Lëtzebuerg brauch en operationnellen an efficacen Geheimdéngscht!

Déi aktuell Debatt ëm de SREL huet gläichzäiteg e puer Dimensiounen an dat mëcht se mat Sëcherhet net méi einfach. Et gëtt eng méi spezifesch Diskussioun ëm de Fonctionnement vum SREL an denen leschte Joeren an et gëtt eng aner, méi historesch, ëm de Geheimdéngscht am Kale Krich an eng eventuell Verbindung vum SREL an dem Réseau „Stay behind“ (SB) mat der Bommeleeëraffär. Aus engem Amalgam vu Virwërf an Hypothesen géint den „historesche“ SREL , engersäits, an Constatatiounen vun Dysfonctionnementer am „aktuellen“ Geheimdéngscht, anerersäits, verlaangen Eenzelner dee Service ganz ofzeschaafen oder jiddefalls sech „ouni Viiruerteler“ oder „Tabuen“ d’Fro no senger Existenzberechtegung ze stellen.

Ech plädéieren fir d’Bäibehalen vun engem staarken an operativ orientéierten Lëtzebuerger Geheimdéngscht. Mir brauchen den als Partner an der Atlantescher Allianz, als Member an der EU an och aus Grënn vun der nationaler Sëcherheet. E Geheimdéngscht huet aner Aufgaben,  aner Methouden an aner Mëttelen wéi d’Police. E Stat därf net ob e sou wichtegt Element vu senger Secherheetsarchitektur verzichten.

Een vun de Viirwërf géint den „historeschen“ Geheimdéngscht ass dat hien Leit „bespëtzelt“ hätt. Verschiddener vun denen déi observéiert goufen fillen sech als Affer a verbreeden hir Wouerechten zu dem Thema säiteweis an eise Medien. Ech si perséinlech frou dat – zum Beispill – d’Memberen vun där fréierer „Ligue communiste révolutionnaire » (LCR) am Kale Krich observéiert goufen.  D’LCR wor eng trotzkistesch Organisatioun – ën Del vun där sougenannter marxistescher « 4ter Internationaler“. Déi trotzkistesch Iwwerzeegung wor déi vun enger permanenter Revolutioun an zwar méiglechst gläichzäiteg an alle Länner op der Welt („Internationalismus“) den sech doduerch vun där stalinscher Doktrin vum „Sozialismus an engem Land“ ënnerscheed huet. Ideologesch gesinn woren déi Herrschaften vun der LCR also fir eng Revolutioun och hei am Land – dat sinn Methouden déi net grad compatibel mat der westlecher Opfaassung vun Demokratie sinn. Kommunistesch Militanten a Sympathisanten  woren a priori susceptibel fir am Fall vun engem Ugrëff vum Warschauer Pakt kënnen als „5. Kolonn“ ze operéieren a mat de Besatzungstruppen ze collaboréieren. Dat si politesch observéiert gi sinn fannen ech, am Interessi vun eiser Demokratie an der nationaler Sëcherhet, fir richteg. Dat Verschiddener lo fuerderen de SREL ofzeschaafen richt nom Versuch vun enger spéider Revanche géint dee Système den de Kale Krich gewonnen huet. Et ass och net oninteressant fir ze gesinn, wou déi Herrschaften no der Opléisung vun der LCR sou higaange sinn, respektiv haut nach sinn: ët fënnt een se besonnesch bei denen Lénken, denen Gréngen an de Kommunisten. Ech erënneren och un den Artikel „déi Lénk an hir Frënn“ op dësem Blog.

De SREL hat och eng wichteg Aufgab bei der Ofwier vun der sowjetescher an/oder anerer Spionage, respektiv bei der Géigespionage souwäit dat méiglech wor. Mir si jo an denen leschten Deg duerch verschidden Archivdokumenter nach eemol drunn erënnert ginn, wéi geféierlech déi staark sowjetesch Präsenz zu Lëtzebuerg an där Hinsicht vun eisen Alliéierten ageschätzt ginn wor.

Wat d’Affär Bommeleeër uget, gëtt et menges Wëssens kee Beweis vun enger Verbindung tëschent dem deemolegen SREL oder dem SB an de Bommeleeër. Déi Zeienausso vun engem däitsche Staatsbierger an dem Contexte huet mech bis elo net kënnen positiv beandrocken a scho guer net iwwerzeegen.  Dem Här Direkter Hoffmann seng Aussoen wéi och déi Nofro vum belsche Geheimdéngscht un eist Land fir géint Leit aus där lénker Szen am Contexte vun der Affär Bommeleeër wéinst engem méigleche Verdacht op terroristesch Aktivitéiten ze enquêtéieren, weisen éichter an eng aaner Richtung, also konkret op eng Nët-Bedeelegung vum lëtzebuerger SB hin. Mol kucken, wat d’Enquête nach sou brengt ..

Dat et an dem „aktuelle“ SREL leider Problemer gëtt, ass onbestridden. Ech denken awer net, dat e President vun enger Geheimdéngschtkontrollkommissioun an Member vun enger  Enquêtekommissioun soll seng Iwwerzeegungen an engem Dossier  publik  maachen fir den hien mat verantwortlech ass, ier de Rapport vun senger Commissioun virläit. Ech selwer si net Member an där Enquêtecommissioun iwwer de SREL.

Jiddefalls sinn déi Problemer vum SREL wahrscheinlech relativ liicht ze léisen a keen Argument fir de Geheimdéngscht ofzeschaafen. Eist Land brauch sou e Schutzmechanismus. Et gëtt eng Grondwouerecht an der Geschicht: d’Zäiten änneren, an wann mir och haut an Europa an enger relativ friddlecher Zäit liewen, sou kann sech dat méi séier änneren wéi een méngt. Wéi d’Réimer scho soten: Si vis pacem para bellum.

 

 

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein, Lëtzebuerg, Politik veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert