Eng Question parlementaire vum Här Marcel Oberweis (CSV) huet mech dëser Deeg nees opgereegt. An dëser Fro ( vum 26. September 2014) freet oder suggeréiert souguer den Här Oberweis (mat Autorisatioun vun der CSV, ass mol unzehuelen ), datt d’Regierung sollt no finneschem Virbild eng „Kamellesteier“ aféieren – eng Zort Fettsteier. Sou eng Steier gouf et och schonn an Dänemark a gouf do – well se ineffizient wor – nees ofgeschaaft.
Schlëmm ass, datt d’CSV nach ëmmer probéiert de Bierger ze dirängelen. Domat ass si alt nees net vun de Gambia-Parteien ze ënnerscheeden, déi jo grad nees mat hirer Quoten-Initiativ gewisen hunn, datt si vu Fräiheet an Demokratie net vill halen.
A grad nodem ech dëss diktatoresch Fro vum Här Oberweis gelies hat, ass mir en alen Zeitungsartikel vun enger Feministin an d’Hand gefall, déi mat grondfalschen, pseudo-juristeschen Argumenter probéiert all Kritik um Homo-Bestietnis ze verbidden.
Dono wor ech sou rosen, datt ech dëse klenge Film opgeholl hunn. Ech hunn e „Konservativ a fräi“ genannt, well datt e wonnerschéi Liewensgefill vermëttelt. Mir brauche nämlech kee Staat den eis seet, wat mir däerfen iessen a wat net, a scho guer keng keng totalitär Ideologien wéi de Feminismus, déi de Rechtsstaat pervertéieren.
Méi wéi je, musse mir an dësem Staat engagéiert fir eis Fräiheet antrieden!