E Bléck op déi aktuell politesch Situatioun

An dene nächste Wochen gëtt déi politesch Aktualitéit staark vum Referendum vum 7. Juni markéiert. An dene villen Diskussiounen déi elo schonn dorëmmer sinn an an dene sëllegen Gespréicher mat de Leit ronderëm esou Evenementer léisst sech feststellen, datt d’Meenungen bei dene meeschte Parteien ganz gedeelt sinn. D’Emfroen hu Recht, wa si soen, datt d’ADR déi Partei ass. déi bei Wäitem am mannsten intern Meenungsverschiddenheeten zu denen dräi gestallte Froen huet.
Um Beispill vum Auslännerwahlrecht weist d’CSV ëmmer méi, datt si zu enger Partei ouni Linn ginn ass. Zënter datt den Här Juncker fort ass, struewelt déi Partei a schleeft sech vun engem faulen interne Kompromëss zum aneren. Wann dat esou viru geet, da kann een fir d’CSV – trotz hiren aktuell exzellenten Wäerter an den Emfroen – mëttelfristeg net optimistesch sinn. Si steet fir alles a fir näicht an ass domat keng zouverlässeg Gréisst an der Politik. Inhaltlech bréngt si et einfach net fäerdeg, fir sech vu Gambia ze demarquéieren. Datt hir Jungendorganisatioun, d’CSJ, sech an der Fro vum Auslännerwahlrecht mat de Lénksparteien solidariséiert ass e kloert Signal a sollt der CSV weisen, datt et héig Zäit gëtt fir sech zësummen ze rappen an hir Plaatz am Parteiespektrum endlech festzeleeën. Et ass net gutt fir eist Land wann d’CSV just nëmmen dorop hofft déi nächst Wahlen ze gewannen well kee méi Gambi wëll, awer da praktesch déi selwecht Politik wéi Gambia virun ze féieren.
Och bei de Gambia-Parteien deet sech villes. Besonnesch bei der DP si vill Memberen net méi bereet dee radikale Lénkskurs vun der Parteispëtzt Bettel-Meisch -Berger mat ze droen. De Referendum ka fir d’DP zu enger grousser Belaaschtung ginn, an dem Sënn datt déi Partei sech « effritéiert » an datt eng Wielerofwanderung a Richtung CSV an ADR stattfënnt.
De Referendum huet also net nëmmen potentiell gravéierend Konsequenzen fir eist Land, mä och op déi intern Dynamiken an enger Rei vu verschiddenen politesche Parteien.
Bei dene méi klenge Parteien ass ze notéieren, datt d’PID elo definitiv klinesch dout ze si schéngt a just nach aus dem Här Colombera a e puer vu senge Jünger ze bestoe schéngt. Ausser engem geleeëntleche Presscommuniqué ouni vill Inhalt a Sënn ass aus dem « integralen » Cannabis-Eck näicht méi ze héieren.
Och d’Piraten hunn hire Wee no ënnen ugefaang. Déi däitsch Mammepartei ass praktesch verschwonnen an hir lëtzebuergesch Sectioun lieft nëmme nach duerch e penible Persounekult. D’Disziplin an der Partei ass staark um Ofhuelen. De Kapitän wollt zwar onbedéngt e Jo zum Auslännerwahlrecht an huet den op dem ganz schwaach besichte Piratekongress och duerchgeboxt, mee déi einfach Matrousen këmmeren sech net ëm dee Beschloss a roden de Leit dräi mol « Nee » ze stëmmen.
Dem Här Castiglia senger Initiativ fir eng nei Partei ze grënnen, ginn ech keng Chance, alléng schonn wéinst der extrem niddreger politescher Credibilitéit vun hirem Grënner. Gëschter nach bei der Biergerlëscht vum Här Jaerling an als Kandidat bei der Piratepertei an haut Grënner vun enger neier Partei déi de Géigendeel vu senge Bis-elo-Iddie vertrëtt ?
Et schéngt also am Abléck sou ze sinn, datt sech déi politesch sechs-Parteie-Glidderung vun der lëtzebuerger Politik festegt an déi méi kleng Parteien, déi nach bei dene leschte Wahlen ugetruede sinn, ofhuelen. Duerch d’Regierungspolitik an och de Referendum ass awer mat staarke Wielerwanderungen tëschent dene sechs Chamber-Parteien ze rechnen.

Bemierkung: den Här Järling huet mir an der Tëschenzäit matgedeelt, datt den Här Castiglia net bei him op der Lëscht war. Ech bieden dëss Korrektur also mat ze berücksichtegen a bieden dësen Iertum ze entschëllegen.

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Ein Kommentar zu E Bléck op déi aktuell politesch Situatioun

  1. William Bail sagt:

    Eng Zait goufen sou richteg Hasskommentarer (Rassistesch, xenopobesch, …) op FB gepost. Hat mech do un Police adresseiert. Dei waren net duerfir zoustänneg (sooeten se) an hunn mech un den Parquet verwiesen.
    De Parquet sengersaits soot sie geifen naischt sou eppes entgeint huelen an hunn mech un Police verwiesen!

    Tja an elo?
    Iwreg ass mer just BeeSecure bliwen!

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert