Welt online huet sech haut zu Recht opgereegt, dat et an Däitschland kee Protest gëtt, géint dat wat dem Här Minister de Maizière geschitt wor. Hien sollt op der Berliner Humboldt Universitéit e Viirtrag iwwer d’Bundeswehr halen, a gouf vu lénken „Aktivisten“ dorun gehënnert.
Ech wëll just zu Protokoll ginn, dat ech mech prinzipiell net gär an aanere Länner hir Saachen amëchen, wann Lëtzebuerg net betraff ass. Wär ech awer en däitsche Politiker, dann geng ech selbstverständlech protestéieren.
Eis lénk Matbierger zu Lëtzebuerg – woubäi déi jo u sech „Lëtzebuerg“ just als e geographesche Begrëff gesinn – sinn awer genee sou ontolerant an demokratiefeindlech wéi hir däitsch Kumpanen. Ech erënneren just drunn dat d’Wahlparty vun der ADR am Joer 2009 vun lénken Aktivisten ënnerbrach a gestéiert gouf.