Här Juncker, Scholden därf een net schéin rechnen!

Entschëllegt, mä aus Roserei an Enttäuschung muss ech nach eemol op d’Declaratioun zur Lag vun der Natioun zréck kommen. E groussen  Del vu senger Ried huet den Här Juncker dofir benotzt eis riiseg Staatsscholden schéinzezerechnen. Mat alle méiglechen Argumenter: Investitiounen, Fuerschung, d’Schoul etc…  Trotz aller staatsministerlecher Niwwelrhetorik sinn d“Tatsaachen awer ganz einfach: d’CSV, d’LSAP an och schonn d’DP virdrunn hunn enorm Defiziter am Staatsbudget ze verantworten an eis Scholdelaascht klëmmt a klëmmt. Déi Parteien sinn nët capabel ze spueren, net capabel Prioritéiten ze setzen, net capabel verantwortungsvoll mat de Steierbezueler hire Suen ëmzegoen.

Keen vun eis wees haut, wat den Här Juncker do wou a wéi mat verrechent huet. Sinn bei den Investitiounen an d’Education nationale ieren och d’Gehaltserhéigungen vun de Schoulmeeschteren mat agerechent ginn? An déi enorm Bürokratie an eise Schoulen? Zielen zu de „Fuerschungsausgaben“ och déi héig intellektuell Aarbechten vun der Uni Lëtzebuerg iwwer d’Lara Croft? Naturwëssenschaftlech a mathematesch  Fuerschung a Grondlagefuerschung an applizéiert Fuerschung an Zësummenaarbecht mat eise Betriber sinn eppes ganz aanecht wéi verschidden blamabel Pabeierbierger déi zum Beispill aus dem pädagogeschem Beräich vun der Uni kommen.  Fuerschung a Fuerschung ass nun eemol zweeërlee – wëssenschaftlech, economesch a finanziell.

Lo kann een natierlech ausnahmsweus an ënner ganz speziellen Conditiounen Scholden maachen – kuerzfristeg a wann absolut néideg – fir produktiv Investissementer an haaptsächlech wirtschaftsfrëndlech an zukunftsorientéiert Infrastrukturen ze finanzéieren. Awer fir lo einfach egal wat als produktiven Investissement duerzestellen ass – so mer mol –  d’Wouerecht staark iwwerstrapazéiert.

Dee grousse Prinzip ass awer den hei: Scholden reduzéieren d’Handlungsfähegkeet vum Stat, si ënnerminéieren eis Souveränitéit a belaaschten déi nächst Generatiounen. Si sinn einfach nëmme Gëft! Gesond Finanzpolitik heescht en ausgeglachene Budget. An aanecht wéi den Här Staatsminister denken ech, dat enorm vill Sputt am Staatsbudget ass, an dat een ganz liicht kann spueren – an zwar ouni wierklech sozial Häerten.

Leider wärt ech kaum d’Geleeënhet kréien fir dat ze beweisen, well dat d’Leit der ADR  2014 géngen déi absolut Majoritéit ginn wär zwar schéin, richteg a vernënfteg mä et ass nun eemol kuerzfristeg net ze erwaarden. Mä dësst Verspriechen maachen ech trotzdem gär an aus voller Iwwerzeegung: ech maache keng Scholdepolitik. Ech sinn och iwwerzeegt, dat d’ADR dat an hire Wahlprogramm schreift. D’ADR hat iwwregens och als éicht Partei fir ë bëllege Wahlkampf plädéiert an anerer sinn an der Tëschenzäit nokomm, wat nëmmen ze begréissen ass.

Hei ass nach e Reportage vun der ARD zum Thema Scholden. Et muss een net alles an dësem Reportage gutt fannen, mä et ass awer interessant en ze kucken:

http://mediathek.daserste.de/sendungen_a-z/799280_reportage-dokumentation/9798848_die-story-im-ersten-die-welt-auf-pump?datum=20120312

Dieser Beitrag wurde unter ADR, Allgemein, Lëtzebuerg veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert