D’Lag vun der Natioun

Déi Ried vun de Moien huet enttäuscht. Dat soen ech mat Sëcherheet net, well ech an der Oppositioun sëtzen an lo hei eng Flichtübung muss maachen. Nä, vill Problemer vum Land goufen mol net ugeschwat. An virun allem muss een sech bewosst sinn, dat bal all d’Problemer vun dësem Land hausgemaach sinn, vum Här Juncker a séngen Regirungskolleegen.

Am Interessi vun der Iwwersiichtlechkeet ënnerscheeden ech fënnef Problemberäicher, déi, menger Meenung no, d’Lag vun der Natioun beschreiwen:

1. D’Finanzen

Déi zwou grouss aktuell Erausfuerderungen, also den automateschen Informatiounsaustausch an d’Wechfalen vun der TVA aus dem elektroneschen Handel, sinn allen zwou vum Här Juncker perséinlech negociéiert ginn. Déi zwou Konzessiounen woren enorm politesch Feler, denen hir Auswierkungen un d’Fëllementer vun eiser Finanzplaatz, respektiv vun eiser Budgetsstabilitéit ginn. E Premier den en europäesche Federalist ass, ass e schlechten Négociateur wann et et em eis national Interessen geet. Zëmools dann, wann en selwer och nach europäesch Carrièresambitiounen huet, respektiv deemools hat. U sech ass eise Premier lo just mat de Konsequenzen vun sengen eegenen Feelleeschtungen confrontéiert. Dat kann geschéien, wann een vill ze vill laang um Pouvoir ass. Leider musse mir all dofir bezuelen, an net nëmmen hien.

Den Här Juncker huet de Moien seng riiseg Budgetsdefiziter probéiert schéin ze rechnen. Bei de Fonctionnementskäschten vum Stat gesäit hien keen Sputt méi fir ze spueren. Do sinn ech fundamental aanerer Meenung. Am Staatsbudget ass en enormen Spuerpotential, et muss een just de Courage hunn fir e Politikwiessel. Dee Wëllen an dee Courage huet dëss Regierung awer net. Si kann just Geld ausginn an zu dem Zweck Steieren erhéigen. Dat ass den  einfache Wee. Woubäi och nach muss gesot ginn, datt d’Erhéigung vun der TVA eng onsozial Moossnaam ass. Dee richtege Wee wär et ze spueren a verantwortungsvoll mat de Steierbezueler hire Suen ëmzegoen, Dëss Regierung huet awer bewisen, dat si grad dat net kann.

Jiddefalls kënnegt de Premier eng Weiderféierung vun der Defizitpolitik un. Dat ass eng onverantwortlech Politik zu Laaschten vun denen zukünftegen Generatiounen! Besonnesch als klengt Land, kënnen an därfen mir eis keng Scholdepolitik leeschten.

2. Institutiounen an Demokratie

De Premier huet vum SREL a vun de Bommeleeër geschwaat. Mä dat sinn beileiwen net eis Haaptsuergen an dem do Beräich. Mir hunn strukturell Demokratiedefiziter an eisen Institutiounen (z.B. am Wahlrecht, beim Staatsrot, etc…) an vill Problemer an der Justiz (Verfaassungsgeriicht, Onofhängegkeet). Eng Verfaassungsreform ass amgaangen a wichteg Propositiounen fir Reformen an der Justiz goufen op den Dësch geluegt. Villes leeft dobäi an déi falsch Richtung. Zu denen Froen, déi vill méi fundamental a vill méi aktuell sinn wéi d’Affär Bommeleeër, gouf awer de Moien keen Wuert gesot.

Och déi permanent Souveränitéitsverlagerungen a Richtung Europa, zum Beispill am Budgetsrecht, menacéieren eis Demokratie, schwächen d’Parlament an ënnergruewen eis Souveränitéit.

3. Famill a Moral

Eis Gesellschaft leid ënnert der systematescher Schwächung vun der Famill. Mir hunn en demographeschen Defizit bei de Lëtzebuerger. Gläichzäiteg stierwen hei am Land bis zu 2.000 Kanner am Joer duerch Ofdreiwungen – mam Segen vun der CSV déi viru kuerzem e Gesetz gestëmmt huet, dat d’Ofdreiwungen liberaliséiert. Lo soll och nach en Homo-« Bestienis » ageféiert ginn, inclusiv engem  Adoptiounsrecht. Vun de « Kannerrechter » komme mir leider wech an entwéckelen eis an ëmmer méi an eng Richtung wou e « Recht op e Kand » ageféiert gëtt. D’Institutioun vum Bestietnis gëtt verfälscht an d’Kanner kréien Schrëtt fir Schrëtt d’Recht op e Papp an eng Mamm an gläichzäiteg op eng novollzéibar Filiatioun wechgeholl. Wat an dëser Legislatur nach net an dem Sënn realiséiert gëtt, dat kënnt dann eben an där nächster.  Déi véier Parteien CSV, LSAP, DP a Gréng sinn eng sou onverantwortlech wéi déi aaner. Si « genderen » eis Gesellschaft an zerstéieren bewosst a viirsetzlech déi traditionnell Famill.

Net vergiess ass d’Aféierung vun der Euthanasie vun där jo lo schonn vun denen Rouden a Gréngen proposéiert gëtt, fir och behënnert Kanner an Demenzkranker an Zukunft dovun « profitéieren » ze lossen. Wann een se dowéinst kritiséiert lafen se aus der Chamber raus, an déi Blo gläich mat. Gleich und Gleich gesellt sich gern.

4. National Identitéit

Déi selwecht véier Parteien hunn sech op hir Fändelen geschriwwen fir déi lëtzebuergesch Natioun progressiv opzeléisen. Mat all Gesetzesännerung an dem do Beräich, gëtt eis Nationalitéit ëmmer méi bradéiert. An dem neien CSV- Gesetz iwwer eis Nationalitéit gëtt de  Sproochentest zu engem Kompensatiounshappening. Leit déi sech 20 Joer laang net wëllen integréieren a refuséieren eis Sprooch ze léieren, kréien geschwënn zur Belounung e lëtzebuerger Pass. Genee sou därfe bei eis Leit déi déi Lëtzebuerger Nationalitéit mol net wëllen Buergermeeschter oder Schäffe ginn.

D’Aféierung vum Wahlrecht fir Auslänner ass eng Moossnam vun denen déi mannst sech Gedanken iwwer déi mëttel- a laangfristeg Konsequenzen maachen. Jiddefalls bleiwe mir dann net méi wat mir sinn, mä mir ginn zu dem wat Aanerer aus eis maachen. Och an dem do Beräich sinn déi véier Parteien sech eens. Alleng d’ADR stellt sech dogéint.

Geschwënn brauche mir keng Erklärung zu der Lag vun der Natioun méi well et keng Lëtzebuerger Natioun méi gëtt. Fir déi lénk Parteien ass dat Wuert « Natioun » jo schonn knaschteg, besonnesch dann wann et sech op eis eege Natioun bezitt. Déi Ausstellung op den Dräi Eechelen iwwer eis national „Identitéiten“ huet jo och als Zweck fir eis national Identitéit ze niéieren.

An firwat ass bei eis am Land eng Ried zu der Lag vun der Natioun ëmmer virun allem eng Ried iwwer d’Staatsfinanzen? Si sinn ganz sëcher e wichtegen Deel vun eiser Lag awer nach laang net den eenzegen. Eis Souveränitéit, eis Institutiounen, d’Zukunft vun eiser Natioun an d’Famill als Kärzell vun der Gesellschaft, iwwerall si mir krank, iwerall stinn mir virun de Schierbelen vun der Politik vun de Juncker-Joren. Déi vill Problemer vun eiser Gesellschaft  droen eng Ennerschrëft : déi vun der CSV!

5. Schoul

Iwwer den Démontage vun eiser Schoul bräicht ech hei net méi vill ze soen. Vu Joer zu Joer léieren eis Kanner manner. D’Ofschaafen vun eiser Primärschoul an d’Schaafung vun enger „Grondschoul“ wor an ass eng Katastrof an och de Lycée soll elo zu enger Sozialklinik ginn amplaatz nes de Wee a Richtung vun enger Bildungsanstalt ze fannen. Den Här Juncker huet  haut a senger Ried dat de-facto-Enn vun eiser Dräisproochegkeet an de Schoulen ugekënnegt, also och vun där Besonnerhet an eiser Gesellschaft. Domat entfällt e ganz wichtegen Deel vun eiser nationaler Identitéit an et entstinn nei Problemer an där – souwisou wackeleger – Kohäsioun an eiser Gesellschaft. Den Démontage vun eisem Schoulsystem ass eng vun de Konsequenzen vun enger joerzéngtelaang  inexistenter Integratiounspolitik op Basis vun der lëtzebuerger Sprooch.

Ech wënsche mir näicht méi wéi d’Enststoen vun enger staarker konservativer Stréimung am Land, déi mat der Politik vun denen leschten Joerzéngten grëndlech opraumt. Dreemen därf een jo nach.

Dieser Beitrag wurde unter ADR, Allgemein, Lëtzebuerg, Politik veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert