Textversioun vu menger Interpellatioun iwwer d’Meenungsfräiheet an der Chamber

(Et gëllt dat geschwate Wuert)

Interpellatioun Meenungsfräiheet 15.11.17
Ugefrot den 13. 4. 2017

Här President,
Niewent villen anere Jubiläen ass dëst Joer och deen vum 80. Gebuertsdag vum Maulkuerfgesetz. De 6. Juni 1937 haten d’Leit sech an engem Referendum fir d’Fräiheet ausgeschwat a géint de Verbuet vun der kommunistescher Partei. Dat wor e staarke Geste fir eis Demokratie, an dat a komplizéierten a geféierlechen Zäiten.
D’Meenungsfräiheet ass en zentraalt Grondrecht an enger fräier an demokratescher Gesellschaft, dat mir mussen éieren. Och an der Geschicht vun eisem Land fanne mir vill Beispiller vu Leit déi hu missen hiert Liewe loossen, well et keng Meenungsfräiheet gouf.
Haut ass déi Diskussioun em eis Fräiheetsrechter nees aktuell – well eis konstitutionell garantéiert Meenungsfräiheet – méi genee eis “liberté de manifester ses opinions”, wéi et am Artikel 24 vun eiser Verfaassung steet, an déi eng ”liberté d’expression” mat ëmfaaast, ass op villerlee Manéieren a Gefor.
Vill Leit wëssen dat oder si spieren et. Wéi dacks héiert een haut an de Gespréicher: “Dat däerf ee jo eigentlech net méi soen, mee….”? oder datt Leit sech schonn am viraus fir eppes entschëllegen wat se denken oder wëlle soen.
Dacks liest een an de Medien vu Veruerteelunge vu Leit viru Geriicht wëll se dëst oder dat gesot oder geschriwwen hunn.
Un eis als Legislativ ass et och ze iwwerleeën: ass dat richteg esou an enger fräier Gesellschaft? Wat däerf ee soen a wat soll een net daerfe soen? Wéi wäit geet eis Fräiheet?
Zu engem groussen Deel sinn déi Onsécherheeten vun haut aus enger Tendenz entstan déi virun e puer Joer domat ugefaangen huet, iwwer politeschen a medialen Drock eise Sproochgebrauch ze reegelen. Déi sougenannte “politesch Korrektheet” ass aus dem Wonsch entstan, Sensibilitéiten ze schounen a Leit ze respektéieren, u sech en interessanten a luewenswäerten Usaz.
Haut ass si awer zu eppes aanescht mutéiert: hir sproochlech Obsessiounen a gedanklech Iwwerdreiwungen hunn si zu engem Instrument gi gelooss dat déi fräi Ried mat Zwang wëll aschränken an no hire Regelen steieren. En englesch Sprëchwuert seet: “De Wee an d’Häll ass mat gudden Intentiounen geluegt” – “The road to hell is paved with good intentions”. Dat gëllt och fir déi “politesch Korrektheet”.
Wann de Staat si adoptéiert, an dat ass de Fall, dann ass si zu engem Instrument vun enger de facto – Zensur ginn, déi eis Verfaassung jo awer explizit verbitt.
Fir eis als ADR gëllt: de Verbuet vun der Zensur ass een, an d’Zukunft geriichten, Verfassungsoptrag. “La censure ne pourra jamais être établie” seet eis Verfaassung. Deen Optraag muss an engem positive Sënn respektéiert, verdeedegt an ausgebaut ginn.
Mir liewen also an engem Spannungsfeld tëschent dem gutt gemengte Wonsch Sensibilitéiten ze schounen an dem verfassungsrechtlechen Optrag fir d’Meenungsfräiheet ze verdeedegen.
Vill Leit spieren, datt mat der Aschränkung vun der Meenungsfräiheet net nëmmen de Buschtaw, mee och de Geescht vun onser Verfaassung verletzt gëtt, an dat ënnergrieft d’Vertrauen an déi demokratesch Natur vun eisem Staat.
Mir fannen haut ganz vill Beispiller vun der Aschränkung vun der Meenungsfräiheet, an der Politik an an der ëffentlecher Verwaltung, an der Economie, an der Schoul an am akademesche Beräich, an der Kultur an an de Medien – an all Beräich vun eisem Liewen. Ech hunn virun e puer Deeg eng Lëscht mat Beispiller op mengem Blog an op facebook publizéiert, déi mir op Nofro och gär kënnen hei oder soss entzwousch diskutéieren.
Dee progressive Verloscht vun der Meenungsfräiheet huet och eng sozial Dimensioun. Si ass e Recht dat virun allem och d’Fräiheet vun deene Schwaachen an der Gesellschaft schützt. Si soll et hinnen erlaben fir ongestrooft Meenungen ze soen, déi net déi vun der Regierung sinn, net déi vun den Eliten, an domat d’Muecht vun Aneren a Fro ze stellen a si ze kontrolléieren.
A wäit dovun ewech ze offenséieren, dréit d’Meenungsfräiheet zu enger demokratescher Kultur bäi an där mir eis Differenzen kënne friddlech ausdiskutéieren. D’Fräiheet vun der Ried ass net ëmmer liicht ze erdroen a grad dowéinst déi beschte Schoul fir d’Toleranz.
Well de Grondprinzip, de Liewenselexir vun der Demokratie ass d’Fräiheet – an dat ass ebe just déi Fräiheet fir kënne Saachen ze soen a musse Saachen ze héieren an ze erdroen – also ze “toleréieren” – déi een net gär héiert an déi ee nëmme schwéier verdréit, wann iwwerhaapt. Et ass eng Fräiheet déi sécher hir Grenzen an der Fräiheet vun deem Anere fënnt – awer net am Gefill vun deem Aneren. Déi demokratesch Toleranz ass d’Fakultéit vum Erdroen vun där anerer Meenung, och vun där schlëmmer Meenung, an net d’Verhënnere vun enger subjektiver Gefillsbelaaschtung bei anere Leit.
Fir dat et hei kee Mëssverständnis gëtt: och d’ADR an ech selwer stinn decidéiert fir Héiflechkeet a Respekt am Emgang mateneen. Villes wat z.B. op de soziale Medien ze fannen ass, ass fir eis weder am Toun, nach an der Wiel vun de Wierder an den Ausdréck, nach an der Ausriichtung akzeptabel. Eisen Engagement gëllt der Verdeedegung vun eiser Demokratie an eiser Fräiheet an net der Apologetik vun der Frechheet oder der Respektlosegkeet.
Well mir d’Fräiheet verdeedegen, menge mir, datt mir kee paternalistesche Staat brauchen, deen d’Leit infantiliséiert, amplaatz si als Bierger an als Souverän ze respektéieren.
Mir brauchen och kee pseudo-moraliséierende Staat, deen eng eenzeg Moral wëll duerchsetzen, an zwar déi, déi grad de politeschen Interessien vun där momentaner politescher Majoritéit déngt.
De Staat ass do fir e politesche Fräiheetsraum ze schafen an ze schützen a mat néidegen Aschränkungen esou spuersam a virsiichteg wéi nëmme méiglech ëmzegoen.
D’Realitéit ass awer eng aner:
Duech eng Rei vu Gesetzer goufen an deene leschte Joeren ëmmer méi Aschränkungen erriicht, an ech verweisen hei besonnesch op den Artikel 454 an déi duerno vum Code pénal. Et sinn dëst déi Artikelen, déi d’Meenungsfräheet aschränken, besonnesch och ënner Hiwäis op méiglech Diskriminéierungen, wéi z.B. am Artikel 457.
Et stellt sech also eng éicht Fro, nämlech déi ob déi Artikelen net géint den Artikel 24 vun der Verfaassung verstoussen, deen d’Meenungsfräiheet jo garantéiert. Och d’Regierung ass sech där Problematik bewosst a probéiert fir d’Aschränkung vun der Meenungsfräiheet op vill Manéieren ze justifiéieren:
Déi éicht ass, seet d’Regierung, dat ee kengem seng Gefiller däerft verletzen oder keen, och keng Gruppen oder Gemeinschafte vu Leit däerft beleedegen. Ech verweisen hei op d’Aentwert op meng Question parlementaire no 2668 vum 12. Januar 2017.
D’Regierung behaapt, esou wéi si dat seet sténg et am zweeten Abschnitt vum Artikel 10 vun der Europäescher Mënscherechtskonventioun.
Mee do steet dat awer net! Do steet eppes aanecht:
“L’exercice de ces libertés comportant des devoirs et des responsabilités peut être soumis à certaines formalités, conditions, restrictions ou sanctions prévues par la loi, qui constituent des mesures nécessaires, dans une société démocratique, à la sécurité nationale, à l’intégrité territoriale ou à la sûreté publique, à la défense de l’ordre et à la prévention du crime, à la protection de la santé ou de la morale, à la protection de la réputation ou des droits d’autrui, pour empêcher la divulgation d’informations confidentielles ou pour garantir l’autorité et l’impartialité du pouvoir judiciaire.”

Do steet also net:

“il est interdit de heurter les sentiments d’autrui” an et steet och net do “il est interdit de vexer autrui dans l’exercice du droit à la liberté d’expression”! D’Regierung iwwerinterpretéiert also – an dat ass nach harmlos ausgedréckt – d’Bedeitung vum Art. 10 alinéa 2 vun der Mënscherechtskonventioun!
Dat selwecht gëllt fir den Artikel 19 vun der Universeller Mënscherechtserklärung vun 1948, an d’Artikelen 19 an 20 vum UN – Pakt fir zivil a biergerlech Rechter vun 1966. Néierens steet eppes vun der Verletzung vu Gefiller als méglech Justifikatioun vun der Aschränkung vun der Meenungsfräiheet – sou sensibel si just verschidde Lobbyen déi a verschiddenen europäesche Natiounen an op EU-Niveau agéieren an eis Regierung, déi deene blannemännerchers noleeft.

Ech stelle fir déi international Mënscherechtskonventioune fest:

Un droit à l’inviolabilité du sentiment n’existe nulle part!

Här President,

Et ass och ganz normal dat esou eppes net an dene wichtegste Mënscherechtskonventioun steet, well d’Funktioun vum Staat ass et jo net Gefiller ze bewäerten oder ze schounen, mee déi ëffentlech Uerdnung oprecht ze halen, d’Gesellschaft ze perpetuéieren an ze protegéieren. Weder eng staatlech Unerkennung oder Fleeg vu Gefiller nach d’Bekämpfung vu Gefiller sinn originär staatlech Aufgaben.

Mee et gëtt nach aner, méi déif Uersaachen:
Wéi wëll een den Ennerscheed maachen tëschent enger legaler Kritik an enger verbuedener, subjektiver Gefillsverletzung oder Beleedegung déi aus esou enger Kritik kann entstoen?
Wou verleeft d’Trennlinn tëschent der Kritik – déi an enger Demokratie onbedéngt noutwënneg ass – an deem wat Verschiddener fir sech vläicht als beleedegend, diskriminéierend oder esouguer als “Haass” empfannen?
Wien soll d’Grenzen zéien, tëschent der Kritik, der Beleedegung an der politescher Satir?
Well kloer Ofgrenzungen awer mat Sécherheet net méiglech sinn, och well do reng perséinlech a variabel Empfindlechkeeten eng Roll spillen, verloosse mir hei de Wee vun der stroofrechtlecher Rechtssëcherheet, an dat ass eppes wat mir an engem Rechtsstaat net däerfe maachen!
Mir sinn haut an enger Situatioun an där mir dem Individuum oder och Gruppe vu Leit e VETO-Recht géint all Kritik un hinnen oder hiren Usiichten ginn. Et geet duer, datt si behaapte sech beleedegt oder diskriminéiert ze fillen fir hinnen den Apparat vun der Justiz an d’Hänn ze ginn. An domat bewierke Gesetzer wéi den Artikel 454 vum Code pénal (an déi duerno) an aller Objektivitéit eng Schwächung vun eiser Demokratie an eiser Fräiheet iwwer eng Aschränkung vun der Meenungsfräiheet.
An den Debatten héiert een dann dacks nach Argumenter wéi Haass oder Rassismus wäre jo keng Meenung, kéinten dowéinst also net vun der Meenungsfräiheet gedeckt ginn.
Dat kléngt gutt, mee wien definéiert da wat Haass ass? Wien definéiert wéini Haass oder Rassismus ufänken? Ech kéint Iech hei wonnerschéin absurd Beispiller ginn, mee leider feelt mir dofir d’Zäit.
Mir sinn eis awer eens: Haass ass näicht Schéins. Mee wéi kann een “Haass” an enger stroofrechtlech zouverlässeger Manéier definéieren? Kann ee Gefiller kriminaliséieren? Däerf de Staat dat iwwerhaapt? Menger Meenung no däerf et e “Gefillsverbriechen” grad esou wéineg ginn wéi e “Gedankeverbriechen”.
D’Zäit feelt mir leider fir ze diskutéieren op “Haass” wierklech historesch, mënschlech a politesch ëmmer ze veruerteelen ass. Net jiddereen wor zum Beispill frou mam Nazi-Okkupant an, menger bescheidener Meenung no, vollkommen zu Recht! Wéi ass also en Opruff zum Haass géint e Feind politesch ze bewäerten?
Ech stellen awer mol fest, datt et aktuell vill Toleranz fir deen Haass ze gi schéngt dee vun där lénker, politescher Säit, kënnt: den Haass géint déi kathoulesch Kierch, den Haass géint de Kapitalismus, den Haass géint de Staat Israel, den Haass géint déi wäiss, heterosexuell Männer.
Et fällt mir och op, datt ëmmer méi Gruppen a Lobbyen verlaangen ënner e gesetzleche Schutz ze kommen, wëll se behaapte gehaast oder diskriminéiert ze ginn.
Dat erklärt sech och doduerch, datt et vill kloer an handfest Interessien gëtt, déi esou Gruppe mat där Strategie verfollegen:
Politesch – de Géigner kritt politesch a juristesch de Mond verbueden.
Publizitär: duerch d’Medien ginn dacks eesäiteg deem seng Interessie promouvéiert, deen sech als discriminéiert duerstellt.
Economesch: duech eventuell Indemnitéiten a méi staatlech, finanziell oder institutionell Ennerstëtzung.
Wa mir all dëss Entwécklunge gesinn, musse mir Politiker eis awer och d’Fro stellen, wéi wierksam d’Aschränkunge vun der Meenungsfräiheet iwwerhaapt sinn a wéi eng Konsequenzen si op eis Gesellschaft hunn?
Dozou e puer Iwwerleeungen:
1. D’Fro ass, wat déi wieklech Absiicht vun der Kontroll vum Internet ass? Ass et wierklech de Wonsch Gefiller ze schounen, oder vläicht awer och de Wonsch politesch Kontroll zréck ze gewannen? Schliesslech ass d’Press hei am Land zu groussen Deeler no u verschiddene politesche Parteien. Eng Méiglechkeet fir d’Leit fir sech laanscht d’Press ze informéieren a Gehéier ze verschafen kann, an den An vun deem Engen oder Anerem, als Gefor empfonnt ginn. D’Zensur vum Internet ass e Mëttel politesch Muecht zréck ze gewannen.

2. De Versuch vun enger Duerchsetzung vun enger “pensée unique” an der Ausgrenzung vu konkurréierenden Iddien, heescht datt d’Spannungen an der Gesellschaft net méi kënnen oppen ausdiskutéiert ginn: “Einfalt statt Vielfalt”, soen d’Satiriker. Dat féiert zu engem Vertrauensverloscht an eis Demokratie. D’ADR steet jiddefalls fir Meenungskonkurrenz an zwar an enger fräier an oppener Diskussioun.

3. Et däerf een sech keng Illusioune maachen. Eng komplett Iwwerwaachung vum Internet ass iwwerhaapt net méiglech. Vill Moyenen bei der Police an an der Justiz gi fir eppes mobiliséiert, wat ëmmer nëmmen en – héchstens – limitéierten Erfolleg bréngt an dobäi politesch méi wéi diskutabel ass. Ass dat ze vertrieden? Mir brauchen vläicht einfach nees besser Emgangsformen, méi Héiflechkeet a méi Manéieren an dat fänkt schonn doheem an an der Schoul un! Wa méi Leit méi héiflech matenee géngen ëmgoen, dann hätte mir scho vill Suerge manner. Déi Mëttelen vun der Police an der Justiz sollte besser an eng Iwwerwaachung vum Dark Web investéiert ginn.

4. D ’Leit ginn dozou erzunn viru Geriichter ze goen, amplaatz an enger Demokratie fir hir Iwwerzeegungen an der Debatt anzetrieden a si verbal an argumentativ virzedroen. De Wee bei d’Geriicht ass net dee richtege Wee fir eng gefleegte Sträitkultur an enger Gesellschaft ze ënnerhalen.

5. De Staat ka probéieren iwwer vill an deier Prozesser e politesche Géigner finanziell ze ruinéieren oder sozial ze isoléieren. Dësst ass dann gläichzäiteg eng politesch an eng economesch Variant vun der Zensur.

6. E Problem verschwënnt net doduerch, datt een net däerf oder net soll iwwert e schwätzen. E wiist héchstens doduerch a gëtt nach verstäerkt duerch e Klima vu Spekulatioun a Mësstrauen géintiwwer den Autoritéiten.

7. De Verloscht vun eiser Glaafwierdegkeet wa mir dobaussen an der Welt wëlle Fräiheet an Demokratie priedegen. Déi “europäesch Wäerter” déi mir an eiser Baussepolitik wëllen an déi ganz Welt exportéieren ginn heiheem ëmmer manner respektéiert. Eis Regierung wëll Anere Lektiounen ginn, an heiheem trëppelt si d’Meenungsfräiheet mat Féiss!

8. Mir schaafen eppes – a mengen An – ganz Eekleges: eng Denunziatiounskultur, wéi et se soss nach an totalitäre Staate gouf a gëtt. Wëlle mir eis Kanner wierklech esou erzéien, amplaatz si argumentativ a charakterlech ze stäerken an op eng fräi Diskussioun virzebereeden? Mir hunn hei am Land ëmmer méi Instanzen am staatlechen Emfeld, déi – och anonym – fir politesch Denunziatiounen zur Verfügung stinn, obwuel d’Police an de Parquet fir eventuell Plainten génge vëlleg duergoen. Iwwer d’Qualifikatiounen vun den Denunziatiounsinstanzen wëll ech hei mol net schwätzen. Ech wëll jiddefalls keng Stasimethouden zu Lëtzebuerg. An, ass et net verwonnerlech, datt vill Leit anonym Kommentaren um Internet fir falsch fannen a si wëlle verbidden, awer gläichzäiteg anonym Denunziatiounen gutt fannen a si encouragéieren?

9. Op anere Plazen an der westlecher Welt, gëtt Kritik schonn iwwerhaapt net méi verdroen. Op verschiddenen, amerikaneschen a briteschen Universitéiten – also op Plazen déi per definitionem sollten dozou déngen, d’Wëssen ze vergréisseren, den Intellekt auszebilden, de Geescht opzemaachen an ze schäerfen – gëtt et elo “sécher Schutzraim” fir eis nei Schnéiflakke-Generatioun fir déi et keng kritesch Meenungen méi däerf ginn well an hiren An all Kritik offensiv an discriminéierend ass. Dat sinn déi Leit déi eis Gesellschaft erun zillt an déi kenger internationaler Konkurrenz méi gewuess sinn.

Op där anerer Säit, an do si mir eis eens, kann och an enger demokratescher Gesellschaft net alles erlaabt sinn. Mee wat soll een dann iwwerhaapt verbidden? Wat ass sënnvoll a vertriedbar?

De Staat ass bekanntlech do fir déi ëffentlech Uerdnung oprecht ze erhalen an dozou gehéiert primordial d’Verhënnerung vu physescher Gewalt. Mir kéinten eis also an där Hisiicht un de sougenannte “Brandenburg-Critèren” aus den USA orientéieren, no deenen:
Eng Opfuerderung déi zu physescher Gewalt oprifft soll verbueden a strofbar sinn, wa si:
– Virsätzlech, direkt an onmëssverständlech,
– glaafwierdeg wëll ëmsetzbar,
– an engem kuerzfristegen Zäitraum – “imminent”, soen d’Amerikaner – e wahrscheinlechen Erfolleg hu kann an an deem de kausalen Zësummenhang zu der Opfuerderung zu der Gewalt novollzéibar ass.
Alles anecht ass vläicht an heiansdo och sécher moralesch ze veruerteelen, soll awer net stroofrechtlech relevant sinn.
Fir eis Prioritéiten an eisen Optraag kloer ze maachen, well ech dëss Bild benotzen: mir sollen eis net mat enorm vill Opwand ëm d’Gestritts um Schoulhaff këmmeren, mee besser ëm de Mord op der Gare. Mir wëllen déi richteg Verbrieche bekämpfen an net Gedanken- oder Gefillsverbrieche konstruéieren, déi et zwar a Wierklechkeet net gëtt an net däerf ginn, mee där hir Verfolgung eiser Demokratie schued.

Här President,
Als leschten Themebaräich wëll ech nach e Bléck op d’Praxis vun eiser Justiz wierfen.
Si ass do fir ons Grondrechter ze verdeedegen a fir penal Gesetzer esou enk wéi méiglech ze interpretéieren an ze applizéieren. D’Justiz muss d’Fräiheets- an d’Grondrechter vun de Bierger och géint schlecht Gesetzer kënnen a wëlle schützen. Op déi Manéier bleift si e Pilier vum Rechtsstaat. Et däerf dowéinst och keen Uerteel ënner politeschem Drock, och net ënner “politesch korrektem”, Drock geschwat ginn.
D’Stroofrecht muss e Rechtsgebitt bleiwen, dat héige Qualitéitsufuerderungen entsprëcht. Et ass e Gebitt vun der Präzisioun an net vum Diffusen, vun der allgemenger Gültegkeet an net vun de perséinlechen Interessien, vum Objektiven an net vum Subjektiven. Mir brauche Rechtssécherheet a keng Gummiparagraphen!
Et ass mir dowéinst net verständlech, wéi méi wéi diskutabel auslännesch Jurisprudenzen kënnen och hei – anscheinend onkritesch – als Basis fir eis Uerteeler geholl ginn. Déi franséich Cour de Cassation huet zum Beispill an engem Uerteel iwwer déi sougenannten Haassried behaapt:
“Il n’est pas nécessaire que les messages contiennent une exhortation à la haine, à la violence ou à la discrimination. Il suffit, pour que l’infraction soit constituée, que les messages soient de nature à susciter ces sentiments”.
No där Logik verschwënnt all élément intentionnel beim Auteur aus dem Delikt “incitation à la haine”, well déi Feststellung gëtt elo an d’Gefillsliewen vun anere Leit transferéiert. Do ass d’Rechtssécherheet méi wéi a Gefor.
Ech verweisen do op déi däitsch Juridiktiounen, déi d’Grondrecht vun der Meenungsfräiheet wäit méi, an dacks op eng, esou guer fir mech, schwéier novollzéibar Manéier, respektéieren an am Interessi vun der Demokratie verdeedegen.
Och sinn d’Strofen am Ausland an dësem Beräich meeschtens rar a kléng. An Däitschland gëtt et dacks och an Extremfäll nëmmen eng Bewährungsstrof. Zu Lëtzebuerg goufen awer och schonn 9 Méint feste Prisong geschwat fir Aussoen, déi wuel fir eis all mënschlech net akzeptabel sinn, awer och net méi.
Ech fille mech méi wéi onwuel bei deem Gedanken, datt et hei am Land kéint eng Entwécklung an eng Richtung ginn, wou Leit sech kéinten als politesch Verfollegt oder souguer als politesche Gefaangene gesinn. Ech bieden eis Justiz och dat ze bedenken.
Gläichzäiteg ass et awer wichteg, datt d’Justiz an hire Kompetenzen erhale bleiwt: mir kënne net eng Internetzensur – déi et jo aktuell gëtt – och nach an d’Hänn vu privaten Entreprisen, wéi z.B. facebook , Twitter, oder Google, deleguéieren. Si hu weder déi juristesch Qualifikatioun dofir nach déi néideg Onofhängegkeet, nach iergendwellech rechtsstaatlech Prozeduren a Garantien. D’ADR weist hei op d’Kritik vun der OSZE um rezenten, däitschen “Netzwerkdurchsetzungsgesetz” hin.
Et huet och eng gewëssen Ironie, dat dacks grad déi politesch Parteien déi wëlle sougenannte “content manager” vu privaten Entreprise mat der Ausféierung vun der Internet-Zensur beoptragen – dat heescht ouni Transparenz, kontradiktoresch Verfahren an enger Méiglechkeet fir an Appel ze goen – dacks déi selwecht sinn, déi géint all privat Schiedsgeriichtsbarkeet beim Investoreschutz antrieden.

Här President,
Limitéiert Aschränkunge vun der Meenungsfräiheet sinn néideg, well all Fräiheet exercéiert sech mat Vernonft a Verantwortung. D’Fräiheet vun deene Aneren an iwwergeuerdnet gesellschaftlech Interessien, wéi z.B. déi national Sécherheet, kënnen Aschränkungen an engem gewësse Mooss rechtfertegen.
Mee d’ADR steet fir méi Fräiheet an net fir méi Repressioun.
Mir brauche keng Politik déi d’Meenunge an dat sozial Verhale vun de Leit iwwerwaacht.
Mir brauche keng Erzéiungsmedien a kee staatleche Monopol op d’Wouerecht. Eng absolut Wouerecht gëtt et an der Politik souwisou net.
Mir wëlle keen Denunziantestaat.
Loost eis géint déi totalitär Tendenzen an der Gesellschaft optrieden, géint eng “Gesinnungsethik”, déi d’Debatten wëll erstécken, an dowéinst déi uklot, déi eis eigentlech en intellektuelle Gefale maachen – nämlech eppes ze soen wat eis geeschteg a moralesch eraus fuerdert fir datt eis Demokratie liewt an eis Fräiheet wiist. Mir musse wech vun enger ageschränkter Demokratie, well wa mir eis net elo wieren, da si mir um Wee an eng Meenungsdiktatur.
De Staat soll d’Fräiheet net aschränken, mee si vergréisseren: z.B. doduerch datt en eng Pluralitéit vun de Medien an eng Pluralitéit an de Medien garantéiert.
De Staat soll net mengen, hien hätt de Monopol op d’Wouerecht – mir wëlle kee staatleche Wouerechtsministère, sou wéi den George Orwell e scho a séngen däischtere Visioune beschriwwen hat.

Fir d’ADR gëllt:
net de Verbuet ass eis Waff mee d’Argumentatioun.
net den staatlechen Drock mee d’Kraaft vun der Iwwerzeegung.
Et ass eng Flicht vun all fräie Bierger an och vun all Partei fir sech géint all Form vun Totalitarismus ze wieren. Eis Fräiheet däerf net zerstéiert ginn, eis Demokratie net nëmmen um Pabeier bestoen! Viru kuerzem hunn ech dëse Saz gelies, deem seng Ausso ech deelen: Mat sengem visionäre Buch 1984 huet den George Orwell eng Warnung geschriwwen, a keng Gebrauchsanleitung fir d’Politik vun haut.
D’ADR akzeptéiert keng Zensur, mee mir kämpfe fir d’Recht op Meenungsfräiheet an enger fräier Gesellschaft.
D’ADR akzeptéiert net, datt mir, 80 Joer no dem Referendum iwwer d’Maulkuerfgesetz, nees mat enger Zensurmentalitéit zu Lëtzebuerg ze kämpfen hunn.

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Ein Kommentar zu Textversioun vu menger Interpellatioun iwwer d’Meenungsfräiheet an der Chamber

  1. Mario Philippi sagt:

    Genee esou ass ett, Här Kartheiser.

    Dir beschreiwt genau dat Gefill wat ech selwer emmer méi spiiren, sief et an der Famille, bei Bekannten oder Frënn. Wéi oft héiert een d’Wieder, „Am Prinzip dierf een dat jo net esou soen…“ bzw. „zu deem Thema enthalen ech mech“ oder am Café oder Resto „Ech hun meng Meenong, mä ech soen sie léiwer net, well et wees een jo net wien alles nolauschtert“. Entschëllegt, mä wou sin mir hei?

    Wann ech liesen, dass Deitschland an Frankräich IS-Djihadisten wëllen zeréck an hirt Land huelen (obschon sie noweislech Menschen kalbliddeg geschluecht hun) juste well sie däitsch oder franséisch porteur de passeport sin, emfannen ech dat als Affront fir all korrekten an gesetzestreien Bieger. Dat ass en absoluten No-Go! An dat well ech jidderzäit an iwerall esou artikuéieren ouni mech dofir rechtfäerdegen ze mussen an eventuell mech als intoleranten Rassist bezeechnen ze loossen. An dat ass nëmmen een Beispill vun villen.

    Och fannen ech, wéi déi Hären Roth an besonnesch Baum, är Interpellatioun kommentéiert hun, absolut net ugepasst… well et sin jo ausgerechnet sie déi mat hirer ureegener Définitioun vun der neopolitescher Korrektness d’Leit wëllen an prefabrikéiert Denkschemata eranquëtschen.

    Vill méi wäit lënks vum Här Baum ass näischt méi ze fannen…. obschon hien gréng ass.

Schreibe einen Kommentar zu Mario Philippi Antworten abbrechen

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert