ginn, an anere Wierder, datt d’Geldpolitik misst komplett politiséiert ginn.

Interessant wor och, datt all déi federal Parteien  (also all ausser der ADR) dat net sou oppe wollte soen. Si schreiwen dat zwar an hir Programmer a si handelen och sou, mä bei den ëffentlechen Diskussiounen soen si et de Wieler léiwer net. Dat gëlt besonnesch beim Thema Scholdenunioun an Eurobonds.

Ech wor haut alt nees frou fir Member an enger éierlecher Partei  ze sinn. D’ADR ass géint e Federalstaat a si seet et och!

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert