Scharia am Familljerecht?

Eng vun dene villen Uersaachen firwat ech géint d’Homosexuelle-« Bestietnis » sinn, ass dat ech virun all Verännerung vun der Definitioun vun der Institutioun vum Bestietnis warnen. Op verschiddene Plazen  hat ech schonn dorop opmierksam gemaach, dat all Opweechung vun där Institutioun kann zu Konsequenzen féieren, déi net eisem « Ordre public » entspriechen an och net vun enger Majoritéit vun der Populatioun géngen akzeptéiert ginn. Niewebäi gesot, sinn ech och iwwerzeegt, dat och dat aktuell geplangten Homo- « Bestietnis » keng Majoritéit an der Bevölkerung fënnt, zemools net wéinst dem Adoptiounsrecht.

Et gëtt an all Gesellschaft eng Rei vun, virun allem, lénken Intellektuellen déi um Demontage vun eiser traditionneller, jüdesch-chrëschtlech geprägter Gesellschaft interesséiert sinn. D’Immigratioun, de Multikulturalismus an zum Deel och déi bewosste Förderung vun de net-chrëschtleche Reliounen sinn hir Instrumenter fir hir Ziler ze erreechen. Déi Oppenheet an d’Toleranz vun eiser westlecher Gesellschaft ginn zu Waffen fir hir Zerstéierung ëmfonctionnéiert. De forcéierte Pluralismus soll eis eege Kultur mat hire moraleschen Wäerter fir t’éicht relativéieren an dono neutraliséieren.

Als Beispill fir sou Entwécklungen zitéieren ech haut mol e Beispill aus der Schwäiz. An der Schwäizer Zäitschrëft « Die Weltwoche » vum 21. Juli 2011 stoung en Artikel mam Titel « Scharia für die Schweiz, Professoren und Richter anerkennen Minderjährigen-Heirat und Vielehe ».

D’Universitéit vu Freiburg an d’Universitéit vun Zürich an do virun allem den « Center for Islamic and Middle Eastern legal studies » (Cimels) haten do e Kongress organiséiert fir dofir ze plädéieren déi säkular Familljerechtsuerdnung an der Schwäiz fir « aner reliéis-kulturell Konzeptiounen opzemaachen ». D’Rechtsuerdnungen vun den Immigratiounslänner sollten denen verschiddenen « Liewensentwërf » gerecht ginn an der « Pluralitéit an der Gesellschaft » Rechnung droen, dat Ganzt am Numm vun der « kultureller Sensibilitéit ». Upassen sollen sech net d’Awanderer, mee d’Awanderungsgesellschaften.

Geschéien soll dat duerch d’Integratioun vun islamesche Normen an déi Schwäizer Rechtsuerdnung an hannerfrot gëtt besonnesch « ob es gerechtfertigt ist, die christlich-bürgerliche Vorstellung der Ehe als monogame, auf Lebenszeit geschlossene und umfassend institutionalisierte Verbindung von Mann und Frau durch die Nichtanerkenneung anderer Eheformen auch im internationalen Kontext durchzusetzen. ».

Iwwer de Wee vum Internationalen Privatrecht, wéinstens an enger éichter Phas, sollen also virun allem d’Polygamie, d’Bestietnis mat Mannerjähregen an duerch Stellvertriedung geschlosse Bestietnisser unerkannt ginn. Och e Bestietnis dat net op der Gemeng mee virun engem Imam geschloss gouf, soll unerekannt ginn. Wann och do – lo mol – just bei Bestietnisser déi am Ausland geschloss goufen. An der Schwäiz kënnen polygam Bestietnisser am Ierfrecht scho berücksichtegt ginn, genee sou och beim Familljennozuch oder der Fammiljenzësummeféierung zum Beispill bei unerkannten Asylanten oder aneren Persounen mat engem Bleifrecht.

Interessant ass och, dat déi lenk Kreeser déi sou Entwécklungen virundreiwen, dat dacks mam Argument vun de Mënscherechter  vun den Immigranten maachen. Polygamie als Mënscherecht ? Solle mir hei am Westen sou e Recht unerkennen ? Meng Meenung dozou ass natierlech Neen !

Et gëtt iwwergens kee forcéiert an eis westlech Länner anzereesen an wen wëll véier Fraen oder véier Männer hunn (polygam/polyandresch/hetero/homo/lesbo, wéi och ëmmer), den soll dat dann soss entzwuerch maachen.

Mat grousser Suerg gesinn ech dat hei am Land déi parlamentaresch Kommissioun déi sech ëm d’Revisioun vun der Verfaassung këmmert, proposéiert, dat de « mariage civil » net méi ëmmer muss virum « mariage religieux » stattfannen. Das ass e Schrëtt a Richtung parallel Rechtsuerdnungen a parallel Gesellschaften hei am Land. Mir musse kloerstellen, dat e Bestietnis hei am Land nëmme kann unerkannt a rechtswierksam sinn, wann e « mariage civil » ofgeschloss gouf. Alléng déi Lëtzebuerger Gesetzer am Fammilljerecht oder vu vergläichbaren Rechtsuerdnungen sollen hei gëllen an applizéiert ginn!

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein, Europa an d'Welt, Lëtzebuerg, Politik veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert