Gambia – eng Gefor fir eis Fräiheet!

Emmer méi Leit am Land mierken, datt eis DP-geféiert Lénkskoalitioun eis ëmmer méi Fräiheet wëll wech huelen. Vun de Génériken bei de Medikamenter an de Quoten bis hun zur Meenungsfräiheet an der Fräiheet vun der Press, iwwerall sinn déi lénk Ideologen amgaang eis virzeschreiwen, wéi mir solle liewen a wat mir nach däerfe soen.

Et gëtt Zäit fir sech ze wieren, an d’Fräiheet vum Mënsch nees an den Zentrum vun der Politik ze réckelen! Hei ass e klenge Video zu dem Thema.

 

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

6 Kommentare zu Gambia – eng Gefor fir eis Fräiheet!

  1. Liliane Marx sagt:

    Dir schréift mir aus dem Herz….
    Ech fillen méch an Letzebuerg guer nett mei wuel
    Ech hoffen just daß d’Léit endlech wackreg gin
    an ufänken sech ze wieren!! Fir mech gett ett just eng
    Partei dei sëch fir d’Vollek ansetzt an dat as den
    ADR!!!

  2. Carlo Delgrandi sagt:

    Sämtlech Lénk Regimer hun nach emmer d’Rechter vun den Laitt beschnidden an des Putschisten Regierung as doranner net aanescht.
    Och wann verschidden Personnagen sech als Gutmënschen duerstellen sin sie et nët am Härz, sie sin et just noobaussen. Spéitstens dann wann Dir net mat hinnen d’accord sid, léiert Dir daat Dämonëscht waat an hinnen schlummert kennen.
    Lénk Regimer wëllen déi total Kontroll an mussen Politesch bekämpft gin, vir hier Ausbreedung ze verhënneren, soss landen mir do wou DDR opgehaalen huet.
    mat beschten Gréiss
    Carlo Delgrandi

  3. jean kaysen sagt:

    Ech dënken och dât schlëmm Zéiten op éis zukommen.
    Froen mer éis einfach ob nët éischter ëppes hät misten geschéien, wéi et nach Zéit war, an d‘ Kaar nach nët kommplett am Drëck louch?
    Oft ass dropp higewisen gin, dât éis lëscht Regierung Letzebuerg ausverkaaf huet, mee dât war jo këngem beizebrëngen, war dach nëmmen Panikmacheréi, wann een dropp hingewisen huet.
    Elo léit Kand am Petz, an ouni Quetschen kann een keen Gebees méi kachen, deen Zuch ass fort!
    Elo mussen mer alles ausbueden, wât mer verdrun nët verhënnert hun!
    Mea culpa!

  4. Tunn sagt:

    Gira -Methan-Baueren
    Déi Greng denen hir totalitär -kommunistisch Gesennung emmer méi offensichtlich get , wellen mat alle Mettelen, lo ass et den Methan den d’Véih produzéiert, d’Baueren déi eis Nahrungssëcherheet garantéieren, eliminéieren.
    Den Här Gira sollt mol ausrechnen em wéivill d’Renaturéirungen an d’Uleen vun Feuchtgebidder den Methanausstouss erhéicht hun.
    A wahrscheinlich stin d‘ europäisch Baueren och beim Fräihandelsabkommen TTIP am Wee. Sollte mer net scho laang mat Klonfleesch , Hormonfleesch an GVO aus Iwerséi begleckt gin? An dann, op eemol, wann alles iwer laang Transpotweeer heihin muss kommen, schwetzt keen méi vun Emweltverschmotzung a Klimawandel, vun CO² a Methan. A wéi einfach wär et dann, fir een eventuellen Agressor, déi Liewensoder ofzeschneiden, well wen d’Nahrung kontrolléiert, den kontolléiert och d’Mënschhheet.

  5. Jean sagt:

    Der Logik no schafe mer einfach all Gesetzer an Steieren of, well et ka jo net sinn dass mer do net och fräi sinn, oder?

Schreibe einen Kommentar zu jean kaysen Antworten abbrechen

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert