Et wor net keen… mee wor et de « Stay behind » ?

Wann een sou am Auto d’Neiegkeeten  lauschtert, da mengt ee bal de Geheimdéngscht oder jiddefalls mol  de « Stay behind » wäre schonn secher als Bommeleeër identifizéiert… Un  där Theorie hunn ech awer meng Zweifelen. Firwat ? Ma well ech mir méi Froen stellen, wéi ech Aentwerte fannen. Ier ech e puer vu mengen Froen opschreiwen, ginn ech awer léiwer direkt zou, datt ech bei wäitem kee Spezialist vum Dossier sinn an u sech net wäit wech vum Wëssensstand oder, besser gesot, Onwëssensstand vum Duerchschnëttslëtzebuerger leien. Un mengen Iwwerleeungen kann also sou munches oder och alles falsch sinn. Ech hat just – zu menger perséinlecher Erënnerung un déi Zäit – dat Buch « Et war net keen » vun denen Hären Remesch an Hamus gelies. Hinnen e grousse Merci fir déi Aarbecht!

Am Ablack hu mir zwou « Stay behind » Theorien :

a)      Thes « CIA » vum SREL, déi am Joer 2006 der Regirung presentéiert gouf. Déi Thes schéngt och doduerch eng gewësse Glaafwierdegket ze hunn, wëll zwee Amerikaner an d’WSA  agebrach woren an d’Arméi eng Rei vu Manöveren mat amerikaneschen « Special Forces » gemaach hat, dorënner « Eisléck 84 » an « Eisléck 85 ».  Am Kader vun denen Manöveren sinn Sabotageaktiounen trainéiert ginn.

b)       Thes « Cello », presentéiert vun engem däitschen Historiker den als Zeien am Prozess opgetrueden ass. Den Zeien konnt awer net jiddereen iwwerzegen an seng Aussoen ginn am Abléck iwwerpréift.

Dozou hunn ech dëss prinzipiell Bemierkungen:

–          Fir de Fall wou et effektiv eng « Stay behind »-Connection am Dossier « Bommeleeër » géif, misst een genee Vergläicher (Attentater, Methodik, Opklärung, eventuell auslännesch Bedeelegung) mat denen Evenementer déi am ongeféier selwechten Zäitraum an aneren europäesche Länner stattfonnt hunn, maachen. Ob et am Prozess nach zu sou Aussoen a Vergläicher kënnt, wees ech natierlech net.

–          Fir de Fall wou en auslänneschen Geheimdéngscht bedeelegt gewiescht wier, egal ob den CIA oder de BND, misst an denen respektive Länner no Spuren gesicht ginn, souwuel an Regierungsquellen, wéi och bei denen concernéierten Déngschter selwer, wéi och bei denen respektiven parlamentareschen Kontrollkommissiounen. Normalerweis hätt eis Regirung missen direkt sou eng Enquête bei eisen amerikaneschen Frënn ufroen, nodems de SREL gemengt hat, de  CIA kéint (mat)verantwortlech fir d’Attentater sinn. Ass dat am Joer 2006 geschitt?

–          Och Geheimdéngschter hunn « Standing Operating Procedures », « Rules of Engagement », etc… Bei Operatiounen an alliéierten Staten kann et sinn, dat déi respektiv Regirungen mussen informéiert ginn. Wéi eng lëtzebuerger Ministeren géngen fir den Zäitraum a Fro kommen ? Wéi eng Ministeren woren an eisem nationalen Sëcherheetscomité?  Ech fannen, niewebäi gesot, dat d’Regierung extrem lues op déi repetitiv Déifställ vu Sprengstoff reagéiert huet.

Wat wären d’Motiver fir d’Attentater gewiescht ? Bis elo hunn ech zwee méiglech Motiver héieren.

(a)    Et wär drëm gaangen de Budget vun der Gendarmerie an der Police ze erhéigen

(b)   Et sollt am Kale Krich e Klima vun Onsëcherheet geschaf ginn, wat dann och nes zu enger Oprëschtung geng féieren.

Wéi eng Tätergruppen kommen a Fro ?

Et ass mat Sëcherheet dovun auszegoen, dat d’Attentäter vill Insiderwëssen haten, souwuel iwwer d’ « Forces de l’Ordre », wéi iwwer verschidden Verwaltungslokalitéiten (wéi et zum Beipill den Déifstal vun de Batterien an enger Schreifmaschinn weist) an och iwwer aner wichteg oder sensibel Lokalitéiten an der Stad an Emgéigend.

(a)    D’Brigade mobile : déi Thes geet dovun aus, dat eng constituéiert Unitéit vun der Gendarmerie, notamment d’BMG, sech praktesch als kriminell, verschworen Grupp déi Attentater hätt afale loossen wéinst Motiv (a). Dat halen ech fir total onrealistesch. Et entsprëcht mat Sëcherheet net der Mentalitéit vun sou enger Unitéit fir op eemol « d’Säiten ze wiesselen » a geschlossen kriminell Akten ze maachen. Déi perséinlech Risiken fir déi eenzel Memberen vun där Unitéit (Prisong, ruinéiert Carrière) wären vollkommen disproportionéiert par rapport zum Sënn vun der Operatioun gewiescht. D’Diskretioun iwwer e laangen Zäitraum wär och net ze garantéieren.

(b)   Stay behind : Souwäit mir wëssen, wor de Lëtzebuerger Stay behind keng Sabotageorganisatioun, mee fir Observatiounen, Infiltratioun, Exfiltratioun etc. zoustänneg. Déi Leit woren also weder forméiert nach equipéiert fir Attentater duerchzeféieren. Et hätt och iwwerhaapt kee Sënn gemaach fir ausgerechent Leit vollkommen onnéidegen  Risiken auszesetzen, déi mussen fir hir éicht a wichtegst Missioun kënnen ze erfëllen an der absoluter Clandestinitéit bleiwen.

(c)    D’Regierung dementéiert, dat et nach en aneren lëtzebuergeschen, méi militäreschen « Stay behind » ginn hätt. Ech kennen keen eenzegen Géigebeweis, also gleewen ech dat lo mol. Et schéngt ausserdem och logesch, dat d’Regirung vläicht keen sou e Service hei am Land wollt, well sou Aktiounen am Krichsfall d’Populatioun kéint méi massiven Repressalien ausliwweren

Fir mech ass déi Hypothes vun enger Grupp vun auslänneschen Attentäter, déi Hëllef vun engem oder méi Lëtzebuerger Insider haten, net onwahrscheinlech. Si géng ënner anerem erklären, firwat iwwer e laangen Zäitraum keng Indiskretiounen geschitt sinn. Am Fall wou d’Regirung sollt Bescheed gewosst hunn, bleift awer  d’Fro ob déi Hëllef vu Lëtzebuerger Insider vun uewen autoriséiert war oder net.

Eng perséinlech Aschätzung vun den Täter.

D’Organisatioun vun den Déifställ vu Sprengstoff bis hin zu der Organisatioun vun den Attentater huet eng gutt Organisatioun, eng konsequent Plangung a logistesch Versteesdemech verlaangt. Wen hat zum Beispill Insiderwëssen iwwer de Sprengstoff an de Carrièren ? Wou ass de geklaute Sprengstoff verstoppt ginn?

D’Täter haten och, wéinstens e puer vun hinnen, passabel bis anstänneg Wëssen iwwer d’Fabricatioun vun einfachen Sprengsätz (Zünder, Batterien, Längt vun der Schnouer, Staerkt vun der Charge).

Trotzdem, ech halen déi Attentater vum militäreschen Standpunkt hier fir onprofessionnell, onseriös an onethesch.

Onprofessionnell :

Et sinn eng Rei vu Feler geschitt. Sollt zum Beispill den gesprengte Bam wierklech en « Training » oder en éichten Test  gewiescht sinn, da geng ech mengen, datt den Emstand, wéi och déi am Ufank falsch ubruechten Chargen un de Poteauen drop hiweisen, dat et keng anstänneg trainéiert militäresch Trupp war, also och keen CIA oder Stay behind. Sou Réseauen ginn op militäreschen Uebungsplazen anstänneg op hir Missiounen viirbereed fir se professionnell auszeféieren. Dat do wor awer zum Deel Gepiddels.

Onprofessionnell wor och, dat e puer mol méiglech Bommeleeër gesi goufen. Dat si och nach zimlech selbstbewosst opgetruede sinn an net ëmmer probéiert hunn sech ze verstoppen oder onerkannt ze bleiwen, weist éichter a Richtung auslännesch a net-militäresch Täter. Etr ass e normalen a wichtegen Del vun enger militärescher Kommandoaktioun fir sou wäit wéi méiglech ongesinn an onerkannt ze bleiwen.

Onseriös :

Et gëtt zwou Zorten vun Attentater : déi, déi am Kader vun de Motiven (a) oder  (b) ë Sënn erginn an dann anerer déi – am militäresche Sënn – einfach nëmmen  lächerlech sinn (Notaire, pensionnéierten Offizéier). Falls dat do sollt eng gesteiert militäresch Operatioun gewiescht sinn (CIA, BND, Stay behind), da wär se iergendwéini vollkommen ausser Kontroll geroden. Dat awer ass absolut onwahrscheinlech, wëll keng vun denen Organisatiounen léisst sech op der Nues rondrëm danzen. Et goufen also entweder zwou Serien vun Attentater, eng « gesteiert », an eng « wëll », oder et gouf iwwerhaapt ni eng militäresch Komponent an dat Ganzt wor dann och ni eng Geheimdéngscht-, Militär- oder Stay behind- Operatioun.

Géint iergendeng militäresch Operatioun schwätzt och déi Tatsaach, dat d’Attentäter bei engem Attentat zu Izeg an der Géigend bliwwe sinn. Wann et eng Stay behind Operatioun gewiescht wär, dann hätten d’Agenten sech missen direkt a Sëcherheet brengen.

Ech hunn den Androck dat hei dacks einfach nëmmen topesch a liichtsënneg « gespillt » ginn ass. Verschidde Leit hunn sech, wéi et schéngt, der Lëtzebuerger Force Publique haushéig iwwerleeën an sech dobäi och nach ganz sëcher gefillt.

Onethesch :

Hei denken ech virun allem u Falen a Booby-„Trap“en. Keen Offizéier den och nëmmen hallefweees säi Stär verdéngt huet an och nëmme nach e Brochdel vu sengem Verstand huet, hätt jemools kommandéiert fir a Friddenszäiten, op alliéiertem Terrain, am Kader vun enger Sabotageaktioun am Sënn vu  Motiv (a) oder (b), eng Fal géint alliéiert Sëcherheetskräften  ze leeën. Wär sou eppes kommandéiert ginn, dann wär dat e Fall fir e Krichsgeriicht, an net een fir e normalt, zivilt Geriicht.

Déi Booby-Trap ass fir mech e Beweis, dat et keng Militäroperatioun wor, mä eng vun zivilen, verantwortunsglosen Kriminellen.

Conclusioun :

Haut den Owend, nodem ech de Radio gelauschtert hunn, denken ech also éichter de Géigendel vun den Affekoten an de  Journalisten: keen Militär, keen Stay behind, mee e gutt organiséierten, relativ arroganten zivile Grupp, den eventuell gär para-militäresch optrëtt – wahrscheinlech an hirer ganz grousser Majoritéit keng Lëtzebuerger. Vläicht wor Lëtzebuerg fir si en agreabelt Trainingsfeld – mat enger klenger, kribbeleger Gefor fir erwëscht ze ginn, mee awer kenger grousser. Vläicht woren et och Leit déi sech hei op reell terroristesch Aktiounen an hirem eegene Land wollten viirbereeden.

Ech sinn gespaant wat déi nächst Deg bréngen, zum Beispill am Dossier « Cello » an am Dossier « CIA ». Vläicht muss ech meng eegen Iwwerleeungen revidéieren, vläicht awer och net…

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein, Lëtzebuerg veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert