Gréng Moral: Inzest a Pädophilie

Mir wëssen jo mat enger Freed an mat wéi engem schlecht vertopptenem Haas, déi Gréng géint d’Kathoulesch Kierch polemiséiert hunn, wou do eng ganz Rei vu sexuelle Mëssbrauchsfäll, och hei am Land, opgedeckt goufen. Déi kathoulesch Kierch huet op déi Entwécklungen, wéi ech mengen, ganz gutt reagéiert. Si huet mat den staatlechen Justizautoritéiten zësummegeschafft, kiercherechtlech an organisatoresch Konsequenzen gezunn, sech entschëllegt an Entschiedegungen bezuelt. Ech erkennen doran en opriichtegt Bedaueren an en éierleche Wëllen fir aus vergaangenen Feler déi néideg Konsequenzen ze zéien.  Dobäi muss ee bemierken, dat déi Mëssbrauchsfäll an der kathoulescher Kierch zum Del schonn Joerzéngten zréck louchen.

Et ass, am Vergläich,  dach ëmmer nes interessant, dene grénge Moralapostelen iwwer d’Schëller ze kucken.  Hiren Europa-Deputéierten Daniel Cohn-Bendit, den jo selwer iwwer seng pädophil Aktivitéiten mat Begeeschterung op der Televisioun erzielt huet (op dësem Blog ënner „Wou steiert eis Gesellschaft hin?“) an och an engem  Buch doriwwer erzielt huet, krut lo den „Theodor-Heuss-Präis“. ( http://de.wikipedia.org/wiki/Theodor-Heuss-Stiftung).  Et koum zu Protester an eng Rei vun invitéierten Autoritéiten sinn iwwerhaapt net op d’Zeremonie komm.

Hei en Hannergrond-Artikel aus der Frankfurter Allgemeinen Zeitung:

http://www.faz.net/aktuell/politik/die-gegenwart/cohn-bendit-erhaelt-theodor-heuss-preis-dany-im-kinderladen-12156195.html

De grénge Ministerpresident vun Baden-Württemberg, Winfried Krestschmann, huet nach e „Grusswort“ – wann och e kritescht – fir den Här Cohn-Bendit gehal an déi aner Parteien wéinst hirer Kritik dorun attackéiert:

http://www.welt.de/regionales/stuttgart/article115179944/Preis-fuer-Cohn-Bendit-Kretschmann-attackiert-CDU.html

http://www.dw.de/proteste-bei-preisverleihung-an-alt-68er-cohn-bendit/a-16760010

Et muss een sech mol viirstellen, e kathoulesche Priester, den en zimlech eendeitegen pädophilen Hannergrond hätt, kriit e Präis an de Bëchof geng och nach e „Grusswort“ halen… Onviirstellbar! Mee wat bei de Katholiken onméiglech ass, ass fir déi Gréng anscheinend iwwerhaapt kee Problem.

„Déi konservativ Säit“  freet sech natierlech ëmmer, wann si hire Lieser kann ukënnegen wat sou als Nächstes op eis Gesellschaft duerkënnt. Nom Homo-„Bestietnis“ kréie mir als éicht eng nei Inzest-Debatt. Hei e relativ rezenten Presscommuniqué (12.04.2012) vun der Bundestagsfraktion Bündnis 90/ Die Grünen zu dem Thema:

http://www.gruene-bundestag.de/?id=407924

An hei nach en héig interessant Dokument vun der „Grünen Jugend“ . och iwwer den Inzest:

http://www.gruene-jugend.de/node/15260

Mäi Bléck an d’Kristallkugel seet mir dat mir, ënnert dem Afloss vun denen Gréngen, Lénken, Piraten asw.,  lo der Rei no kréien :

1. d’Homo – „Bestietnis“ mat Adoptiounsrecht also enger  de facto Aféierung vum Recht op e Kand zu Laaschten vun de Rechter vun de Kanner

2. d’Ofschaafung vum Inzest-Verbuet

3. d’Liberaliséierung vun der Pädophilie.

An dem Zësummenhank verweisen ech op den Artikel: „Piraten-„moral“: Vive déi inzestuös Homopolygamandrie“ op dësem Blog. D’Piraten sinn jo eigentlech just eng  ë bësschen manner technologiefeindlech Fraktioun  vun denen Gréngen.

Eierlech gesot verstinn ech net, dat ausgerechent vill Pädagogen mat denen Gréngen sympathiséieren. Gréng Schoulpolitik besteet an der kompletter Destruktioun vun all Bildung, an hir Versteesdemech vun de Kannerrechter hunn ech probéiert an dësem Bäitrag kuerz ze beschreiwen. Pädagogie a Gréng sin objektiv Géigesätz. Proffen, Schoulmeeschter a Léierinnen, verloosst déi Gréng!

 

 

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein, Europa an d'Welt, Politik veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert.