D’Tiirkei gehéiert net an d’EU!

D’lëscht Woch hate mir den tiirkeschen Europaminister, den Här Egemen Bagis, zu Besuch. Am Laf vu séngem Séjour huet hien eiser  Regirung Merci gesot, an et ass wierklech  interessant fir dat ze ënnersträichen, fir hiren « soutien inconditionnel », hir « bedéngungslos » Ennerstëtzung fir d’Tiirkei bei de Bäitrëttsverhandlungen  mat der Europäescher Unioun.

Do kann een sech iwwer den Här Asselborn alt nes nëmme wonneren. D’Tiirkei ass e Land an dem d’Mënscherechter mat engem ganz kléngen « m » geschriwwen ginn. Sëcher gouf et e puer Progrèsen an denen leschte Joeren. Mee d’Kurdefro, zum Beispill, ass fir Ankara just e « problème terroriste »  an den armenesche Genocide gëtt nach ëmmer stur niéiert.  D’Meenungsfräiheet an d’Fräihet vun der Press sinn an dem Land staark menacéiert. D’Chrëschten därfen hir Relioun net fräi ausüben. Géint d’Zoustänn an der Tiirkei sinn déi  Problemer an Ungarn ganz butzeg kléng. Just iwwer Ungarn regen mir eis – zu Recht – op, bei de Problemer an der Tiirkei ass den Här Asselborn awer offensichtlech vollkommen blann.

D’Tiirkei besetzt militäresch e groussen Del vum EU-Memberstat Zypern. Si verletzt déi griichesch Souveränitéit ëmmer nes. Den Här Erdogan a seng Administratioun hunn ganz ausgezeechent Bezéieungen zu där terroristescher Organisatioun Hamas. E groussen Del vun denen illegalen Immigranten an d’EU kommen iwwer d’Tiirkei. D’Tiirkei violéiert zënter Joeren den sougennanten « Ankara-Protokoll » an erlaabt et zyprioteschen Fligeren a Schëffer nach ëmmer net fir tiirkesch Häfen oder Flughäfen ze benotzen..

Den Här Asselborn dreemt, wann hien set, dat eng EU mat enger Tiirkei eng staark EU wär. Wien déi tiirkech Diplomatie erlieft huet, den wees dat d’Tiirkei eng reng Muecht- an Interessepolitik bedreift. D’EU geng duerch déi tiirkech Vehandlungsmentalitéit net méi staark, mee am Contraire komplett handlungsonfäheg ginn. Dat Land ass demographesch vital, militäresch staark, economesch an voller Entwécklung. Et wär – am Fall vun engem Bäitrëtt – secher een vun denen dominanten Staten an der EU, wann net schonn direkt mat den wichtegsten. Leit aus der Tiirkei gengen ganz séier a villen, wann net an allen EU-Länner progressiv en ëmmer méi wichtegen Del vun der auslännescher Communautéit bilden. Wéi schéin, dat d’Tiirken dann och hei zu Lëtzebuerg kënnen mat bei de Chamberwalen wielen goen!!! Dat erfreet an inspiréiert dann bestëmmt och eis däitsch Noperen an et assuréiert eis déi éiweg Dankbarkeet vum Här Erdogan an der AKP déi jo och ganz speziell Vueën zum Thema Integratiounspolitik vertrieden.

Da seet den Här Asselborn, d’Tiirkei wär eng Bréck tëschent der westlecher an der islamescher Welt. Dat ass sou ën hallef reliéist Argument. Abee dorop äntwerten ech dann, dat ech léiwer en Europa hunn, dat sech kloer an eendeiteg op eng jüdesch-chrëschtlech Kultur a Waerteuerdnung berifft. Ech sinn zwar och fir eng « europäesch » oder eng « westlech » Tiirkei, am Sënn vun enger  demokratescher Tiirkei. Mee vum Islam sinn ech net an dem Moos begeeschtert, dat ech geng mengen fir zu där Relioun missen institutionnaliséiert Brécken ze bauen. Dat ass eng Saach vun engem interreliéisen Dialog oder nach besser vun enger chrëschtlecher Missioun.

Den Här Bagis wëll net, dat d’Léisung vun der Zypernfro zu engem « prérequis » fir den tiirkeschen EU-Bäitrett gëtt, et wär jo och keng fir den zyprioteschen Bäitrëttt gewiescht. Just mat dem klengen an absolut onbedeitenden Ennerscheed, dat d’Tiirkei Zypern besetzt an net ëmgekéiert….

Souguer de « Lëtzebuerger Journal » huet sech den 2. März 2013 doriwwer opgereegt, dat den Här Erdogan den « Zionismus » an de « Faschismus » op ee Niveau setzt. De Journal set: « Nein ! Diese Türkei hat in der EU nichts zu suchen. » Dat ass ëmsou méi interessant wéi d’DP sech ëmmer nes fir en tiirkeschen EU-Bäitrëtt ausgeschwat huet. Do wär eng Klärung vun der Positioun vun der DP ganz secher nëtzlech.

Der ADR hir Positioun, an och meng perséinlech, sinn jiddefalls kloer. D’ADR ass géint en tiirkesche Bäitrëtt well si mengt, datt dat eng tierkesch Adhesioun dat politescht, institutionellt a kulturellt Wiesen vun der Unioun geng zerstéieren. Ech denken, dat déi aktuell Bäitrëttsverhandlungen kee Sënn hunn a sollten ofgebrach ginn.

Et kann een mat der Tiirkei – fir de  Fall wou si mat der Occupatioun vun Zypern opgehaalen hätt,  d’Mënscherechter an d’Rechter vun de Minoritéiten geng respektéieren, d’Relatiounen mat Griichenland a mat Israel geng normaliséieren, asw… –  eng privilegiéiert economesch Partnerschaft a Form vun enger enker Associatioun aushandelen. Wichteg ass och déi militäresch Partnerschaft mat der Tiirkei. Allerdéngs muss d’Tiirkei domadder ophalen wichteg Accorden tëschent der EU an der NATO ze bloquéieren.

Dem Här Asselborn seng Positioun zur Tiirkei  – „soutien inconditionnel“ – ass eent vun denen onverantwortlechsten Kapitelen vu senger Baussepolitik. Fir déi tiirkesch Ennerstëtzung zu där onnéideger lëtzebuerger Memberschaft am UNO-Sëcherheetsrot huet hien d’Credibilitéit vun enger lëtzebuerger Politik zu Gonschten vun de Mënscherechter muttwëlles verspillt.

Och an der Tiirkei-Politik hunn d’Lëtzebuerger Wieler 2014 eng kloer Alternativ : wen géint en tiirkeschen EU-Bäitrëtt ass, den muss der ADR seng Stëmm ginn, well all aner Parteien hunn sech bis elo däitlech fir dee Bäitrëtt ausgeschwat.

Am Kader vun den humoristeschen Bäiträg op där „Konservativer Säit“, hei d’Meenung vun där däitscher, grénger Politikerin  Claudia Roth iwwer d’Tierkei:

 

 

Dieser Beitrag wurde unter ADR, Europa an d'Welt, Lëtzebuerg, Politik veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert